Wat 1995 mat zwee Studenten an engem eidele Rez-de-Chaussée ugefaangen huet, ass haut eng fest Institutioun am Süde vum Land: d’Stäip – Escher Nohëllef. Eng Plaz fir individuell Nohëllef, mat kompetentem Léierpersonal, enger waarmer, häerzlecher Ambiance an engem einfache Prinzip: All Kand zielt.
De Jean-Marie Goy, Matgrënner a Gérant zanter dem éischten Dag, erzielt voller Leidenschaft d’Geschicht vun dësem besonnesche Projet. Mat sengem deemolege Kolleeg Patrick Wehr huet hie ganz bescheiden ugefaangen: zwee Säll, kee Computer, keng Handyen, just en Haustelefon an eng Iddi – Schüler*innen op hirem Wee ze ënnerstëtzen.
Eng Erfollegsgeschicht
Déi zwee Studenten hunn no hirem Studium zu Freiburg decidéiert, net nëmmen Nohëllef ze ginn, mee eng ganz Struktur ze schafen, déi et erlaabt, Coursen an engem häerzlechen an effikassen Ëmfeld unzebidden. „Mir haten d‘Coursen fir d’éischt bei de Schüler*innen doheem gemaach, mee mir hu séier gemierkt: Mir brauchen eng richteg Struktur.“
Wat als Pilotprojet an engem eidele Gebai vun der Famill Diderich ugefaangen huet, ass haut e modernen Enseignementssite mat enger lieweger, faarweger Atmosphär an iwwer 650 Enseignant*en, déi zanterhier ronn 7000 Schüler*innen ënnerstëtzt hunn. Vill vun hinnen hu spéider studéiert an ee vun hinnen ass haut souguer Minister. Wéi een? Dat verréit de Jean-Marie net.
Léierplang? Mënschlechkeet!
Wat d‘Stäip vun anere Strukturen ënnerscheet? Hei gëtt net no engem fixe pädagogesche Modell geschafft, mee individuell op de Besoin vun de Schüler*innen agaangen. „All Schüler*in ass anescht – an et geet drëms, datt d’Chemie tëschent Enseignant*e a Schüler*in stëmmt.
Wichteg ass och d’Kontinuitéit am Cours an eng oppe Kommunikatioun tëschent Elteren, Schüler*innen an der Organisatioun vun der Stäip.“ De Fokus läit also net op der Theorie, mee um praktesche Verstoe vun der Matière a virun allem um Erfolleg vum Kand.
D’Zil vun der Stäip ass net nëmmen Hëllef ze bidden, mee d’Schüler*innen op d‘Schinnen ze setzen, sou de Jean-Marie. „Ech wëll net, dass se einfach duerchkommen. Ech wëll, dass se léieren, sech eppes zouzetrauen a Vertrauen a sech selwer ze fannen.“
Et ginn och ëmmer méi Online-Coursen fir déi, déi ze wäit wech wunnen oder d’Méiglechkeet net hu bis op Esch ze kommen – mee déi meescht kommen nach ëmmer gären op d’Plaz. De Face-à-Face bleift wichteg.
Eng Plaz, déi Wëssen a Wuelbefanne verbënnt
D’Stäip ass awer keng klassesch Schoul, dat mierkt een direkt beim Erantrieden. Alles ass faarweg, frëndlech a virun allem: lieweg. Hei schafft een net a kalen, plakege Raim. Faarweg Deko, Bicherregaler, Spillsaachen a Biller maachen aus dem renovéierte Gebai ee Raum voller Inspiratioun.
Verantwortlech dofir ass de Jean-Marie: „Ech hunn ëmmer gär Bicher gesammelt, Biller, Figuren… D’Stäip ass fir mech net nëmme meng Aarbechtsplaz, et ass e bëssen och mäin Doheem.“ Déi agreabel Ambiance motivéiert net nëmmen d’Schüler*innen, mee suergt och dofir, dass d’Enseignant*e sech wuel fillen – well grad dat ass e wichtege Bestanddeel vum Erfolleg.
Zu Esch verwuerzelt – fir d’Regioun do
D’Wiel vun der Stad Esch war keen Zoufall: Se ass zentral, mat ville Lycéeën an enger dynamescher Bevëlkerung. An d’Clientèle ass genee sou divers wéi d‘Stad selwer: Kanner mat Migratiounshannergrond, Schüler*innen aus alle Gesellschaftsschichten, aus der ganzer Regioun – jidderee fënnt hei seng Plaz.
„Mir hu vill Kanner vu Migrant*innen, vu Beamt*innen, vun Enseignant*en. Jidderee kann mol Hëllef brauchen.“ D’Stäip ass soumat e soziale Raum, e Sécherheetsnetz an eng Plaz, wou aus Problemer Perspektiven ginn.