Mosaïque Club – Aktiv am Alter

Mosaïque Club – Aktiv am AlterMosaïque Club – Aktiv am Alter
Bien-être, Découvrir

De Mosaïque Club ass de Seniore Veräi vun Esch an zënter Oktober 2017 aktiv. De Veräin ass deemools aus dem Wëllen entstanen en eegene Seniore Club zu Esch ze hunn deen och d’Valeure vun der Inter-Kulturalitéit vun Esch erëmspigelt.

Objektiver

D’Zil vum Mosaïque Club ass ganz konkret géint den Isolement vun de Leit am Alter virzegoen. “Et geet och drëms déi eeler Leit e bëssen aus dem Haus ze kréien an si aktiv an eis Gesellschaft anzebannen”, erkläert d’Manuela Lorenzo, Chargée de Direction vum Club. Den nächste Schrëtt war et deemno e maximum u Senioren aus alle soziale Sparten unzezéien andeems e méiglechst variéierte Programm opgestallt gëtt.

Vill Aktivitéiten

Dëse Programm entfaalt sech duerch déi vill verschidden Aktivitéiten déi de Mosaïque Club ubitt. Si falen a véier verschidde Kategorien: Kierperlech Aktivitéiten, Ausflich, Lifelong Learning a Veräinsliewen. Wärend déi éischt zwou Kategorië sech selwer erklären, besteet déi drëtt aus Workshops zu verschiddenen Themen déi oft mat lokale Veräiner zesumme stattfannen. Dëst kann zum Beispill e Kachcours sinn.

Déi lescht Kategorie betrëfft alles wat geselleg Zesummesinn ass, also zum Beispill zesumme Kaffi drénken oder Kaarte spillen.

Oppe bleiwen

E grousse Fokus bei den Aktivitéite läit dobäi dorop, de Senioren ëmmer erëm nei Saachen ze weisen an si heiansdo och ze iwwerraschen. „Et ass wichteg dass d’Senioren och iwwer nei Entwécklungen oder Plazen informéiert bleiwen, sou halen si den Uschloss zur Gesellschaft“, seet d’Manuela. Sou schwätzen si och reegelméisseg iwwer aktuell Themen a weisen de Senioren zum Beispill nei Plazen zu Esch, wéi de BENU Village oder d’Pompjee Kasären.

Interkulturalitéit

Besonnesch bei esou lokalen an awer och méi groussen Ausflich sinn ëmmer vill vun de Senioren um Start. Dass et dobäi bei der bonter Mëschung net ze vill Duerchernee gëtt, läit un der inklusiver Approche vum Mosaïque Club. „Déi meescht Leit schwätze Lëtzebuergesch oder Franséisch, mee et ginn och verschiddener déi déi zwou Sproochen net esou gutt oder guer net kënnen. Mär hunn awer esou eng bont Mëschung, dass ëmmer een dobäi ass dee kann iwwersetzen oder hëllefen“, erzielt d’Manuela.

D‘Seniore selwer sinn do ëmmer hëllefsbereet an ënnerstëtze sech gäre géigesäiteg. E groussen Deel vum Programm gëtt dann och an zwou Sproochen ugebueden.

Eng staark Ekipp

Nieft dem Organisatiouns Team selwer, sinn d’Senioren ëmmer eng staark Ekipp. D’Manuela lueft virun allem wéi oppe si sinn a wéi si nei Memberen integréieren. „Mär hu Leit déi ganz isoléiert waren an hei ganz schnell Frëndschafte geschloss hunn. Dat ass eng immens Beräicherung am Alter, wann op eemol d’Aarbecht fort ass an d’Kanner geplënnert sinn“, seet hatt.

D‘Senioren hu bei all den Aktivitéiten d‘Méiglechkeet e gudde Moment mateneen ze verbréngen, ze laachen a Spaass ze hunn. „Et soll een einfach an der Woch bei eis laanscht kommen, tëschent 8:30 an 12:30 Auer, oder uruffen“, seet d’Manuela. Den éischte Schrëtt kann och am Alter nach ëmmer onkomplizéiert sinn.

Haaptfoto: ©Emile Hengen, Ville d’Esch

Foto 2, 3 & 4: ©Club Senior – Mosaïque Club

Menu d'accessibilité

Taille de police
100 %
Zoom
100%