Erhuelung an Ënnerhalung am Lavalsparc

Erhuelung an Ënnerhalung am Lavalsparc
L'idée du weekend

Et gi vill Grënn en Dag oder e Weekend zu Esch-Uelzecht ze verbréngen. Den Escher Blog stellt Iech an dëser Rubrik reegelméisseg een dovunner vir. Dës Kéier besiche mär de Lavalspark, deen Erhuelung an Ënnerhalung fir déi ganz Famill bitt.

Waasserspaass

Net wäit vun der Escher Schwämm, fënnt een am Lavalsparc nach eng weider Ofkillung, déi besonnesch am Summer gutt deet. Kanner kënnen sech hei op enger Spillwiss zum Thema Waasser austoben. Archimedesch Spiralen, eng Schaukel déi Waasserstralen aktivéiert an e Waasserdësch lueden hei op spilleresch a pedagogesch Entdeckung an. Virun allem bei den héijen Temperaturen, ass dëst e grousse Spaass fir déi Kleng.

E Pirateschëff

Viru kuerzem gouf ausserdeem déi komplett renovéiert Spillplaz a Form vun engem Pirateschëff ageweit. Hei kënnen déi Kleng kloteren, sprangen a rutschen an d’Pirateschëff versetzt si direkt an eng kleng Fantasiewelt. Iwwer 100 Kanner kënnen sech hei gläichzäiteg austoben an no imaginäre Pirateschätz sichen oder op Beutezug goen. Hirer Fantasie ass do fräie Laf gelooss.

Frësch Loft

Och déi Erwuesse kënne sech hei am Parc erhuelen an déi kleng Trëppelweeër erfuerschen, sech op enger vun de Bänken entspanen oder um Outdoor Fitness Parc hir Ausdauer testen. Déi frësch Loft am Lavalsparc, mëtten an Esch, ass deemno fir Grouss a Kleng e Besuch wäert. Op als Famill oder och eleng, hei fënnt jiddereen e klengen Zäitverdreif, dee besonnesch bei guddem Wieder e Genoss ass.

Den Escher Blog verëffentlecht reegelméisseg en Tipp fir de Weekend an dëser Rubrik. War dësen Tipp näischt fir Iech, da kuckt Iech déi aner Tipps an der Rubrik un oder kuckt déi nächst Woch nach eemol eran.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom