Destination Beauté – Ären Expert fir eng gesond Haut
D’Dier vun „Destination Beauté“ opmaachen heescht, sech eng kleng Paus ze gënnen. Eng Auszäit vum Alldag, just fir sech selwer, wou sech alles ronderëm d’Wuelbefannen dréint.
Viru fënnef Joer hu mir schonns d’Geschicht vum Sabrina Guedes an hirem Institut kennegeléiert. Zënterhier ass vill geschitt: den Institut ass gewuess, huet sech weiderentwéckelt a seng Kompetenze weider verstäerkt. Méi wéi zwanzeg Joer no der Ouverture vun hirem éischte Studio, féiert d’Sabrina hiert Geschäft nach ëmmer mat vill Leidenschaft, haut mat nach méi moderne Methoden an Techniken.
En Institut dee sech mat der Zäit mat entwéckelt
Zanter véier Joer ass „Destination Beauté“ op der 106 an der Uelzechtstrooss (virdru war se laang an der rue de la Libération). Haut schafft d’Sabrina mat engem Team vu fënnef Kosmetikerinnen. De Salon ass méi grouss ginn, virun allem fir nei Technologien a speziell Behandlungsraim kënnen unzebidden.
„Eise Beruff ännert sech vill. Et ginn ëmmer méi Apparater an nei Techniken. Mir wollten eng Plaz schafen, wou mir nach méi Komfort an eng héich Qualitéit u Behandlungen ubidde kënnen.“
D’Atmosphär ass awer déi selwecht bliwwen: familiär, häerzlech a professionell. D’Clientë komme vun Esch, aus dem ganze Land, an och aus Frankräich. Jonk an al, verschidden Nationalitéiten – hei fënnt jidderee seng passend Behandlung.
Modernst Gesiichtsbehandlungen
Nieft klassesche Servicer wéi Epilatioun, Massage, Manikür a Pedikür, huet sech den Institut ëmmer méi op Gesiichtsbehandlungen spezialiséiert.
All Haut ass anescht. All Persoun huet aner Besoinen. Dowéinst gëtt hei ganz individuell geschafft.
Zu de Behandlunge gehéieren ënner anerem:
Microneedling: Eng Method, déi d’Haut natierlech stimuléiert an hëlleft, sech selwer ze regeneréieren. Si gëtt oft benotzt géint Flecken, kleng Narben oder onreng Haut.
Microdermabrasion: Eng déifgräifend Peeling-Behandlung, déi d’Haut glätt an den Teint méi fein mécht.
LPG: Eng douce mechanesch Stimulatioun, déi d’Bluttzirkulatioun ënnerstëtzt an d’Haut aktivéiert.
Hei geet et net drëms, d’Haut ze verännere, mee se z’ënnerstëtzen, fir datt se gesond, frësch an am Gläichgewiicht bleift.
Qualitéit a Respekt virun der Haut
„Destination Beauté“ schafft haaptsächlech mat Produite vun der däitscher Mark “Babor”, déi bekannt ass fir hir héichwäerteg Qualitéit an hire nohaltegen Ëmgang mat der Ëmwelt.
D’Produite ginn an Däitschland hiergestallt an net un Déiere getest. Besonnesch Wäert gëtt op d’Qualitéit vun den Inhaltsstoffer geluecht. Zousätzlech ginn et speziell Produite fir d’Foussfleeg an aner Behandlungen, déi genau op d’Methoden am Institut ofgestëmmt sinn.
Eng nohalteg Visioun
Fir d’Sabrina ass et wichteg, modern ze bleiwen, awer ëmmer mat Mooss.
„Ech probéieren nei Trends an Techniken aus, mee et muss ëmmer zu menger Visioun passen an d’Haut respektéieren.“
Hiert Zil ass et, och an Zukunft individuell a präzis Behandlungen unzebidden, déi eng laangfristeg Wierkung hunn. Well sech ëm seng Haut këmmeren och heescht, sech selwer e Moment Wäertschätzung ze schenken.
Verwuerzelt zu Esch
D’Sabrina ass zu Esch gebuer an opgewuess – an hatt wollt ni fortgoen. „Ech hunn Esch gär. Hei fillen ech mech doheem.“
No méi wéi zwanzeg Joer bleift „Destination Beauté“ eng fest Adress am Häerz vun der Uelzechtstrooss – eng Plaz, wou Wuelbefannen an Expertis Hand an Hand ginn.