Den Escher Krëschtmoart ass erëm do!
Den Escher Krëschtmoart ass erëm op a begeeschtert wéi ëmmer mat Iessen a Gedrénks, feierlecher Stëmmung a verschiddenen, spannende Stänn vun all Zort.
Wéini a wou?
Ab dem 29. November um 12:00 Auer mëttes ass de Krëschtmoart op an dat bis e Sonndeg, den 22. Dezember inclus. D’Auerzäite sinn all Dag vun 12:00 Auer mëttes bis 22:00 Auer, woubäi verschidde Stänn och ab 20:00 Auer kënnen zoumaachen. Erfarungsgeméiss sinn d’Iess- a Gedrénksstänn awer méi laang op, meeschtens bis kee méi do ass. Muer, den 29. November, ass dann och déi offiziell Erëffnungszeremonie mam Buergermeeschter a mam Schäfferot um 19:00 Auer, a kuerz drop offréiert d’Stad Esch e Stéck Stollen a e Glühwäin.
Et lount sech also dobäi ze sinn. Natierlech ass jiddereen awer schonn ab 12:00 Auer häerzlech invitéiert, well ab do ass alles op!
Animatioun
Freides, samschdes a sonndes si, wéi schonn déi lescht Jore, verschidde Bünenanimatioune virgesinn. D‘Zäite vun dësen Animatioune si freides a samschdes vu 16:00 bis 21:30 Auer a sonndes bis 19:30 Auer. Verschidde Bands suergen hei fir déi richteg musekalesch Atmosphär. De Büneprogramm fënnt een dann och op explore.esch.lu an op de soziale Medie vun der Stad Esch, wou ee virun all Weekend eng entspriechend Publikatioun fënnt.
Besonnesch ze bemierken eis hei den Ëmzuch vum Kleeschen, deen den 1. Dezember stattfënnt a bei deene méi Klenge sollt fir vill Freed suergen.
Stänn a méi
Ganzer 24 Stänn fënnt een dëst Joer um Krëschtmoart. Bei hinne fënnt ee sécher fir all Goût eppes. Vun de Klassiker wéi Stollen a Glühwäi bis bei déi verschidde Verkafsstänn wou een nach e Cadeau oder eng Dekoratioun ka fannen an zum Beispill engem traditionelle Karussell fir d’Kanner, ass hei alles dobäi. Do lount et sech op allefalls eng Kéier kucken ze kommen. Den Escher Krëschtmoart ass all Joer erëm en Highlight vun der Saison wou sech d’Escher gären treffen an een ëmmer e kënnegt Gesiicht gesäit. Loosst Iech déi wonnerbar Wanterstëmmung also net entgoen a kommt bis laanscht!
Den Escher Blog verëffentlecht reegelméisseg en Tipp fir de Weekend an dëser Rubrik. War dësen Tipp näischt fir Iech, da kuckt Iech déi aner Tipps an der Rubrik un oder kuckt déi nächst Woch nach eemol eran.