Pop-Up Esch am Dezember – De Geheimtipp

Pop-Up Esch am Dezember – De Geheimtipp
Shopping

Den Dezember ass bekanntlech eng Zäit wou vill Leit op der Sich no Cadeaue si fir hir Léifsten oder och fir sech selwer. Zu Esch ginn et eng Hellewull u Geschäfter mat de verschiddenste Produiten. Wien awer eppes ganz Spezielles sicht, deen ass am Dezember am Pop-Up zu Esch sécher op der richteger Plaz.

Handgemaach

Verschidde kleng Betriber an eenzel Händler bidden am Pop-Up hir Wueren un. Dobäi fënnt ee besonnesch schéin handgemaache Produiten. „We are Craft“ bitt eng ganz Rei Artikelen un, déi vun diverse Kënschtler hiergestallt ginn. Dëst si kleng Konschtwierker wéi kleng Figuren, Tasen, Käerzestänner oder Bijouen. Op der anerer Säit gëtt et „Nana’Selections“. Hei fënnt een och Bijouen, mee och Pochen, Stoffer oder Änleches aus italieenesche Manufakturen, déi ganz nohalteg schaffen.

Exklusives

Weider geet et da mat „Luminaires“, déi extravagant an edel Luuchte ubidden. Och dës sinn handgemaach, zum Beispill aus Stoffer mat schéine Motiver a mat engem Stänner aus Malachit. Op Ufro kritt een hei esouguer Objeten op d’Mooss gemaach, wéi een sech se wënscht. Vis-à-vis am Pop-Up ass dann e weideren edele Stand vun enger anerer Zort ze fannen: „Marlina“. Kaviar an exklusiv Ueleger fir ze kache stinn hei um Programm.

Direkt niewendrun bei „Speedoux Gourmand“ fënnt een och nach Spezialitéiten aus Italien – ideal also fir Leit déi an der Kiche gäre speziell Platen zauberen.

Fir Kanner

Wien eppes fir déi kleng sicht, dee fënnt eppes bei „Gili Closet“ am Pop-Up. Si bidde Kleeder fir Kanner a verschiddenen Designen un, fir dass och déi ganz Kleng mat Stil fir d’Feierdeeg ënnerwee sinn. Dobäi kommen och nach e puer Spillsaachen, fir dass si sech och net langweile wann déi grouss un d’Bûche ginn. Fir déi e bësse méi al, gëtt et den „K-Shop“. Dëse waart mat Exklusivitéiten aus Süd-Korea op Visiteuren an ass besonnesch fir Fans vum K-Pop déi richteg Adress.

Hei fannen si CDen, Bicher an all méiglech Fan-Artikele vun hire Liblingsbands.

Opmierksamkeet

Zu gudder Lescht hu mär dann nach „Denicheuse“ an „Spiritual Mindset“ am Pop-Up. Bei „Denicheuse“ fënnt ee virun allem Bijouen, mat deenen een haaptsächlech sengem Partner kann eng kleng Opmierksamkeet schenken, déi ee soss néierens fënnt. „Spiritual Mindset“ op hirer Säit bitt Käerzen, Bicher a weider Accessoiren un, mat deenen een sech virun allem spirituell erhuele kann. Sou steet der Rou no de Feierdeeg och näischt méi am Wee.

De Pop-Up Esch ass deemno am Dezember (awer net nëmmen dann), den absolutte Geheimtipp, fir jiddereen deen nach e Cadeau sicht, sech selwer wëll eng Freed maachen, oder einfach just virwëtzeg ass wat et do alles esou Spannendes ze entdecke gëtt.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom