Wann een duerch d’Uelzechtstrooss trëppelt, ass d’Blummeland fir vill Escher net méi ewechzedenken. Zënter méi wéi 20 Joer begleet de Buttek d’Leit bei de schéinsten, awer och bei de wichtegste Momenter am Liewen.
Méi wéi just Blummen
Wat fir vill Leit als klassesche Blummebuttek bekannt ass, ass haut vill méi wéi dat. Hannert der Vitrine voller Faarwen a Bouqueten schafft eng ganz Ekipp mat vill Passioun a Kreativitéit un individuelle Projeten : vu personaliséierte Blummenarrangementer iwwer Gaardeservicer bis hin zur Ënnerstëtzung bei Evenementer a speziellen Occasiounen.
Eng Begleedung fir all Occasioun
Iwwer d’Joren huet d’Blummeland eng breet Offer entwéckelt, fir d’Leit a ganz verschiddene Liewenssituatiounen ze begleeden.
De Buttek mécht Blummenarrangementer fir Hochzäiten, Gebuertsdeeg, privat a professionell Eventer, esou wéi individuell Deko a Brautbouqueten. Och a schwéiere Momenter ass d’Ekipp do, zum Beispill fir Begriefnesser, Zeremonien an awer och fir d’Griewer schéin ze halen.
„Mir schaffen u ganz ënnerschiddleche Momenter am Liewe vun de Leit“, erkläert de Jo Metzler. Dës Diversitéit erlaabt et hinnen, op all Situatioun individuell anzegoen, ëmmer mat Fokus op Qualitéit an Opmierksamkeet.
E Service, deen op d’Mooss ugepasst ass
Ob Hochzäit, Gebuertsdag, oder eng kleng Opmierksamkeet am Alldag : mat perséinlecher Berodung begleed d’Ekipp vum Blummeland seng Clienten bei deene verschiddenste Momenter am Liewen.
D’Cliente kommen net nëmme fir einfach Blummen ze kafe, mee dacks mat enger klorer Iddi, engem Wonsch oder engem Event, dat se virbereeden. „D’Cliente kommen éischter wa si eppes Besonnesches wëllen“,
D’Ekipp hëlt sech d’Zäit, fir dorop anzegoen an eppes Passendes an Eenzegaarteges ze kreéieren. Och bei klengen Ufroe bleiwe si ëmmer bei der selwechter Approche: nolauschtere, beroden a personaliséieren.
Gaardenaarbecht a Raumgestaltung: Eng nach méi onbekannte Säit
Nieft dem Blummebuttek offréiert d’Blummeland och e komplette Gaardeservice, dee nach net jidderee kennt.
Eng speziell Ekipp kuckt no de Gäert, a këmmert sech esou dorëms dass Beem, Planzen an de Wues ëmmer frësch ausgesinn. Ënner dësem Service mécht d’Blummeland dann och komplett Amenagementer am Outdoorberäich.
„Mir maache wierklech alles am Gaardebau, egal ob Ënnerhalt oder Amenagement“, erzielt de Jo Metzler. Dëse Service riicht sech souwuel u Privatleit wéi och un Entreprisen, zum Beispill fir Gebaier vu baussen an awer och vu banne flott ze gestalten.
Liwwerung als Deel vum Service
Fir d’Blummeland ass och d’Liwwerung e wichtegen Deel vum Service. Dofir gëtt dës net un extern Déngschter weiderginn, mee direkt vun der eegener Ekipp iwwerholl.
Dëst garantéiert, dass d’Blummen a gutt erhalenem Zoustand ukommen an déi selwecht Qualitéit behalen, wéi beim Verloosse vum Buttek.
Mat der Zäit matgoen
Och digital entwéckelt sech d’Blummeland weider. Nieft enger ëmmer méi aktiver Presenz op de soziale Medien schafft d’Ekipp aktuell un enger neier Internetsäit mat Online-Shop.
D’Zil ass et, sech un déi nei Generatioun unzepassen, ouni de Kär vum Beruff ze verléieren: no beim Client ze sinn, nolauschteren a perséinlech Berodung ubidden.
Déif mat Esch verbonnen
Zënter 2005 ass d’Blummeland an der Uelzechtstrooss etabléiert an huet d’Entwécklung vun der Stad iwwer d’Jore mat erlieft.
„Mir sinn hei grouss ginn, also war Esch eng Selbstverständlechkeet“, seet de Jo Metzler. Haut bleift d’Blummeland eng fest Adress am Häerz vun Esch, a bleift och senge Wäerter trei: Qualitéit, Service an no um Client.