Restaurant Aagaman – Eng kulinaresch Rees

Restaurant Aagaman – Eng kulinaresch Rees
Gastronomie

De Restaurant Aagaman huet 2019 seng Dieren zu Esch opgemaach an empfänkt säitdeem seng Clientèle mat Platen aus der indescher an nepalesescher Kichen. „Mir sinn e Familljebetrib, dat heescht jiddereen deen hei schafft ass Deel vun der Famill“, erkläert den Akash Thapa, wärend säi Papp an der Kichen e puer Platen zaubert.

Gastronomie mat Erfarung

„Aagaman“ heescht „wëllkomm“ a genau dat spiert een och wann een am Aagaman zu den Dieren erakënnt. Nieft dem Accueil, leet dem Akash seng Famill immens vill wäert op d’Qualitéit vun de Produiten a Platen. „Mäi Papp huet 10 Joer als Kach an Indien geschafft an duerno 10 Joer als Kach am Qatar“, seet den Akash. Hie stécht dann och seng ganz Erfarung an déi indesch an nepalesesch Platen oder d’Spezialitéiten aus dem Himalaya.

Vill Choix

Deemno huet een am Restaurant Aagaman vill Choix. Besonnesch den Chicken Tikka Massala an de spezielle Räis kréien ëmmer vill Komplimenter vun de Clienten. Getrei der indescher Kultur sinn vill Platen vegetaresch a kënnen och vegan zoubereet ginn. „Dat ass eppes wat ëmmer méi am kommen ass hei an Europa, an als indesche Restaurant hu mär do vill Choix“, erkläert den Akash. Déi ganz Kaart hu si am Detail ausgeschafft an och liicht un d’Goûten an Europa ugepasst, ouni dobäi hir Wuerzelen ze verléieren.

Eng gutt Mëschung

Net nëmmen am Iesse fënnt een déi indesch Kultur erëm, mee och am Gedrénks. Sou proposéiert Aagaman indesche Béier an indesche Wäin an och de berüümte „Lassi“. „Dat ass e speziellen indesche Jugurt fir ze drénken, deen ee muss probéiert hunn wann ee wëll an déi indesche Gastronomie andauchen“, seet den Akash. Déi authentesch Kiche vum Aagaman fënnt dann och Uklang bei der multikultureller Clientèle aus Esch an der Ëmgéigend.

Léift zum Detail

Besonnesch och de Plat du Jour an der Mëttesstonn ass beléift, well ee fir e klenge Präis net nëmme vill Goût, mee och vill Quantitéit kritt. „Mir sinn trotzdeem e Restaurant deen ganz anescht ass“, behaapt den Akash. Dat läit net zulescht drun dass och all spezielle Wonsch vun de Clienten erfëllt gëtt. „Et gëtt näischt wat mäi Papp net maache kann“, seet hien. De Bäitrag vun deenen anere Familljemembere bleift dobäi awer net op der Streck.

Nieft der Erfarung vum Kach, bestécht de Restaurant Aagaman och duerch säi waarmen Accueil an d’Léift zum Detail déi an all Plat stécht. De Numm vum Restaurant Aagaman ass also gutt gewielt: Hei fillt een sech definitiv „wëllkomm“.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom