D’Patricia Greisch war nach net aus der Schoul eraus, do wousst hatt schonn, wat et mat sengem Liewe maache wéilt: De Familljebetrib iwwerhuelen. „Ech hunn 1997, direkt nom Studium, bei GR Immotrust direkt nieft der Escher Gare, ugefaangen. Fir mech war dat déi logeschst Saach vun der Welt“, seet hatt.
D‘Agence huet schonn ëmmer zum Alldag gehéiert, bal wéi e Familljemember. 2019 huet hatt dunn d’Leedung vun der Firma iwwerholl, nodeems seng Eltere sech lues a lues zeréckgezunn hunn.
Eng nei Ära
Kuerz drop koum d’Pandemie an huet alles op d’Kopp geheit. „Ech hunn am September 2019 iwwerholl… am Mäerz drop stoung op eemol d’Liewe stëll.“
D’Immobiliekris, déi duerno koum, huet hiren Aarbechtsalldag komplett verännert. D’Team ass méi kleng ginn, d’Rollen hu sech däitlech verännert. Haut besteet GR Immotrust aus dräi Leit: d’Patricia selwer, seng Assistentin a säi Jong, deen elo och als Agent aktiv ass. „Mir sinn nach ëmmer eng Familljenentreprise – just méi kompakt, méi no beieneen, méi intensiv.“
Wat GR Immotrust ausmécht, ass hir Manéier ze schaffen – an déi ass ëmmer déi selwecht bliwwen. „Hei sëtzt kee mat sengem Dossier eleng an engem Eck. Mir huelen all Projet als Team a gräifen en zesummen un. Déi lénks Hand weess ëmmer, wat déi riets mécht.“
E Beruff, dee méi komplex ginn ass – a méi mënschlech
An enger Branche, déi oft op Quantitéit, séier Ofwécklungen an Kommissioune reduzéiert gëtt, geet d’Patricia bewosst e bësse méi roueg un d’Saach erun. „Immobilien hu virun allem mat Mënschen ze dinn. Eng Immobilie kafen ass eng vun de wichtegsten Entscheedungen am Liewen. Dat mécht een net am Turbo-Modus.“
Bei jonke Keefer schwätzt hatt dacks vu Strategie: Et muss ee realistesch sinn, seng Grenzen net sprengen an ee laangfristege Plang hunn, och wann d’Situatioun amgaangen ass sech ze verbesseren. „D’Präisser hu sech berouegt, d’Zënse ginn erof. Et ass e gudde Moment fir ze kafen – mee et däerf een net de Kapp verléieren.“
Eng Stad mat villen Akzenter
De Süden a virun allem Esch huet seng ganz eegen Dynamik. „Hei ass d’Clientèle immens gemëscht: Familljen, Leit aus der Industrie, Fuerscher vum Belval, vill international Keefer. E richtege Melting Pot. Ech hunn d’Leit hei immens gär: Si sinn direkt, oppen, éierlech.“
Bei Visitte gëtt hatt och gären eng kleng Stadféierung mat: „Ech kann de Leit soen, wou d’Schoul ass, wou ee gutt iesse geet asw.. Ech schwätze vun enger Stad, déi ech gutt kennen. Dat mécht vill aus.“ Zu sengen Haaptaufgabe gehéieren och Schätzunge fir Notairen, virun allem bei Ierfschaften. „Do soen ech, wéi d’Situatioun ass – ouni Filter.“
Vill Erausfuerderungen – a vill Dankbarkeet
„Dat, wat mir weist, datt ech hei richteg sinn, si Leit, déi ee Joer dono nach eemol komme fir Merci ze soen. Déi, déi mir eng Chrëschtdagskaart schécken a schreiwen, datt si sech an hirem Doheem wuel fillen. Dat ass de schéinste Loun.“
Natierlech ginn et och déi schwiereg Fäll: Verkaf ënner Drock vun de Banken, knapp Deadlines, Leit a schwéiere Situatiounen. „Grad dann däerfe mir keen eenzege Feeler maachen. Et geet net just ëm e Verkaf – et geet ëm Mënschen.“
Ongebrache Leidenschaft – an eng déif Léift fir Esch
No méi wéi 25 Joer brennt nach ëmmer déi selwecht Passioun: „Ech géif näischt anescht maachen“, seet d‘Patricia. An och säi Verhältnis a säin Engagement géigeniwwer der Stad Esch geet wäit iwwer d’Aarbecht eraus: Hatt ass am Veräinsliewen aktiv, ënnerstëtzt jonk Leit an der Formatioun a setzt sech fir e liewege Stadzentrum an. „Esch ass am Wandel – an dat ass gutt sou.“