Les favoris de … Raphael Gindt & Daniel Mac Lloyd: „Mir wëlle Konscht net just weisen, mee liewen“

Les favoris de … Raphael Gindt & Daniel Mac Lloyd: „Mir wëlle Konscht net just weisen, mee liewen“
Leurs favoris

De Raphael Gindt a den Daniel Mac Lloyd sinn net nëmmen d‘Grënner vun der Escher Konschtgalerie Kamellebuttek, mee gehéieren als jonk Konschtschafender der lieweger an opstriewender Lëtzebuerger Konscht- a Kulturzeen un. An der Rue Marcel Reuland hu si eng Plaz geschaf, wou Konscht, Kultur a Gemeinschaft zesummekommen. Fir den Escher Blog hu si sech Zäit geholl, fir eis ze verroden, wou si gären iessen, akafen oder einfach den Dag genéissen – a wat si un Esch esou schätzen.

„Zu Esch gëtt et vill méi wéi een op den éischte Bléck mengt.“

Den Escher Blog: Wat bedeit Esch fir Iech?

Raphael: Ech sinn hei opgewuess, meng Eltere komme vun Esch, meng Grousselteren och – ech hu praktesch mäi ganzt Liewen eng Bezéiung zu dëser Stad gehat. De Kamellebuttek war fréier och d‘Haus vu menger Boma, also et war quasi net d’Fro ob, mee wéi ech hei zu Esch géing ukommen. Ech hat mäin Atelier souwisou schonn am Haus vu menger Boma, well si eleng gelieft huet an all déi Plaz hat – an esou ass d’Galerie entstanen.

Daniel: Fir mech war et virun allem d’Energie an d‘Kultur zu Esch, déi mech ugezunn huet. Déi Loscht vun de Leit, eppes opzebauen, eppes op d’Been ze stellen, déi engagéiert Kulturzeen – dat war entscheedend. Esch ass einfach authentesch, mat Leit déi net just konsuméiere, mee selwer matgestalten.

Raphael: Mir wollten net an eng steif Stater Galerie, mee eng Plaz fannen, wou Konscht wierklech gelieft gëtt – a wou ee Kultur mat de Leit deelt.

Den Escher Blog: Wat ass de Kamellebuttek genau?

Daniel: Et ass vill méi wéi eng Galerie – et ass eng Plaz fir kulturellt Liewen. Mir hunn net nëmme Biller, mee och Concerten, Liesungen, Installatiounen… et soll eng Beweegung sinn, net nëmmen eng Ausstellungsfläch. Mir probéiere véier Ausstellungen d’Joer ze organiséieren an dofir invitéiere mir Kënschtler, déi entweeder Kolleege vun eis sinn oder déi mir bei anere Projeten am In- an Ausland kennegeléiert hunn, an deenen hir Projete mir weise wëllen.

Raphael: Wichteg ass: E Vernissage soll keng steif Affär sinn, wou jiddereen einfach ee Kompliment mécht an duerno heem geet. Mir wëllen dass d’Leit sech kenneléieren, dass et Echange gëtt. D‘Kënschtler si fräi ze weisen, wat si wëllen. Et geet ëm Authentizitéit.

Den Escher Blog: Wann Dir mol eng kreativ Paus aleet, wou gitt Dir da gären iessen oder eppes drénken?

Raphael: D’Brasserie Schmëdd am Ellergronn ass eng Plaz, déi vill ze wéineg bekannt ass – obwuel se direkt um Site vum Musée Cockerill läit. D’Kichen ass super, de Kader am Dall ass eenzegaarteg, an et ass ëmmer roueg. Et misst ee vill méi Reklamm dofir maachen – net nëmme fir de Restaurant, mee fir de ganze Site. Dat ass Kultur, Natur a Gastronomie an engem.“

Och mëtten an der Natur ass den The Seven Hotel um Escher Gaalgebierg, wou een immens gutt ësst. An duerno kann een am Escher Déierepark spadséiere goen. Alternativ kann een am Escher Bamhauscafé eppes drénken oder eng Klengegkeet iessen – och ee spannenden a ganz besonnesche Kader mëtten am Park.

Daniel: Fir eng besonnesch an och liicht alternativ Erfarung gi mer och gären an d’Cloud Factory. Dat ass kee klassescht Pizza-Lokal, mee eent mat engem eegene Konzept, mat Perséinlechkeet. Wann een also eemol eng méi speziell Pizza probéiere wëll, ass een do op jidde Fall richteg.

Raphael: Net wäit vum Kamellebuttek, direkt nieft der Escher Schwemm ass och de Restaurant La Promesse, e méi klassesche Bistro mat portugiseschem Touch – e bëssen ënnert dem Radar, mee mat vill Häerz an der Kichen. Dass et esou Plazen haut nach ginn, musse mer wäertzeschätzen.

An deem Sënn muss ech och ee Lokal nennen, dat warscheinlech nach e bëssen e Geheimtipp ass: de portugisesche Restaurant Welcome. Dat ass ee vun deene Beschten!

Och d’Klassiker wéi de Pitcher an de Babbocaffè sinn ëmmer flott fir e Kaffi oder e klenge Cocktail. Do fënnt ee Qualitéit an och eng Ambiance, déi passt. De Babbo huet mëttlerweil souguer seng Ausschanklizenz an huet e fantasteschen Espresso Martini op der Kaart.

Raphael: Dësen Eck vun der Stad huet sech iwwer d’Jore ganz natierlech an en Uert entwéckelt, dee lieweg ass, beléift a virun allem – authentesch. Ech mengen, et ass keng Plaz, déi wierklech geplangt gouf, mee eng déi sech aus de Leit erginn huet, déi do all Dag laanschtkommen, sech begéinen a bleiwen.

Op deem Eck fënnt een einfach alles: Och nach de Snack Istanbul, wou ee séier kann e Kebab iesse goen an de Barbershop Old Bell by Marc Weisen.

Daniel: An dann natierlech den Drupi’s! D’Wäibar an der Uelzechtstrooss ass eng Plaz, déi mir immens gutt gefält. Et ass alles kleng, gemittlech an eenzegaarteg – mat enger Terrass mëtten an der Akafsstrooss.

An och d’Bäckereie wëlle mer net vergiessen. Jos & Jean-Marie ass eng flott Adress, besonnesch fir Bretzelsonndeg. Mee d’Villfalt vu Bäckereien zu Esch ass einfach bemierkenswäert.

Den Escher Blog: A wou gitt Der am léifsten akafen, fir d’Feierdeeg zum Beispill?

Raphael: Wann et ëm originell Kaddoe geet: d‘Librairie Diderich direkt vis-à-vis vum Babocaffè. Dat ass fir mech de Kultbuttek schlechthin! Do fënns de ëmmer eppes Besonnesches, sief et fir Gebuertsdag, Chrëschtdag an all aner Geleeënheeten. An déi Leit, déi do schaffen, déi maachen dat mat Häerzblutt an dat mierks de och!

Daniel: Den Novea-Blummebuttek um Eck bei der Escher Schwemm ass och eng flott Adress, an dann natierlech déi vill kleng Butteker, wou een d‘Gesiichter kennt – déi maachen Esch aus.

Den Escher Blog: A wat fir kulturell oder sozial Strukture sinn Iech als Konschtschafender besonnesch wichteg?

Daniel: Mir hu vill mat der Escher Schwemm zesummegeschafft an och mat der Kufa. Et ass ëmmer eng onkomplizéiert, kreativ Zesummenaarbecht. Do spiert een: Jiddereen zitt un engem Seel.

D’Kufa huet ausserdeem säi Bistro, d’Ratelach, wou ee richteg gutt a gemittlech eppes drénke goen a Leit begéine kann.

Raphael: D’Galerie Schlassgaart ass och eng flott Plaz, déi ganz einfach mam Vëlo oder zu Fouss ze erreechen ass, mat engem flotte Wee bis dohinner.

Den Escher Blog: Wat wënscht Der Iech fir d‘Stad Esch?

Raphael: Vläicht méi Visibilitéit fir Plazen, déi net direkt op der Haaptstrooss leien. Plaze wéi den Ellergronn sollte kee Geheimtipp bleiwen.

„Esch ass alternativ, authentesch, a mat engem grousse kulturelle Potenzial. Et ass eng Stad déi wëll, déi probéiert, an déi beweegt. A mir beweege gäre mat.“

Esch ass eng Stad am Wandel, mat kreative Käpp, déi net just soen, mee och wierklech handelen. De Kamellebuttek weist, wéi Konscht, Engagement a Lokalpatriotismus Hand an Hand kënne goen. Esch ass virun allem eent: e Liewensgefill.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom