Summer zu Esch – Vëlodukt Ride
Et gi vill Grënn en Dag oder e Weekend zu Esch-Uelzecht ze verbréngen. Den Escher Blog stellt Iech an dëser Rubrik reegelméisseg een dovunner vir. Säit dem 16. Juli ass de Vëlodukt-Ride zeréck zu Esch.
Quartiere verbannen
De Vëlodukt ass déi längste Vëlosbréck an Europa a verbënnt den Escher Zentrum mat Esch-Belval. Mam Vëlodukt-Ride kënnt een op eng innovativ an nohalteg Aart a Weis vun der Place de la Résistance bei d’Uni zu Esch-Belval. Um Trajet iwwert de Vëlodukt, deen ongeféier 20 Minutten dauert, kritt een en Abléck an déi industriell Geschicht vun Esch an entdeckt souwuel de moderne Quartier um Belval, wéi och déi beléiften Uelzechtstrooss.
Vëlodukt Ride
De Vëlodukt Ride ass gratis a vun dënschdes bis samschdes tëscht 12:00 a 17:30 ënnerwee. Den Arrêt am Zentrum befënnt sech nieft dem ale Pavillon vun Esch2022 an um Belval op der grousser Plaz tëscht der Rockhal an dem Belval Plaza 1. Dee leschten Depart op der Place de la Résistance ass um 17:15 an um 17:30 um Belval. Jidderee ka vun dësem Service profitéieren. Dobäi gëllt de Prinzip “den éischten ass vir”, dat heescht dass déi Persoun déi als éischt um Arrêt vum Vëlotaxi ass, och als éischt matgeholl gëtt.
Bei Froe kënnt Där Iech un d’Escher Infofabrik wenden. Tel: 54 16 37
Den Escher Blog verëffentlecht reegelméisseg en Tipp fir de Weekend an dëser Rubrik. War dësen Tipp näischt fir Iech, da kuckt Iech déi aner Tipps an der Rubrik un oder kuckt déi nächst Woch nach eemol eran.