Raphaël Fiegen – Natur, Hënn a Wildnispädagogik

Raphaël Fiegen – Natur, Hënn a Wildnispädagogik
Service

Wann een de Raphaël Fiegen trëfft, gëtt séier kloer: hei schwätzt een net nëmmen iwwer e Job, mee iwwer e Liewenswee, deen duerch Erfarung an eng Passioun zur Natur an zu den Hënn gepräägt ass.

Seng eenzegaarteg Geschicht huet sech iwwer Joren entwéckelt. Vun éischten Impressiounen aus der Kandheet, zu groussen Expeditiounen an enger ëmmer méi déiwer Verbindung zur Wildnis esou wéi haut och d’Aarbecht mat Kanner a Jugendlechen.

Eng Leidenschaft, déi fréi ugefaangen huet

D’Geschicht vum Raphaël Fiegen fänkt schonn a senger Kandheet un. Wéi hie fënnef Joer al war, ass säi Papp op den Nordpol gereest wou de Raphaël déi éischt Biller vun de Schlittenhënn gesinn huet – e Moment, deen hie staark faszinéiert huet. „Als Kand hunn d’Huskye mech direkt ugezunn,“ erzielt hien.

Mat 17 Joer begéint hien eng Persoun, déi mat Schlittenhënn schafft, wou säin éischte richtege Kontakt mat där Welt entsteet. Vun do un ass hie selwer och méi aktiv ginn: léieren, ausprobéieren an Erfarunge sammelen. Mat 19 Joer geet et schonn a Schweden, seng éischt grouss Erfarung an der Natur an den Ufank vum Musher-Liewen.

Duerno mécht hien och schonns seng éischt Expeditiounen eleng, ënner anerem a Lapland, wou hie mat sengen Hënn komplett autonom ënnerwee ass. Dës Erfarunge ginn de Grondstee fir alles wat duerno kënnt, seng Weiderentwécklung tëscht Expeditiounen, Natur a spéider der Pädagogik.

Vum Mushing zur Wildnis- an Erliefnispädagogik

Haut ass de Raphaël net nëmme Musher, mee och Wildnis- an Erliefnispädagog. Hie schafft dobäi an der Waldschoul zu Esch, wou hien d’Natur direkt als Léierraum notzt.

Mat Kanner a Jugendlechen aus dem Cycle 1, 2 an 3, aus dem Lycée an och aus der Maison relais geet hie reegelméisseg an d’Natur. Doduerch erméiglecht hien hinnen Erfarungen, déi wäit iwwer de klassesche Schoulalldag erausginn.

Dobäi stinn ënner anerem follgend Aktivitéiten am Mëttelpunkt: Schaffe mat Schlittenhënn, Lagerfeier maachen a Sécherheetsreegelen an der Natur léieren, Schnëtzen a mat Holz schaffen, Orientatioun mat Kaart a Kompass, an Teamaktivitéiten an Erliefnisatelieren am Bësch.

Wat d’Kanner aus dësen Erfarunge mathuelen

Fir de Raphaël ass dat Wichtegst un dëser Aarbecht net d’Aktivitéit selwer, mee dat, wat bei de Kanner ukënnt. „Si léiere Respekt virun der Natur. Si ginn aus hirer Komfortzon eraus an entwéckele sech ganz anescht.“
Duerch dës Erfarunge ginn hinnen och wichteg Liewensgrondlage vermëttelt: Zesummenhalt, Selbstvertrauen an d’Fäegkeet, sech an engem neien Ëmfeld ze orientéieren.
An der Natur verännert sech d’Dynamik an der Grupp däitlech: vill Kanner gi méi roueg, méi fokusséiert a fannen op eng ganz natierlech Aart a Weis zesummen eng nei Form vun Team Gefill.

Projeten, déi sech weiderentwéckelen

De Raphaël schaft sech aktuell och neit Material u, fir seng Aarbecht weider kënnen auszebauen: hie wëll méi Kanner gläichzäiteg an der Natur begleeden an esou richteg „Mini-Expeditiounen“ organiséieren. D’Iddi ass, all Aktivitéite mateneen ze verbannen: d’Kanner ginn zesumme mat de Schlittenhënn an de Bësch, wou si d’Atelieren direkt op der Plaz erliewe kënne – vun der Orientatioun bis zum Lagerfeier maachen an dem Liewen an der Natur. Hie schafft dobäi weiderhin enk mat Schoulen a Maison-relaisen zesummen, déi säi Projet begleeden an aktiv an hirem Programm integréieren.

Eng speziell Relatioun tëscht Mënsch an Hond

Fir de Raphaël sinn d’Hënn net nëmmen Aarbechtsdéieren, mee Partneren. Wat hie besonnesch faszinéiert, ass déi onbedéngt Relatioun: keng Erwaardunge, just Vertrauen.

Duerch dës Zesummenaarbecht huet hie net nëmmen d’Technik vum Mushing geléiert, mee och eng aner Haltung zum Liewen: de Moment genéissen, Verantwortung deelen an net ëmmer all Moment kontrolléiere wëllen.

Esch als Ausgangspunkt

„Ech sinn aus Esch a sinn och hei grouss ginn. Ech wunnen zënter 37 Joer hei.“

Esch bleift fir de Raphaël säin Ausgangspunkt, eng Stad, déi seng Geschicht matgeformt huet, och wa seng Reesen hien ëmmer erëm wäit an d’Natur féieren.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom