Exclus‘ve Hairlounge – Rou, Wuelbefannen a Qualitéit
An der Escher Rue du Commerce, net wäit vun der Uelzechtstrooss, fënnt een e klenge Salon, deen iwwerrascht: D‘Exclus‘ve Hairlounge stécht net nëmmen duerch seng technesch Kompetenz eraus, mee virun allem duerch seng familiär Ambiance a seng authentesch Philosophie. Hei geet et net ëm Massebetrib, mee ëm Zäit, Zouwendung a Qualitéit – a virun allem ëm eng Ambiance, an där ee sech direkt wuel fillt.
D’Sophie Breda huet de Salon viru bal 24 Joer gegrënnt, wou hatt eréischt 25 Joer al war: „Ech hu scho meng Frëndinnen an der Spillschoul gekämmt“, laacht hatt. Haut, bal zwee Joerzéngte méi spéit, féiert hatt säin eegene Salon mat der selwechter Begeeschterung.
Eenzel Betreiung, roueg Atmosphär
Wat d’Exclus‘ve Hairlounge sou speziell mécht? All Client gëtt vum Ufank bis zum Schluss vun där selwechter Coiffeuse betreit. E gëtt net „weidergereecht“, mee een eenzegt Gesiicht këmmert sech ëm d’Hoerwäsch, d’Coupe, d‘Faarf an de Finish. Dat schaaft Vertrauen – a Rou.
„Mir huelen eis Zäit“, seet d‘Sophie. „Eis Aarbecht leeft net ënner Drock, well gutt Resultater brauchen Zäit.“ Dat gëllt besonnesch fir modern Techniken oder komplex Faarfprozesser, déi haut net méi an enger Stonn gemaach ginn, mee heiansdo véier oder méi Stonnen daueren.
De Salon setzt bewosst op eng relax Atmosphär: wéineg Kaméidi, waarm Luucht, eng berouegend Faarfwelt. Net nëmmen d‘Clienten, mee och d‘Mataarbechter sollen sech hei wuel fillen
Spezialitéit: Faarwen, déi erausstiechen
D‘Sophie ass virun allem bekannt fir cool, flippeg, kuerz Coupen a knalleg Faarwen: rosa, blo, gréng – alles wat Pinterest hiergëtt (soulaang et net Photoshop ass!), gëtt bei Exclus‘ve Hairlounge mat vill Knowhow ëmgesat. „Et muss just bei d‘Hoer passen an technesch méiglech sinn“, erkläert hatt.
D‘Ekipp ass och reegelméisseg op internationale Formatiounen ënnerwee, ënnert anerem zu Mexiko, wou si sech eemol am Joer mat de beschte Spezialisten aus der Branche austauscht.
„Mir maachen och nëmmen dat, wou mer wierklech gutt dra sinn“, betount d‘Sophie. Extensiounen oder Gel-Neel? Léiwer net! „Do schécke mer d‘Leit léiwer bei en anere Profi, deen dat perfekt mécht.“
Exclus‘ve Hairlounge këmmert sech ëm all Geschlechter, Kanner an Erwuessener. Reservéiere kann een och online, a se sinn och iwwer d’Mëttesstonn op – ideal fir déi Leit mat engem méi volle Kalenner.
Eng eegen an nohalteg Gamm vu Produiten
Zanter Kuerzem huet d’Sophie souguer hir eege Produktlinn erausbruecht: biologesch, 100 % franséisch a virun allem rechargeabel. Shampoing, Spray, Masken – alles kann direkt am Salon nees opgefëllt ginn. „D’Leit fannen dat super: manner Offall, méi Bewosstsinn.“
Déi nei Linn gëtt permanent erweidert, zum Beispill ëm Käerzen oder nei Balsame fir all Zorte vun Hoer. An iert ee Produit op de Maart kënnt, gëtt en natierlech getest an nëmmen da lancéiert, wann en dem Sophie sengen héije Qualitéitsstandards entsprécht.
Matten an Esch – mat grousser Léift fir d’Stad
D‘Sophie ass eng gebierteg Escherin a seet voller Stolz: „Esch ass meng Stad. Ech sinn hei grouss ginn, hei an d’Schoul gaang an ech bleiwen hei. D’Stad ass voller Liewen, Diversitéit a Léit, déi sech engagéieren.“ Hir Stad fir hatt virun allem eppes: doheem.