Eisen Tipp fir de Weekend: E Besuch um Escher Krëschtmoart
Et gi vill Grënn en Dag oder e Weekend zu Esch-Uelzecht ze verbréngen. Den Escher Blog stellt Iech an dëser Rubrik reegelméisseg een dovunner vir. Endlech ass et erëm esou wäit: den Escher Krëschtmoart ass do! Wéi all Joer gëtt et hei esou munches ze entdecken an ze genéissen!
Eng Traditioun
De 17. November war d’Erëffnungsfeier vum Escher Krëschtmoart wéi ëmmer op der Gemengeplaz. Eng erfollegräich Inauguratioun, bei där sech vill Awunner zesummefonnt hunn, fir schonn e bësse Chrëschtdagsatmosphär ze schnupperen. An déi déi matzäiten do waren, kruten esouguer e Stéck Stollen an e Glühwäin vun der Stad Esch spendéiert fir d’Saison anzelauden.
Vill ze entdecken
Nieft de ville „Schmankerl“ wéi Eisekuchen, Glühwäin, Wuppen a Gromperekichelcher, déi een all Joer um Krëschtmoart fënnt, ginn et natierlech och nach aner Stänn. Insgesamt sinn dëst Joer 26 Commerçanten um Escher Krëschtmoart vertrueden, also 7 méi wéi d’lescht Joer. Do sinn och eng Rei Stänn dobäi déi flott Produite fir déi festlech Zäit verkafen. Wien also nach op der Sich no enger Chrëschtdags-Dekoratioun oder engem Cadeau ass, fënnt hei eventuell säi Gléck.
Animatioun
Fir Animatioun ass och gesuergt. Live Concerte suerge fir déi néideg musikalesch Stëmmung, dëst all Woch freides a samschdes vu 16:00 bis 21:30 Auer, sou wéi och sonndes vu 16:00 bis 19:30 Auer. Verschidde Museksgruppen a Kënschtler bréngen also weider Chrëschtdagsstëmmung mat, an eventuell och e bësse Beweegung ënnert d‘Visiteuren. De genaue Programm fannt Där online.
Wéini a wou?
De Krëschtmoart ass wéi ëmmer op der Gemengeplaz ze fannen, dofir ass den normale Moart bis den 29. Dezember op d’Brillplaz geplënnert. Den Escher Krëschtmoart geet bis den 22. Dezember an ass all Dag op: sonndes bis donneschdes vun 12:00 Auer mëttes bis 20:00 Auer, a freides bis samschdes vun 12:00 bis 22:00 Auer. Loosst Iech déi wonnerbar Wanterstëmmung also net entgoen a kommt bis laanscht!
Den Escher Blog verëffentlecht reegelméisseg en Tipp fir de Weekend an dëser Rubrik. War dësen Tipp näischt fir Iech, da kuckt Iech déi aner Tipps an der Rubrik un oder kuckt déi nächst Woch nach eemol eran.