Pop-up Esch – Réckbléck op d’Joer 2025

Pop-up Esch – Réckbléck op d’Joer 2025
Shopping

Säit mëttlerweil fënnef Joer ass den Escher Pop-up-Store net méi aus der Uelzechtstrooss ewechzedenken. Et ass ee Raum, deen empfänkt, motivéiert, iwwerrascht a sech ëmmer nees nei erfënnt. Hei bleiwen Händlerinnen an Händler ëmmer just esou laang, wéi se et brauchen: fir sech auszeprobéieren, fir d’Leit vu sech ze iwwerzeegen oder einfach fir gesinn ze ginn. All puer Woche kritt dëse Raum en neit Gesiicht, en anere Geroch, eng frësch Energie.

Den Andrea Deidda, deen de Pop-up am Service fir wirtschaftlech Entwécklung vun der Stad Esch betreit, verfollegt dës Entwécklung aus der éischter Rei. Am Laf vun de Joreszäiten observéiert hien, wéi d‘Vitrinne wiesselen, wéi nei Iddien entstinn an erëm verschwannen.

Eng wuessend Diversitéit

Am vergaangene Joer huet de Pop-up eng immens grouss Palett vun Aussteller*innen beherbergt, déi d’Kreativitéit an d’Vitalitéit vun der lokaler Offer ervirhiewen. Deementspriechend gouf et och eng villfälteg Auswiel u Produiten ze entdecken: Iessen, Deko, artisanal Käerzen, Moudeaccessoiren, Miwwelen an Artikele fir dat generellt Wuelbefannen.

Mee et gouf och eng Rei méi spezialiséiert Shops am Pop-up: vu personnaliséierte Bijouen a saisonalen Dekoartikelen iwwer artisanal Digestifen, Kosmetik, Lingerie, Produite fir dat intiimt Wuelbefannen, eng fäin Epicerie, op der Plaz personnaliséierbar Kaddoen bis hin zu Neelprodukter.

Dës harmonesch Diversitéit huet de Visiteusen a Visiteuren eng räich Shopping-Erfarung gebueden an d’Attraktivitéit vum Pop-up iwwert dat ganzt Joer gestäerkt.

Een typesche schläichende Start… ier et esou richteg lassgaangen ass

Wéi all Joer, waren déi éischt Méint éischter roueg – een typescht Phenomeen fir de Joresuffank, wann d’Aktivitéite sech iwwerall vun de Feierdeeg erhuele mussen.

Et huet awer net laang gedauert, ier et dunn esou richteg lassgaangen ass. „No e puer Woche ware bal ëmmer véier oder fënnef Aussteller*innen do. An dat zitt natierlech och méi Leit un“, seet den Andrea. De Pop-up huet säi Rhythmus erëmfonnt, gedroe vum gudde Wieder an dem neie Liewen, dat d’Escher Stroossen erfëllt huet.

D’Wichtegkeet vun der Visibilitéit

Eppes fält dem Andrea besonnesch op: Déi Händlerinnen an Händler, déi op de soziale Medien aktiv sinn, lackele spierbar méi Clienten un. Déi, déi hir Präsenz am Pop-up ukënnegen, gutt kommunizéieren an hir Produkter weisen, suerge fir e kontinuéierleche Flux. Anerer, déi manner internetaffin sinn, vertrauen drop, dass d‘Leit, déi virun der Vitrinn laanschttrëppelen, och era luusse kommen – hiren Erfolleg hänkt dofir awer och méi staark vum Wieder of.

E Bléck an d‘Zukunft

Am Ganze sinn dëst Joer ronn 30 Entreprisen am Pop-up zu Gaascht gewiescht: „D’Zuel läit e klengt Stéck ënnert där vum leschte Joer, mee dat erkläert sech doduerch, datt verschidde Aussteller·innen decidéiert hunn, méi laang um Stéck ze bleiwen,“ präziséiert den Andrea.

„Zënter 2020 hu sech fënnef Geschäfter, déi am Pop-up ausgestallt hunn, dauerhaft zu Esch néiergelooss. Ech si mer awer sécher, et kommen nach vill weiderer dobäi.“ An d’Zukunft annoncéiert sech scho positiv: „Fir 2026 kommen schon vill Demandë eran.“

Pop-up Esch – L’année 2025 en un coup d’œil

Depuis cinq ans désormais, le Pop-up Esch respire au rythme de la ville : un espace qui accueille, bouscule, surprend, et où chaque commerçant ne reste que le temps nécessaire pour tester, convaincre ou simplement se faire connaître. Semaine après semaine, ce lieu change de visage, d’odeur, d’énergie.

Andrea Deidda, chargé du Pop-up au sein du Service Développement Économique de la Ville d’Esch, observe ce mouvement de près. Il voit les saisons passer, les vitrines se transformer, les idées défiler.

Une diversité toujours plus grande

Cette année, le Pop-up a mis en avant une large palette d’exposant·e·s, reflétant la créativité et la vitalité de l’offre locale. Les visiteur·se·s ont pu y découvrir une sélection variée : alimentation, décoration, bougies artisanales, accessoires de mode, mobilier et articles de bien-être.

L’espace s’est aussi distingué par des propositions plus spécialisées : bijouterie personnalisée, décoration saisonnière, digestifs artisanaux, cosmétiques, lingerie, produits dédiés au bien-être intime, épicerie fine, cadeaux personnalisés sur place et produits professionnels pour les ongles.

Cette diversité harmonieuse a enrichi l’expérience des visiteurs et renforcé l’attractivité du Pop-up tout au long de l’année.

Un début d’année naturellement plus calme… avant une belle reprise

Comme chaque début d’année, les premiers mois ont été plus tranquilles, un phénomène habituel après les fêtes lorsque l’activité ralentit un peu partout.

Mais très vite, le Pop-up a retrouvé son dynamisme. « Après quelques semaines plus calmes, nous étions presque toujours à quatre ou cinq exposant·e·s. Et forcément, cela attire beaucoup plus de monde », raconte-t-il. Avec le retour des beaux jours et l’animation dans les rues d’Esch, la fréquentation est rapidement repartie à la hausse, redonnant tout son rythme au Pop-up.

L’importance de la visibilité

Andrea souligne un point essentiel : les commerçant·e·s actif·ve·s sur les réseaux sociaux attirent clairement davantage de clients. En annonçant leur présence au Pop-up et en mettant leurs produits en avant, ils génèrent un flux régulier de visiteurs. Ceux qui communiquent moins en ligne misent davantage sur le passage en rue, ce qui rend leur succès plus dépendant de la météo.

Regard vers l’avenir

Au total, un peu plus de 30 entreprises ont occupé le Pop-up cette année, certaines pour des périodes particulièrement longues. « Le chiffre est légèrement inférieur à celui de l’an dernier, mais cela s’explique par le fait que plusieurs exposant·e·s ont choisi de rester bien plus longtemps », précise Andrea.

« Depuis 2020, cinq enseignes passées par le Pop-up se sont installées à Esch. Je suis convaincu que d’autres suivront », souligne Andrea. Et les perspectives confirment cette tendance : « Pour 2026, les demandes arrivent déjà très vite. Nous avons reçu plusieurs demandes pour les quatre premiers mois. »

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom