Bijouterie Jorge Silva – 25 Joer Gold, Sëlwer a méi

Bijouterie Jorge Silva – 25 Joer Gold, Sëlwer a méi
Shopping

D’Bijouterie Jorge Silva gëtt et säit 25 Joer zu Esch. Spezialiséiert op Gold a Sëlwer, kënne si säit Joren hei hire Clienten nëmmen dat Bescht ubidden. Wat d’Geheimnis vum Erfolleg ass? Dat verréit den Hugo Silva, dee sengem Papp säi Betrib viru 7 Joer iwwerholl huet.

Eng Familljegeschicht

De Jorge Silva huet 1999 seng zweet Bijouterie opgemaach. Nodeems e schonn eng éischt Bijouterie zwee Joer virdrun an der Haaptstad opgemaach hat, war et fir hie kloer wou et weidergeet: zu Esch. Säit 7 Joer leet säi Bouf, den Hugo Silva, de Betrib an ass genau esou passionéiert vum Beruff wéi säi Papp. „D’Aarbecht mam Gold a Sëlwer ass eenzegaarteg, well déi Matièren iwwer d’Zäit net u Wäert verléieren, an et ass ëmmer schéi wann d’Leit sech oder hire Léifsten eng Freed maachen“, seet den Hugo.

Gold, Sëlwer a méi

D’Bijouterie Jorge Silva ass haaptsächlech op Gold a Sëlwer spezialiséiert. „Mär verkafen och Aueren, mee eis Stäerkt ass natierlech alles wat Gold a Sëlwer ass, an och d’Reparaturen dovunner“, erzielt den Hugo. Deemno fënnt een hei och all Zorte Bijoue fir Fraen a Männer aus Gold a Sëlwer, vu Ketten a Réng bis bei Ouerréng a Braceleten ass alles dobäi. „Mär schaffen haaptsächlech mat 9 Karat an 19 Karat Gold aus Portugal – dat ass e bësse speziell. An da beim Sëlwer hu mär 925er Sëlwer, dat heescht, dat ass bal puert Sëlwer“, erkläert hien.

Eng weider Spezialitéit vun der Bijouterie si Saphiren, déi den Hugo direkt aus dem Sri Lanka importéiert an a Portugal verschaffe léisst.

D’Geheimnis

„Ee vun de wichtegsten Aspekter fir eng Bijouterie ass d’Relatioun tëschent Qualitéit a Präis“, seet den Hugo. Fir deen ze assuréieren, keeft hien zum Beispill méi eng grouss Quantitéit u Réng, déi da vun engem Designer a Portugal extra fir seng Bijouterie gestalt ginn. Esou kann den Hugo gläichzäiteg en optimale Präis an eng héich Qualitéit garantéieren. Nieft de schéine Bijouen, ass awer natierlech och de Service Après-Vente ganz wichteg.

Esou mécht d‘Bijouterie Jorge Silva dann och all méiglech Reparaturen, mat der Ausnam vu Fassungen, déi si net selwer maachen. Dem Hugo säi Monni mécht dobäi alles wat mam Feier geschweesst muss ginn, sou wéi een dat traditionell kennt. A ganz detailléiert Aarbechte mécht den Hugo selwer mat engem spezielle Laser.

25 Joer zu Esch

„Eis Spezialitéit sinn halt Réng, mee mär hu vun allem a fir jiddereen“, seet den Hugo. Och fir d’Feierdeeg hu si eng grouss Selektioun an de Virdeel, dass si vill Gréissten hunn, respektiv d’Gréisst kënnen am Atelier upassen. Dat ass wichteg wann ee senge Léifsten déi falsch Gréisst kaf huet. Net nëmmen dowéinst, kënnt déi multi-kulturell Clientèle och säit Joren ëmmer erëm, mee och wéinst dem gudde Präis-Leeschtungs Verhältnis.

Wien also e Cadeau fir e Feierdag oder eng speziell Occasioun sicht, oder sech sëlwer wëll eng Freed maachen, deen ass an der Bijouterie Jorge Silva, sécher op der richteger Plaz.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom