KunnArt – Eng Konschtschoul an der Uelzechstrooss

KunnArt – Eng Konschtschoul an der Uelzechstrooss
Artisanat

„Ech wollt eng Plaz schafen, wou d’Kreativitéit sech fräi entfale kann, wou ee sech ausprobéiere kann – ganz ouni Drock.“ D’Lynn Kunnert, 26 Joer jonk, spruddelt vu Leidenschaft. Zesumme mat sengem Mann Jim Glod huet hatt mat „KunnArt“ e Raum geschaf, wou Konscht net just bewonnert, mee virun allem gelieft gëtt – an dat mëtten an der Escher Uelzechtstrooss.

Konscht fir jiddereen

„Mir wollten eppes schafen, wat et zu Lëtzebuerg nach net gëtt: eng privat Konschtschoul, déi d’ganzt Joer iwwer leeft – wéi eng Museksschoul, just mat Faarf.“ Dës Schoul ass fir Kanner, Jugendlecher, Erwuessener a Senioren op, a bitt wärend dem Schouljoer reegelméisseg Molcoursen a wärend der Vakanz eng Summer School mat professionelle Materialien an inspiréierenden Theemen un.

Kreativ Atelieren fir Kanner

Zesumme mat sengem Mann Jim, Schoulmeeschter zu Esch, schafft d’Lynn u kreative Bildungsprojeten: „Mir wëllen d’Konscht méi no un d’Kanner bréngen. Et ginn immens vill Aktivitéiten am sportleche Beräich, mee net jiddereen ass sportlech. Vill Kanner si kreativ an déi brauchen dofir hire Raum.“

Sou kënnen d’Elteren hir Kanner spontan fir eng kreativ Atelierstonn bei d’KunnArt Konschtschoul bréngen. Wärend enger Stonn an enger hallef kënnen d’Kanner molen, bastelen oder eppes Kreatives gestalten, zum Beispill e Blummevas, wärend d’Elteren sech an aller Rou kënnen beschäftegen. Wien awer léiwer eng fix Zäit huet, kann och e festen Datum an d’Zäit iwwer den Agenda op hierer Websäit reservéieren. All Seance dauert eng an eng hallef Stonn a kascht 24 Euro – Material abegraff.

D’Raimlechkeeten an der Uelzechtstrooss si mat gebrauchte Schoulmiwwelen ageriicht: klassesch Schoulbänken aus Holz an eng al Schoultafel, un déi sech vill Elteren a Grousselteren nach aus hirer eegener Schoulzäit erënneren. Dat ass bewosst esou gewielt, seet d’Lynn – als Zeeche fir Nohaltegkeet a Zäitlosegkeet.

Eng villfälteg Leidenschaft

Nieft der Konschtschoul huet KunnArt och nach eng Galerie an e Konschtshop. Hei ginn d’Wierker, déi l’Lynn zum Groussdeel selwer kreéiert, ausgestallt a verkaf. Och personaliséiert Konschtwierker fäerdegt déi jonk Kënschtlerin un. Vu Portraiten, Déieren, Pop-Art mat Mickey-Mausen, bis zu Skulpturen oder Käerzen – d’Formater si genee esou variéiert wéi hir Inspiratioun.

„Ech hunn zum Beispill och gär Blummen, mee se ginn ëmmer esou séier futti. Dofir maachen ech elo Blummebouqueten aus Sojakäerzen. Dat hält laang a richt och nach gutt. A si kënne komplett personaliséiert ginn.“

Konscht als Erliefnis

Donieft ginn och Eventer wéi Gebuertsdeeg, Atelieren, Babyshowers oder Facepainting an de kreative Raimlechkeeten organiséiert. Interesséiert Kënschtler an och déi kleng Clientë vun der Konschtschoul kënnen hir Wierker och direkt an der Galerie ausstellen.

A fir déi eeler Generatioun? D‘Coursë sinn ausserdeem mobil, a besichen op Ufro déi national Seniorenhaiser. A fir déi eeler Leit, déi net méi gutt mole kënnen, gëtt et alternativ kulturell Offeren – wéi z. B. Gespréichsronne mat bekannte Kënschtler, dorënner de Lucien Czuga.

D’Lynn war Schülerin am Lycée des Arts et Métiers an huet fréi ugefaangen, u verschiddene Concoursen deelzehuelen. 2018 huet hatt souguer de Jukowo-Präis vun der Déifferdenger Gemeng gewonnen.

De Kunnibär – dem Lynn säi Comic-Debut

Am September kënnt dem Lynn säin éischt Kannerbuch mam Numm Kunnibär eraus – eng faarweg Weltrees, erlieft duerch d‘Ae vun engem klenge Bier.

„Ech hu ganz vill aus menger Kandheet matgeholl. Disney, Comics, Pop-Art – dat geet mir einfach net aus dem Kapp. Mee ech schaffen och mat Realismus. Mir geet et drëm, d’Iddi vun de Leit op d‘Leinwand ze bréngen.“

Firwat grad Esch?

„Esch ass authentesch, multikulturell, lieweg. A virun allem: et huet e grousse kulturelle Kär. Fir eis war et kloer, dass esou e Projet just hei entstoe kann.“

Umeldung fir d’Konschtschoul:
www.kunnart.net
www.konschtschoul.com

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom