Les favoris de … Christian Bock

Les favoris de … Christian BockLes favoris de … Christian Bock
Leurs favoris

„Esch ass nach ëmmer meng sportlech Heemecht“

Esch ass Heemecht

Ech sinn zu Esch gebuer an zu Lalleng opgewuess, vis-à-vis vun der Sportshal. Do hunn ech bal meng ganz Jugend am Handball verbruecht. Ech hunn fir Esch gespillt an stoung och no der Fusioun weiderhin um Terrain – mat menge Kolleegen, déi all aus der selwechter Strooss oder Noperschaft waren. Mer hunn net just zesumme gespillt, mee hunn wierklech alles zesumme gemaach – Vakanzen, Ausflich, Aktivitéiten. Esou entstinn richteg Frëndschaften.

Ech hunn am Laf vu menger Karriär aacht Champions- a siwe Coupe-Titele mat dëser Ekipp gewonn. Dat war eng immens flott Zäit. Haut sinn ech nach ëmmer beim Handball aktiv, mee elo als President. Ech ginn awer zou: um Terrain huet et mir besser gefall! (laacht)

Zesumme mat menger Partnerin hunn ech zwee Kanner, e Jong an e Meedchen. Déi zwee sinn natierlech och immens sportlech ënnerwee.

Nieft der Famill an dem Sport ass och d’Zäit mat menge Frënn wichteg.

An och wann den Handball elo e bëssen hannert mer läit, bleift Sport wichteg. Ech spillen haut virun allem Tennis – mat mengem Bouf oder mat Frënn. Et hält ee fit an et kann een et och nach gutt an engem gewëssenen Alter praktizéieren.

Den Escher Blog: A wou verbréngt Dir zu Esch gären Zäit mat der Famill?

 

 

Eng Plaz, wou mer als Famill ganz dacks sinn, ass am Escher Déierepark um Gaalgebierg. Et ass flott fir d’Kanner, mat Spillplazen an der Natur. Wann d’Wieder schéin ass, ass dat ee Must.

 

 

An natierlech och d‘Escher Schwemm, do ginn mer bal all Samschden hin, zesumme mat menger Schwëster a mengen Elteren an och mol mat de Kusinnen. Dat ass quasi eng Traditioun ginn.

 

 

Ganz beléift bei de Kanner ass och de Restaurant Club 5 am Park, deen direkt bei der Schwemm läit a wou eng flott Spillplaz hannenaus ass.

 

 

Fir Klammen ze goen, ass d‘Sportshal BlocX eng Top-Adress fir d’Kanner an och fir Erwuessener, mat hirem „Ninja-Warrior“-Kloterpark an de ville verschiddene Kloterwänn. Do ass Action garantéiert.

Den Escher Blog: A wou gitt Dir Iech nom Sport eng Stäerkung sichen?

Wann et ëm Plaze geet, wou ee gutt iessen a sech wuel fille kann, dann dierf den italieenesche Restaurant FeVi um Gaalgebierg net feelen. Am Summer ass d’Terrass do uewen einfach perfekt. Fir e Patt owes, geet et dacks an de Pirat. Dat ass eist Stammlokal, besonnesch no de Matcher. Mee och de Pitcher huet eng fest Plaz an eiser Traditioun.

Fir mol mat menge Clienten eppes iessen ze goen, ginn ech gär an de K116. Do ass net just d‘Iessen exzellent, mee och d‘Ambiance stécht eraus.

Den Escher Blog: A wou gitt Dir am léifsten shoppen?

Wann ech mol eppes méi Schickes siche fir unzedoen oder eng elegant Jackett, da ginn ech gären an d‘Uelzechtstrooss an den Aktuel for Men. Dat ass eng Adress, wou d‘Qualitéit stëmmt.

Fir Kaddoe ginn ech ëmmer gär e puer Knippercher bei d‘Lola Valerius sichen oder eppes Besonnesches an d’Librairie Diderich. An der Zäit hunn ech do meng Schoulsaache kaf an et gëtt ëmmer eng flott Auswiel u Bicher an anere Saachen. Hei fënnt een einfach ëmmer eppes, och wann een nach net esou genau weess, wat een eigentlech sicht.

Esch ass Heemecht

Esch ass an bleift Esch meng sportlech a perséinlech Heemecht. D’Erënnerungen un de Club, u Lalleng, un d’Hal, d’Frënn – dat bleift. An ech hoffen, dass d‘Veräinsliewen an d’Jugendaarbecht hei weider esou dynamesch bleift. Esch huet eppes, wat een net einfach iwwersetze kann: Et ass kee poléierte Glanz, mee eng Wäermt, déi ee spiert, soubal ee mat de Leit schwätzt.

Menu d'accessibilité

Taille de police
100 %
Zoom
100%