Cinzia Larose – Faarf, Stil a Perséinlechkeet


Wann ee bei Cinzia Larose an de Buttek kënnt, fënnt een sech erëm an enger Welt voller Faarwen, Blummen a Léift fir den Detail. Hanner dem Konzept steet d’Gerante Cinzia Derosa, eng passionéiert jonk Geschäftsfra, déi mat vill Häerzblutt an engem ausgepräägte Gespier fir Moud hire Buttek féiert. All Dag gëtt d‘Cinzia vu sengem Dackel Pablo begleet, deen d’Clientèle mat sengem häerzege Charme empfänkt.
„Ech wëll, dass et eng Experienz ass – d’Leit solle sech wuel fillen a gär vu mir berode ginn.“

D’Cinzia ass net nëmme Gerante a Verkeeferin, mee eng Beroderin, déi sech Zäit hëlt fir hir d’Clienten. De Buttek reflektéiert ausserdeem dem Cinzia seng Perséinlechkeet: verspillt, lieweg a stilvoll. Faarweg Blummen, duuss Téin a vill Luucht schafen eng vun de frëndlechste Shoppingambiancen an der Uelzechtstrooss.
„De Buttek representéiert mech. Et ass mäin Numm, mäi Stil – Faarwen, Blummen a Freed um Liewen.“

Hei fënnt een net déi typesch, standardiséiert Moud, mee eng Alternativ voller Liewen. Faarweg Bléiseren, Mustere mat Charakter, Stoffer, déi erausstiechen – alles dat fërdert net nëmme Stil, mee och Selbstvertrauen. Et geet dem Cinzia dorëms, de Clienten d‘Gefill ze ginn, eenzegaarteg ze sinn.
Um Puls vun der Zäit

D’Cinzia sicht seng Kollektioune mat vill Suergfalt eraus – meeschtens bei Fournisseuren, heiansdo direkt an Italien. Qualitéit spillt eng Haaptroll, genee wéi d’Gefill fir dat, wat grad „in“ ass.
„Wat een op Instagram gesäit, fënnt ee bei mir am Buttek. A bei eis kritt een net zéng Mol dat selwecht Stéck – mir wëllen, dass jidderee sech eenzegaarteg fillt.“

Déi geckeg Bléisere mat speziellen Detailer sinn am meeschte gefrot – an och d’Bijouen, déi ee selwer mat Unhänger a sengem eegenen Numm personaliséiere kann, sinn e richtege Publikumsmagnéit.
Eng laangjäreg Familljentraditioun

D’Cinzia kënnt aus enger Famill vu Geschäftsleit – seng Elteren hu selwer säit 40 Joer Kleederbutteker an der Südstad. Mee Cinzia Larose geet säi ganz eegene Wee – méi jonk, méi accessibel, an direkt um Nerv vun der Zäit.
„Ech hu gemierkt, d’Leit sichen no Saachen déi stilvoll sinn, mee bezuelbar – a genee dat bitt Cinzia Larose.“

D’Clientèle ass dofir och extrem divers: Jonker, Dammen am Beruffsalter, awer och Fraen, déi d’Famill Derosa scho laang kennen an elo bei d’Cinzia zréckkommen. Vertrauen a Qualitéit sinn hei Schlësselwierder.
Elo oder ni!
Wat haut eng etabléiert Boutique ass, huet ganz bescheide mat enger einfacher Instagram-Story ugefaangen.
„Wärend dem Lockdown hu mer net dierfen an eise Butteker verkafen – also hunn ech meng Kleeder an den Insta-Storys gewisen an d’Leit konnten iwwer Message bestellen. Duerno hunn ech hinnen se bis heem bruecht.“
Vun do un ass alles séier gaangen: Online-Shop, Pop-up, a schliisslech säit bal zwee Joer en eegene feste Standuert an der Uelzechtstrooss zu Esch. Eng Geschicht, déi weist: mat vill Passioun a Motivatioun kann ee seng Dreem erfëllen.
Esch – mat Iwwerzeegung

Fir d’Cinzia war et ni eng Fro, ob hatt seng Boutique zu Esch opmécht – mee éischter eng logesch Konsequenz vun senger Geschicht.
„Ech hu meng Wuerzelen hei. Eis Cliente sinn eis trei. Et war kloer, dass ech hei géif opmaachen.“
Hatt gesäit Esch als e Liewensraum mat Potenzial, eng Plaz, wou sech Innovatioun a Familljentraditioun verbannen.





