LOF Oldtimer Brunch – E Must fir all Oldtimer-Fans


Auto-Fans opgepasst! Den LOF Oldtimer Brunch ass zeréck a fëllt och dëst Joer den Escher Zentrum mat der Nostalgie vun historeschen Autoen. De 27. Abrëll 2025 verwandelt sech d‘Uelzechtstrooss an en Treffpunkt fir Oldtimer-Begeeschterter aus der ganzer Regioun an doriwwer eraus.

Fir déi véiert Editioun versprécht d‘Evenement en Dag voller Leidenschaft, gudder Gesellschaft a kulinareschem Genoss. Organiséiert vun der Maison de Coiffure et de Beauté ByTun zesumme mat der Lëtzebuerger Oldtimer Federatiou (LOF) a mam Kiwanis-Club Esch/Uelzecht, steet net nëmmen d‘Passioun fir klassesch Gefierer am Mëttelpunkt, mee virun allem d‘Leit, déi dës Léift mateneen deelen.
„Et ass kee klasseschen Oldtimer-Treff, dee mir all zwee Joer organiséieren, et ass e Brunch, e Moment fir zesummenzekommen a sech auszetauschen,“ erkläert den Tun, ee vun den Organisateuren. „Mir wëllen net nëmmen d‘Autoen an de Virdergrond stellen, mee virun allem d’Leit, déi dës Passioun liewen.“
Wat steet um Programm?
De Programm versprécht e flotten an ofwiesslungsräichen Dag. Moies um 9 Auer geet et lass mat engem gemittleche Kaffi a frësche Mëtsche beim Tun sengem Coiffeurssalon an der Uelzechtstrooss. „Et ass dee perfekte Start an de Dag. D‘Leit kommen, drénken e Kaffi, schnëssen e bësse mateneen, an da fänkt de Spaass eréischt richteg un.“ Kuerz drop, géint 10 Auer, gëtt dann de Grill ugefaang, wou de Kiwanis-Club e leckere Barbecue ubidden, natierlech fir de gudden Zweck.

De ganzen Dag iwwer kann ee sech Honnerte vun Oldtimer ukucken, mat anere Sammler a Passionéierte schwätzen oder einfach déi eenzegaarteg Atmosphär genéissen. „Jiddwereen ass wëllkomm, och déi, déi selwer keen Oldtimer hunn. Vill Leit komme just fir d’Stëmmung, an dat ass och gutt esou!“ Bei flotter Musek an enger relaxer Stëmmung kënne sech d‘Visiteuren ënnert d‘Leit mëschen, eppes iessen an drénken an dat eent oder anert flott Gespréich féieren.

All Gefier, dat méi wéi 25 Joer al ass, ass wëllkomm – egal ob Auto, Motorrad, Trakter, Militärgefier oder souguer al Bussen. „Se musse just fueren!“ seet den Tun mat engem Laachen. „Et ass egal, ob den Auto perfekt restauréiert ass oder d’Liewen e gezeechent huet – esou laang e rullt, ass e wëllkomm!“
D’Geschicht hannert dem Brunch
D’Geschicht vum LOF Oldtimer Brunch geet op e glécklechen Zoufall zeréck. „Et war eigentlech eng spontan Iddi. Ech hunn e puer Clienten, déi an der Oldtimer Federatioun aktiv sinn, an dunn hu mir einfach mol probéiert, eis Iddi ëmzesetzen. Ufanks war et just eng kleng Reunioun mat Kaffi a Mëtsche viru mengem Buttek. Mee vun Editioun zu Editioun ass d’Evenement ëmmer méi grouss ginn,“ erzielt den Tun.
Bei der éischter Editioun am Joer 2017 ware ronn 300 Oldtimeren ausgestallt. Bei der leschter Kéier waren et der scho 500 Stéck! Déi komplett Uelzechtstrooss – vun der Gemengeplaz bis bei d‘Brillplaz – war mat klassesche Gefierer dekoréiert. „D’Leit froen ëmmer erëm: ,Wéini ass déi nächst Editioun?‘ An et ass schéin ze gesinn, wéi d’Begeeschterung vun de Leit all Kéier méi grouss gëtt.“
Den Tun huet zwar selwer keen Oldtimer, mee hien erzielt: „Mäi Mann huet sech inspiréiere gelooss an huet sech zwou Deux-Chevauxë kaaft – eng normal an eng Acadiane – déi kleng Camionnette-Versioun.“ Hien huet se deelweis selwer restauréiert, an zanterhier ass dat eng richteg Passioun ginn.
„Bei modernen Autoe gëtt alles vu Computer gesteiert. Bei engem Oldtimer kanns de nach mat deene richtege Mëttele selwer schrauwen, an dat mécht et esou spannend.“
Iwwerraschungen a legendär Momenter

Déi vergaange Joren hu gewisen, dass den LOF Oldtimer Brunch och ëmmer fir iwwerraschend Momenter suergt. Den Tun erzielt: „Eng Kéier hate mir souguer en engleschen Doppeldecker-Bus dobäi. Ech hat schrecklech Angscht, dass en net duerch d’Strooss passt an en Daach matrappt, mee et ass alles gutt gaangen!“

D’Organisateure vum Event betounen, dass d’Zougangsstroosse kloer signaléiert sinn an dass de Passage fir d‘Noutdéngschter ëmmer fräi bleiwe muss. „Mir wëllen, dass jidderee Spaass huet, mee d‘Sécherheet geet vir.“

D’Gemeng ënnerstëtzt d’Evenement mat Bänken, Musek an ëffentlechen Toiletten, an den Entrée ass gratis – allerdéngs gëtt u jiddereen appelléiert, d’Reegelen ze respektéieren, sou dass all Visiteur eng flott Zäit ka verbréngen.
Den LOF Oldtimer Brunch ass also méi wéi just en Treffpunkt fir Auto-Fans – et ass eng Traditioun ginn, déi d’Mënsche vun Esch an ausserhalb zesummebréngt an d’Passioun fir Oldtimeren op lieweg Aart a Weis feiert.
Also, markéiert Iech de 27. Abrëll 2025 an Ärem Kalenner a kommt laanscht, fir dës eenzegaarteg Atmosphär ze erliewen!








