Maison Steffen – Vu Metzlertraditioun a kulinarescher Exzellenz

Wann ee vu lëtzebuergescher Metzlertraditioun schwätzt, da kënnt een net laanscht de Groupe Steffen. Wat 1989 zu Stengefort als kleng artisanal Metzlerei vum Jos Steffen gegrënnt ginn ass, ass haut e renomméierte Betrib mat enger breeder kulinarescher Offer.

Säi Fils an aktuelle CEO vum Grupp, den Tom Steffen huet dës Rees säit senger Kandheet materlieft: „Wéi mäi Papp de Betrib gegrënnt huet, war ech dräi Joer al. Dat heescht, ech hunn net direkt mat ugepaakt, mee et war ëmmer en Deel vu mengem Liewen.“

Haut ass de Groupe Steffen net just eng traditionell Metzlerei, mee en dynamesche Betrib, deen sech iwwer d‘Jore weiderentwéckelt huet. „Mär wollte bei eiser Handwierkstraditioun bleiwen, mee eis och an nei Richtunge beweegen,“ erkläert den Tom. Haut ëmfaasst de Grupp sechs Metzlereien, de Steffen Traiteur, dräi Restauranten an zwee Takeout-Standuerter an der Stad.

Fir d’éischt koum d’Hamesalzerei derbäi, wou haut nach traditionell Lëtzebuerger Hamen hiergestallt ginn. Dunn ass de Traiteur entstanen, deen haut vu klengen, private Feierlechkeete bis zu grousse Gala-Dinneren alles ofdeckt. „Mär wëllen eis Clientë wärend hirem ganze Liewe begleeden – vun der klenger Familljefeier am Gaart bis zum groussen Event mat 2000 Leit,“ erkläert den Tom Steffen.
Esch – e wichtege Standuert

2013 huet de Groupe Steffen d’Ouverture vun hirem Geschäft zu Esch gefeiert, nodeems si d’Metzlerei vun engem laangjärege Client an Handwierkskolleeg iwwerholl hunn. „Déi méi kleng Metzlereien hunn et ëmmer méi schwéier, all hir Produiten nach selwer ze produzéieren. Dofir hunn mär schonn zënter Jore matenee kooperéiert. Wéi d’Geleeënheet komm ass, war et fir eis logesch, d’Metzlerei zu Esch ze iwwerhuelen.“

D’Escher Clientèle huet de Groupe Steffen och ganz séier an d’Häerz geschloss. „Jiddwer Stad a jiddwer Quartier huet seng eege Besoine – dat hunn mär séier verstanen. Eis Missioun ass et, eis unzepassen an ze verstoen, wat d’Leit wëllen.“ D’Multikulturalitéit an d’Liewegkeet vun Esch hunn dem Tom Steffen besonnesch gefall, och well hie selwer e puer Joer laang hei gewunnt huet. „Esch ass eng oppen a buedemstänneg Stad, d’Leit sinn direkt a léif, an et ass eng Stad mat vill Geschicht a Charakter.“
Qualitéit als Prioritéit

D‘Philosophie vum Groupe Steffen ass kloer: Qualitéit steet ëmmer am Mëttelpunkt. „Lokal Produite sinn eis immens wichteg, mee net op Käschte vun der Qualitéit. Wann e bessere Produit just e puer Kilometer hannert der Grenz ze fannen ass, dann huele mer deen. Et geet drëms, eise Clienten dat Bescht ze bidden.“

Ee vun hire prestigiéiste Produiten ass d‘Lysanto-Ham „Dëst ass e Produkt mat enger richteger Handwierkstraditioun – eppes, wat iwwer Joren an iwwert Generatioune perfektionéiert gouf.“ Donieft sinn och hir hausgemaachte Wäinzossissen, Rouladen a Gehacktes bekannt a beléift.
Wat bréngt d'Zukunft?

De Groupe Steffen bleift och permanent a Beweegung. „Mär sinn ëmmer um Iwwerleeën, wéi mer eis weider entwéckele kënnen.“ Nei Rezepter kommen, aler ginn eventuell ersat, jee no Wonsch vun de Clienten.

A wat de Standuert zu Esch ugeet? „Et goufe vill Rumeuren iwwer d’Zukunft vun eisem Buttek hei. D’Gebai huet de Proprietär gewiesselt, mee mär sinn ganz frou, dass mer eis Plaz an der Stad Esch behale kënnen. Eis Clientë kënne sech also weider op eis verloossen!“
De Groupe Steffen bleift domadder eng wichteg Referenz fir héichwäertegt Metzlerhandwierk a gastronomesch Exzellenz zu Lëtzebuerg – an natierlech och zu Esch.














