Maison de coiffure et de beauté byTun – Wou Stil a Mënschlechkeet Hand an Hand ginn
Hannert enger klenger onscheinbarer Entrée an der Escher Uelzechtstrooss verstoppt sech de Liewensprojet, en Dram, deen den Antonio de Oliveira, besser bekannt als „Tun“, mat vill Häerzblutt a Leidenschaft ëmgesat huet: d’Maison de Beauté byTun. Fir hien ass Coiffeur sinn net just e Beruff, mee eng Vokatioun. D’Hoer ass eng lieweg Matière, déi transforméiert, verännert, verzaubert. „Wann ech keng Hoer hunn, fir ze schaffen, kann ech net liewen“, seet den Tun mat Iwwerzeegung.
Dem Tun seng Rees
Mat 13 Joer wosst den Tun schonn: Hie wëll Coiffeur ginn! Mat 13, 14 Joer huet hien ugefaangen Hoer ze schneiden, am Ufank bei Poppen, Frënn a Frëndinnen. Haut, no méi wéi zwee Joerzéngten am Beruff, ass d’Faszinatioun nach ëmmer déiselwecht. Hoer si fir hien eng aussergewéinlech Matière, mat där een e Mënsch verännere kann, vu baussen a vu bannen.
Villfalt u Méiglechkeeten
D’Maison de Coiffure et de Beauté byTun ass haut awer vill méi wéi „just“ e Coiffeurssalon. Hei gëtt een empfaangen an eng Welt vun Eleganz, Expertise an Empathie. Egal ob kuerz oder laang Hoer, ob Volumen oder Extensions, ob wéinst Hoerverloscht oder einfach nëmmen dem Wonsch no Verännerung: bei byTun gëtt et ëmmer eng Léisung – vun der klassescher Coupe bis zu komplexe Faarfverännerungen.
Dat Besonnescht? D’Spezialisatioun op Ersatzhoer an Extensions a ville Variatiounen, kombinéiert mat enger éierlecher, erfuerener Berodung. Fir vill Leit ass Hoerverloscht méi wéi eng ästhetesch Fro. Et geet ëm Identitéit, Sécherheet an d’Selbstbild. Genee do setzt dem Tun säi Salon un. Beim Tun a sengem Team geet keen eraus, ouni eng Léisung fonnt ze hunn.
Bei dënnem Hoer, Alopecie oder no medezinesche Behandlunge schafft byTun mat Volumateuren, Hoerdeeler a personaliséierte Systemer. Dat kënne fäin Netzer sinn, déi mat deene bestoenden Hoer verbonne ginn, oder speziell Kapen, déi permanent oder semi-permanent fixéiert ginn.
Dës Léisunge si sou konzipéiert, datt se natierlech ausgesinn, sech bequeem undoe loossen an am Alldag net aschränken. Parrécke gehéieren natierlech och dozou – ëmmer méi dacks fir Leit, déi séier, diskret an zouverlässeg eng Verännerung brauchen. Dobäi spillt d’Kommunikatioun eng grouss Roll: jiddereen däerf a senger Sprooch – vu Lëtzebuergesch iwwer Däitsch, Franséisch an Englesch bis hin zu Portugisesch – schwätzen, well grad a sensibele Situatioune wéi Krankheet oder Hoerverloscht Vertrauen essenziell ass.
Méi wéi ee Coiffersalon
Den Tun a säin Team sti fir e Konzept, dat wäit iwwer de klassesche Coiffeur erausgeet. Hei ass alles ënner engem Daach vereent: Hoer, Haut, Neel a Kierper. De Gedanken hannendrun ass einfach, mee konsequent ëmgesat: de Mënsch als Ganzt gesinn.
Egal ob ee mat kuerzen Hoer erakënnt a sech no Längt seent, ob Volume feelt oder eng komplett Verännerung gewënscht ass – d’Ekipp schafft mat héichwäertege Produkter a präzisen Techniken.
Éierlechkeet als Markenzeechen
„Ech maachen hei net einfach dat, wat de Client oder d’Cliente wëllt – ech maachen dat, wat fir si gutt ass“, erkläert den Tun. Bei him kritt ee keng onrealistesch Verspriechen, mee eng éierlech Bewäertung an ee Resultat, dat zefriddestellt.
Ausserdeem kritt ee beim Tun raffinéiert Kosmetikbehandlungen, déi sech op Epilatioun, Hautverjüngung, Glättung an Detox spezialiséieren. Mat Mikrostroum, Kältemethoden a ville weidere Prozesser gëtt de Kierper stimuléiert, d’Haut regeneréiert an déi ongewollten d’Zentimeter verschwannen.
Teamgeescht a Formatioun
Am Haus byTun schaffen aktuell 16 Leit – Coiffeur*sen, Kosmetiker*innen, Neelkënschtler*innen. Vill dovu si scho säit Joren am Haus, e puer souguer zanter méi wéi zwanzeg Joer.
Reegelméisseg Formatioune gehéieren dozou, well dëse Beruff sech permanent weiderentwéckelt. Den Tun gesäit säin Team net als Personal, mee als Gemeinschaft, wou jidderee seng Clientèle, seng Verantwortung a säi Wäert huet.
Esch als Häerzstéck
Den Tun ass Escher duerch an duerch. Hien ass hei opgewuess, huet hei säin éischte Salon opgemaach a steet bis haut zu sengem Quartier. Hien appelléiert un d’Leit, d’Offer zu Esch ze schätzen an ze fërderen: „Esch ass net geféierlech. Esch ass multikulturell, lieweg a voller Méiglechkeeten.“
Dem Tun seng Diere stinn ëmmer op, och sonndes a méindes, op Rendez-vous – well hie versteet, dass Schéinheet kee Weekend kennt.
An esou ass byTun net nëmmen e Salon, mee eng Philosophie. Eng Schoul vun der Schéinheet, wou Stil a Mënschlechkeet Hand an Hand ginn.