Les favoris de … Paul Schulté – „Eemol Escher, ëmmer Escher!“
Den Escher Blog: Wien ass de Paul Schulté?
Ech sinn e Stack-Escher, gebuer 1961, an ech hunn meng Stad ni verlooss. Ech sinn houfreg, en Escher ze sinn, a bleiwe wuel och ëmmer hei.
Den Escher Blog: An haut sidd Der President vum Escher Basket?
Jo, ech hu mat 7 Joer mat Basket ugefaangen, war Spiller, Trainer, Member vum Comité, an elo President. Meng Roll ass zwar offiziell déi vum Kapp vum Veräin, mee eigentlech hunn ech ëmmer déi selwecht Energie eragestach, egal ob ech President war oder net. Et geet ëm de Sport a seng Leit.
Iessen, Liewen a genéissen zu Esch
Den Escher Blog: Wou gitt Der da gären iessen?
Ech sinn natierlech dacks am K116, dat ass mäin eegene Restaurant. Dat ass eng Plaz mat vill Geschicht. Fréier war hei de Café Diva, eng Ikon an de 80er an 90er Joren. Haut begéinen sech déi selwecht Leit erëm bei eis. Dat ass fir mech e sozialen Zentrum, net just e Restaurant. Trotz zwou Covid-Wellen hunn mer et gepackt, eppes Stabilles opzebauen. Mir hunn bal ëmmer déi selwecht Ekipp, eng konsequent Kichen an eng Atmosphär, wou sech jidderee kennt a wuelfillt.
Den Escher Blog: Gëtt et och nach aner Restauranten zu Esch, wou Der gären iesse gitt?
Ech ginn éierlech gesot net dacks eraus, ech schaffe selwer vill. Mee ech ginn heiansdo an de Pavillon, oder an den italieenesche Restaurant Le Cômo bei de Renato Favaro, ee gudde Kolleeg vu mir. An um Belval ginn mer och mol bei den Nonbe, e japanesche Restaurant, deen ech immens schätzen.
Den Escher Blog: A fir akafen oder Kaddoe kafen ze goen, hutt Der do och Är Stammplazen?
Kloer. D’Lola Valerius fir Kaddoen a Knippercher. Fir Kleeder hunn ech gären d‘White House oder den Aktuel for Men an der Uelzechtstrooss. Meng Brëller kafen ech schonn ëmmer beim Optiker Pierre Poensgen a Fleesch hunn ech gär beim Metzler an Traiteur Peporté, wou ech schonn als Kand higaange sinn. Ech probéieren ëmmer sou lokal wéi nëmme méiglech anzekafen.
Sport, Natur a Fräizäit
Den Escher Blog: A fir Sport ze maachen?
Ech sinn selwer oft am CK Fitness Esch a ginn och vill mat mengem Mupp spadséieren, virun allem um Escher Gaalgebierg. Do kann ee bis op Schëffleng, an den Ellergronn oder bei d’Léiffrächen trëppelen. An dat mat enger fantastescher Vue, fir mech eng vun de grousse Stäerkte vun Esch. No menger Basket-Karriär hunn ech emol Tennis gespillt, e wéineg zu Esch, mee éischter zu Schëffleng. Mee mäin Häerz bleift natierlech beim Basket.
Soziaalt Liewen – mat oder ouni Bistroen?
Den Escher Blog: A wou gitt Der owes eppes drénken oder ënnert d’Leit?
Ganz éierlech? Ech sinn kee Bistrosmënsch. Ech si vill ënner Leit duerch meng Aarbecht, a meng Fräizäit verbréngen ech éischter mat Frënn, Famill oder a Rou. Den Drupi‘s oder de Pitcher sinn zwar legendär, mee ech selwer si quasi ni do, ausser eemol d’Joer am Pitcher.“
Den Escher Blog: A wéi eng Synergien hutt Der mat anere Betriber zu Esch?
Den Drupi‘s liwwert eis Wäin a säi Brudder beim Babbocaffè de Kaffi. Dat heescht mir hu vill Zesummenaarbecht, och wann ech net selwer dohi gi fir ze konsuméieren. Mir probéieren als Restaurant sou gutt et geet mat lokale Produzenten ze schaffen.
Famill, Kanner a Fräizäit zu Esch
Den Escher Blog: A fir Famillen a Kanner, wat huet Esch do ze bidden?
Meng Kanner sinn scho grouss, mee ech hunn haut awer e puer Enkelkanner. De Gaalgebierg mat sengem Déierepark a virun allem och de Park Laval mat sengem Spillhaus dem Restaurant-Bistro Club 5 war fir mech als Papp ëmmer onëmgänglech. Do hu meng Kanner fräi gespillt, an ech konnt gemittlech iessen. De Park ass gratis, natierlech a fir jiddereen accessibel, esou soll et sinn.
Esch als Stad
Den Escher Blog: Wat bedeit Esch fir Iech?
Ech fannen dass Esch eng Stad mat Charakter an Engagement ass, a virun allem och eng villfälteg Stad, mat iwwer 100 Natiounen a ville Méiglechkeeten. Jiddereen ass wëllkomm. Eemol Escher, ëmmer Escher!