Black Weekend – Shopping mat exklusiven Offeren

Black Weekend – Shopping mat exklusiven Offeren
Shopping

Et gi vill Grënn en Dag oder e Weekend zu Esch-Uelzecht ze verbréngen. Den Escher Blog stellt Iech an dëser Rubrik reegelméisseg een dovunner vir. Dëse Weekend ass de Black Friday ugesot. E Rendez-vous, deen sech an de leschte Joren zu engem Highlight fir Akafsbegeeschterter entwéckelt huet.

Ursprung

De Begrëff Black Friday kënnt aus den USA a steet a Verbindung mat engem wichtegen Datum am Novemberkalenner: Thanksgiving, deen ëmmer um leschte Donneschden am Mount gefeiert gëtt. Den Dag drop, de Freiden, markéiert den Black Friday den Ufank vun der Chrëschtakafssaison. Haut gëtt dëse speziellen Shoppingdag weltwäit gefeiert, an och zu Esch huet de Black Friday säi festent Plaz am Joreskalenner fonnt.

Zu Esch

De Freiden, den 29. November, ass et erëm souwäit! Mee zu Esch gëtt net nëmme Freides gefeiert, mee dëse Shoppingevent zitt sech iwwer de ganze Weekend. Vill Butteker bleiwen och e Sonnden, den 1. Dezember, vun 14:00 bis 18:00 op, sou datt Dir och um Sonnden déi beschten Deals fanne kennt. Besonnesch praktech: Fir de Shopping nach méi agreabel ze maachen, ass de Parking bei der Place de la Résistance an um Hôtel de Ville gratis.

Sou kënnt Dir a rou duerch déi charmant Butteker am Stadzentrum trëppelen.

Eng Villfalt u Shopping Méiglechkeeten

Esch-Uelzecht bidd en diverse Mix u Geschäfter, wou een ëmmer erëm op eenzegaarteg Produkter stéisst. Ob Moud, Dekoratioun, Bijouen oder kulinaresch Spezialitéiten , do ass fir all Gout eppes dobäi. Vill lokal Geschäfter bidden exklusiv Artikelen un, déi een net iwwerall fënnt. D’Geheimnis vun engem perséinlechen a besonnesche Cadeau läit also direkt virun der Dier.

An dobäi ënnerstëtzt Dir mat all Akaf och déi lokal Geschäftsleit, déi mat vill Léift a Passioun hir Produiten zu Esch ubidden.

Festlech Stëmmung an der Stad

Nieft de ville Shoppingméiglechkeeten kann een dëse Weekend och déi schéin Dekoratiounen am Zentrum bewonneren. De ganze Stadkär ass festlech beliicht mat Chrëschtdagsbeliichtung a villem méi, wat fir eng besonnesch gemittlech Ambiance suergt. A net ze vergiessen: De Chrëschtmaartmecht dëse Freiden, den 29. November, erëm seng Dieren op!

Mee dat ass nach net alles! E Sonnden, den 1. Dezember 2024, zitt de beléifte Cortège de Saint-Nicolas duerch d’Stad a versprécht e ganz besonnescht Erliefnes. Dësen Highlight start um 14:30 op der Place de la Résistance an zitt sech duerch d’Uelzechtstrooss bis op d’Place de l’Hôtel de Ville. Do, géint 16:30, fënnt déi traditionell Verdeelung vun de Saint-Nicolas-Tuten statt. D’Kanner kënnen sech op eng generéis Verdeelung vu séisse Leckereien a frësche Boxemännchen freeën. Eng Geleeënheet, déi fir Stëmmung a glécklech Gesiichter suergt!

Fir all déi, déi eppes Besonnesches fir sech oder fir hir Léifste siche wëllen, ass den Escher Black Friday Weekend eng exzellent Geleeënheet. Et ass net nëmmen d’Versprieche vun de villen Offeren, mee och déi speziell Atmosphär, déi e Besuch am Stadzentrum esou attraktiv mécht. Esou gëtt dëse Weekend zu engem onvergiesslechen Erliefnes fir Grouss a Kleng.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom