D’Fielmann Mark aus Däitschland kennt hautdesdaags bal jiddereen. 2006 sinn déi zwou éischt Filialen zu Lëtzebuerg opgaangen an domat och déi zu Esch. Säitdeem iwwerzeege si duerch hire Service, déi grouss Offer u Brëller an déi abordabel Präisser.
Zu Esch etabléiert

Wéi Fielmann sech zu Lëtzebuerg wollt etabléieren, war fir si kloer dass och zu Esch – der zweetgréisster Stad am Land – eng Filial net dierft feelen. Nieft der Stad Lëtzebuerg, ass hei dunn ee vun den éischte Standuerter entstanen. Hautdesdaags beschäftegt de Standuert Esch 15 Persounen, dorënner Verkeefer, Optiker an och ëmmer erëm Jonker an der Ausbildung.
„Mir verkafen net nëmme Brëller, mee maachen se och selwer op der Plaz hei an eisen Atelieren“, erkläert d’Daniela Keller, säit 2006 mat dobäi a Gerante vun der 15 Persoune staarker Ekipp vu Fielmann Esch.
Brëller an dat wat dozou gehéiert

Bei Fielmann fënnt een hir eege Mark u Brëller, déi besonnesch wéinst hiren attraktive Präisser ganz beléift sinn. Dobäi kommen awer nach eng ganz Panoplie u bekannte Marken aus alle Präis-Segmenter. Dat nämmlecht gëllt och fir Sonnebrëller mat UV-Schutz, déi een och mat Brëlleglieser ka kréien. Dobäi ass et egal ob de Brëll fir Dammen, Hären oder Kanner ass, tëschent den Honnerte vu méigleche Modeller fënnt jiddereen eppes.
A falls een emol nei Glieser fir säi Gestell brauch, da mécht Fielmann dat och.
Déi richteg Berodung

D’Daniela selwer huet iwwer säin eegene Brëll de Wee zum Optikerberuff fonnt. „Ech krut e Brëll wéi ech jonk war an hunn dat interessant fonnt. Wéi ech dunn eng Ausbildung wollt maachen, sinn ech dohinner gaange wou ech mäi Brëll krut hat,“ erkläert hatt. Him gefält et besonnesch de Leit ze hëllefen an si ze berode fir dass si richteg gesinn an dobäi och nach gutt ausgesinn. Dëst ass och bei Fielmann ganz wichteg, wou de Service op éischter Plaz steet.
„Mir schwätzen och ganzer 9 Sproochen sou dass mer sou vill wéi méiglech Leit kënnen hëllefen, dorënner iwwregens och Gebäerdesprooch,“ seet d’Daniela.
De komplette Service

Wien e Brëll brauch, dee fënnt bei Fielmann Esch sécher säi Gléck. De grousse Choix vu Gesteller an alle Präiskategorien, déi kompetent Berodung a verschiddene Sprooche vun der ganzer Ekipp, an déi familiär Atmosphär sinn déi grouss Atoute vum Fielmann Geschäft an der Uelzechtstrooss. „Fir d’Mark Fielmann ass et och wichteg hei zu Esch vertrueden ze sinn, an der gréisster Akafsstrooss vum Land. Eis ass et wichteg no un den Aendokteren ze sinn a virun allem un eise Clienten,“ erkläert Daniela.
