Esch Summer Sessions

Esch Summer Sessions
Culture

Et gi vill Grënn en Dag oder e Weekend zu Esch-Uelzecht ze verbréngen. Den Escher Blog stellt Iech an dëser Rubrik reegelméisseg een dovunner vir. Den 18. Juli ass de Startschoss vun den Esch Summer Sessions op der Place de l’Académie zu Esch-Belval.

Beach-Feeling zu Esch-Belval

Mat de Féiss am Sand kënnt Där ab haut op der Place de l’Académie zu Esch-Belval tëscht Uni an Héichiewen de Summer genéissen. Fir Iessen a Gedrénks ass natierlech och gesuergt. Um Site gëtt et eng Bar, Food Trucks a Glacen. De Site ass all Dag vu 14:00 bis 21:00 op, an Donneschdes bis 22:00.

All Donneschden triede lëtzebuerger Kënschtler*innen a Bands am Kader vun den Esch Summer Sessions op a suerge fir déi perfekt musikalesch Begleedung zu (hoffentlech) waarm Summerowender zu Esch. Eng perfekt Occasioun fir d’Diversitéit vun der lëtzebuerger Musekszeene kennenzeléieren. De Programm gouf zesumme mam Rocklab op d’Bee gestallt an den Entrée fir d’Concerten ass fräi.

18.07 – DJ Brave, Zero Point Five, One Last Time

Den DJ Brave suergt den 18. a 25. Juli dofir dass de Public an déi richteg Stëmmung kënnt. No enger klenger Paus ass hien och den 8. August erëm bei den Esch Summer Sessions dobäi.

D’Musek vu Zero Point Five ass eng Mëschung tëscht Pop, Folk a Country. Mat Songs wéi Sing Along, Honolulu an Heartland bréngen si de perfekte Summer-Soundtrack op d’Esch Summer Sessions.

Mat Devil in the detail hunn One Last Time et beim Luxembourg Song Contest bis an d’Finall gepackt. Säit 2022 iwwerzeegen si mat cleane Gittar- a synthi Sounds, a mat Melodien déi an d’Ouer ginn.

25.07 – DJ Brave, The Tame and the Wild, Dream Catcher

The Tame and the Wild ass eng nostalgesch Indie Folk Band ronderëm de Sänger-Songwriter Duo Seja & Flëpp. Hir Musek gëtt gedriwwen duerch Gesang iwwer mënschlech Emotioune ronderëm d’Natur, d’Mier, d’Stären. Et geet drëms jonk ze bleiwen an al ze ginn, ëm Widderstandsfäegkeet a Léift, ëm Fett a Récktrëtt. D’Lidder beréieren de Public op eng ganz perséinlech Manéier a sinn dacks grad esou no un der Natur wéi d’Kënschtler déi se geschriwwen hunn.

Bei Dream Catcher ass säit 25 Joer gutt Stëmmung a matsangen op all Concert ugesot. D’Band ass bekannt duerch Lidder wéi J’veux du soleil plein la vie, Sunny days oder deng Hand. E faarwege Mix aus lëtzebuerger Wuerzelen, kelteschem Folk, franséischer Chanson a Popsong erwaarden Iech de 25. Juli.

01.08 – DJ CHU, Jayo Brudjez, L.I.L. Star

Den DJ CHU mécht de Warm Up a bréngt Iech an déi richteg Summerstëmmung fir d‘Concerte vum Owend.

Mam Jayo Brudjez fannen och kapverdianesch Sambabeats a Rap hire Wee op d’Esch Summer Sessions. Mat Aproxima, Bébé na Bébé a Baixa huet hien och den een oder anere bekannte Song am Gepäck.

Weider geet et den 1. August mam L.I.L. Star . Seng Musek ass inspiréiert vum Alldag a verschafft a poeteschen Texter mat agängege Beats.

08.08 – DJ Brave, bmad, The Nightcallers

Bei bmad, oder och nach boogie music against depression, ass den Numm Programm. Den Trio spillt eng Mëschung aus Boogie, Blues an Jazz Lidder a presentéiert och e puer vun hiren eegene Kompositiounen.

The Nightcallers huelen hire Public mat op eng Rees an déi gefillvoll Welt vum electric Blues a beweisen hir Léift zum Genre duerch beweegend Melodien.

 

Den Ufank mécht och den 8. August nees den DJ Brave.

De komplette Programm fannt Dir online op citylife.esch.lu .

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom