Lingerie Classique – Säit 1996 erfollegräich zu Esch
Säit bal 30 Joer fënnt een zu Esch de Lingerie Classique. Wat hire Papp, den Nico Ewen deemools ugefaangen huet, féiert d’Joelle Ewen elo säit 15 Joer weider. Mat ville verschiddene Produiten wéi Dages- an Nuetswäsch, suergt Lingerie Classique fir de perfekte Confort bei hirer Clientèle.
Eppes fir jiddereen
„Lingerie Classique ass e Buttek fir jiddereen, jonk an al, Fra a Mann, an egal wéi een Typ vu Persoun“, seet d‘Joelle. Hei fënnt een deemno alles wat Ënnerwäsch ass am wäite Sënn, vu Soutiene bis Pyjamaen, Joggingen a Strëmp. Confort steet hei op éischter Plaz. Verschidden international Marken an eng grouss Varietéit u Produite suergen dofir, dass jiddereen hei dat Richtegt fënnt. „Falls mär mol eppes net op der Plaz hunn, da bestelle mär dat och gäre fir eis Clienten“, erzielt d’Joelle weider.
Dat Wichtegst
De Service um Client ass och ganz wichteg bei Lingerie Classique. „Eise Service um Client ass e fundamentalt Element vun eisem Buttek. Déi meescht Clientë kommen dann och direkt op eis duer wann si erakommen. Si hunn eng Iddi oder wësse scho wat si wëllen. Da kommen si op eis duer a mär kënnen hinnen déi Produiten weisen, déi am beschte bei si passen“, erkläert d’Joelle. Sou ginn d’Clienten direkt gutt beroden a fannen dat wat si brauchen. „Eis Clientèle ass ganz léif a virun allem ganz fidèle. Si kucken nom Confort a ginn dann och gären eppes dofir aus“.
E schéinen Job
Och wann den Nico Ewen den Haaptpatron vun de Geschäfter ass (si hunn nach eent zu Diddeleng), ass och d’Joelle mat Häerz a Séil dobäi. „Fir mech koum ni a Fro eppes anescht ze maachen, a fir mäi Papp och net. Et ass e schéinen Job, well de Kontakt mat de Leit ganz flott ass“, seet d’Joelle. Wien sech also wëll wuelfillen deen ass am Lingerie Classique op der richteger Plaz, an dat net nëmme wéinst hire schéinen, gemittleche Produiten. Den Erfolleg, säit 1996 zu Esch, ass e gudde Beweis dofir.