Orthopédie Felten – Fir Äert Wuelbefannen
Orthopédie Felten – Fir Äert Wuelbefannen
„Äert Wuelbefannen ass eise Beruff.“ Dëse Saz ass net nëmmen de Motto, mee och d‘Philosophie, déi Orthopédie Felten zënter 155 Joer lieft. Gegrënnt als Familljebetrib vun der Famill Felten am Joer 1870, huet d’Entreprise sech iwwert Generatiounen en Numm am Beräich vun der Orthopédie gemaach. Virun 12 Joer gouf den Traditiounsbetrib du vun der Famill Kugener iwwerholl, déi de Buttek mam selwechten Engagement a Fachwëssen an d’Zukunft féiert.

Vun der Stad Lëtzebuerg aus huet sech Orthopédie Felten iwwer d’Joren ausgebaut an ass haut mat véier Filialen am Land eng fest Gréisst a sengem Beräich. De Buttek zu Esch ass e wichtege Pilier an der Entwécklung vun der Mark. „Den Här Kugener, de Patron, huet ëmmer den Wonsch gehat, e Buttek zu Esch opzemaachen – net nëmme well e vun Esch kënnt, mee well d’Stad eppes Eenzegaarteges huet,“ erzielt d’Lynn Kugener, Responsabel vun de Butteker an Duechter vum Patron.
„Zu Esch sinn d’Leit oppen, familiär an et gëtt vill Interaktioun tëscht de Geschäfter a Clienten.“
Héichwäerteg Produiten a Sur-Mesure

Mee Orthopédie Felten ass méi wéi just e Buttek – et ass eng angeneem Plaz, wou Mënsche mat Péng, Gläichgewiichts- oder Mobilitéitsproblemer personaliséiert Hëllef a Léisunge fanne kënnen. „D’Leit, déi bei eis kommen, hunn dacks eppes wéi. Eis Aufgab ass et, datt se ouni dës Péng aus dem Buttek erausspadséieren.“

„Mir schaffen enk mat Dokteren a Physiotherapeuten zesummen, fir sécherzestellen, datt mir Produiten ubidden, déi wierklech hëllefen. Dofir setzt d’Entreprise op héichwäerteg Produiten, eng professionell Berodung an individualiséiert Léisungen – vu personaliséierte Schong an orthopedeschen Einlage bis hin zu Kompressiounsstrëmp, Bandagen a souguer Protheesen.
Méi wéi just funktionell – innovativ a spannend
Virun allem orthopädesch Schong hunn vill Succès: „Déi meescht Clientë mierken direkt den Ënnerscheed, wa se se undoen. A wann een ee Puer keeft, kënnt een dacks fir en zweet zeréck!“

Orthopedesch Schong mussen awer net ëmmer wéi Gesondheetsschong ausgesinn. „Mir wëllen, datt och jonk Leit mat Verletzungen oder chronesche Problemer eppes fannen, wat hinne gefält. Et muss net ëmmer deen typeschen orthopedesche Look sinn.“ Dofir gëtt bewosst op modern Designs a frësch Faarwe gesat.
Een Team mat Know-how

Hannert Orthopédie Felten stécht eng Equipe vun 21 Spezialisten – Orthopedisten, Techniker, Comptabelen, Beroder a Verkeefer, déi hire Beruff all mat Passioun ausüben. „Mir investéieren an eis Mataarbechter – well nëmme wann si gutt ausgebilt sinn, kënne mir eise Clientë wierklech hëllefen.“

Dofir ginn et reegelméisseg Formatiounen, direkt am Haus oder a Kooperatioun mat den neisten orthopedeschen Technologien. Alles, fir dass d’Equipe ëmmer um neiste Stand ass. Esou kann séchergestallt ginn, datt d’Clientë keng Standardléisungen, mee déi bescht méiglech Behandlung fir hir spezifesch Besoine kréien.
… an och e bësse Wellness

Nieft de klasseschen orthopedesche Produiten huet Orthopédie Felten och e Beräich fir Wellness a Selbstfleeg: Massagegeräter, Fousscrèmen an aner Gesondheetsproduite maachen d’Offer nach méi breet a suergen dofir, dass jiddereen eppes fënnt, fir sech selwer a säi Kierper ze entspanen.
Mat engem familiäre Buttek, enger perséinlecher Berodung an engem héichqualitativen an diverse Sortiment ass Orthopédie Felten also eng Adress, op déi ee sech verloosse kann.