Studio 3 – „E Salon wéi doheem“

Studio 3 – „E Salon wéi doheem“
Bien-être

Direkt vis-à-vis vun der Escher Gemeng, huet viru Kuerzem de Studio 3 seng Dieren opgemaach. Dës Institutioun ronderëm d‘Gérante Cindy Aniceto an hire Partner Valery Monteiro ass awer keen einfache Coiffersalon. Et ass eng Plaz fir sech z’erhuelen, fir ze genéissen – a fir sech einfach gutt ze spieren.

Vum Dram zur Realitéit

„Ech hat ëmmer den Dram, mäin eegene Salon opzemaachen,“ seet d’Cindy, geléiert a passionéiert Coiffeuse. Jorelaang huet si an anere Salone geschafft, bis Si hieren Dram verwierkleche konnt.
De Valery huet si ëmmer ënnerstëtzt, an mat senger Hëllef huet d’Cindy sech getraut, hiren Dram unzegoen.

Wéi de Projet konkret Form ugeholl huet, koum eng Noriicht dobäi, déi d’Aventure nach méi bedeitungsvoll gemaach huet: D’Famill vum Cindy an dem Valery sollt sech vergréisseren. E ganz besonnesche Moment an hirem Liewen, deen hir Motivatioun nach méi gestäerkt huet. Mat vill Engagement an engem staarke Zesummenhalt ass d’Koppel mat voller Energie an dës nei Etapp gestart.

Eng Wuelfill-Atmosphär

Wat de Studio 3 esou besonnesch mécht, ass net nëmmen déi zentral Lag oder den uspriechenden Design – och wann dee mat sengen duusse Faarwen, vill Holz an enger moderner Ariichtung direkt opfält. Et ass déi Philosophie dohannert:

„Mär ass et wichteg, dass d’Leit einfach just bei eis kommen, fir séier hir Hoer schneiden ze loossen. Hei geet et ëm méi.“ Et geet ëm eng entspaant Ambiance, ëm Zäit fir individuell Berodung an Expertise. „Et soll ee sech wéi doheem fillen – eng Plaz, wou ee sech direkt wuel fillt, an de Stress hannert sech léisst.“

Och d’Sprooch spillt eng wichteg Roll an engem Beräich wéi dësem, wou perséinlech Berodung a Vertrauen entscheedend sinn: „Eis Equipe bitt Berodung a verschiddene Sproochen un – dorënner och Lëtzebuergesch. “

Qualitativ Soinen

Wat fir eng Soinen am Studio 3 benotzt ginn, spillt fir d‘Cindy eng grouss Roll. De Salon schafft exklusiv mat enger héichwäerteger Mark déi op Déiereversich verzicht. All d’Produite si vegan, enthale keng schiedlech Substanzen a si fir all Hoertyp disponibel – egal ob glat oder krauseleg, hei kritt jiddereen déi passend professionell Fleeg.

Ëmmer um neiste Stand

Fir d’Cindy an hiert véierkäppegt Team steet fest: „Mär wëllen all Wonsch vun eise Clienten erfëllen.“ Dofir bilde si sech reegelméisseg weider a bleiwen ëmmer um neiste Stand bei Techniken, Trends a Produkter. „Egal ob klassesch Frisur oder eppes Verrécktes – mär ginn op all Client an.“

„Mär wëllen an Zukunft och Ästhetik ubidden – Neel, Epilatioun, vläicht esouguer kleng Spa-Momenter.“ Alles ënnert engem Daach, fir de Clienten d‘Liewen ze vereinfachen, ze verschéineren an nach méi Komfort ze bidden.

Firwat Esch?

Fir d‘Cindy an de Valery war vun Ufank u kloer: Esch passt! „Mär hunn eis Kandheet zu Esch verbruecht – et ass eng emotional Verbindung.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom