Summer zu Esch – Ausstellungen a Festivals

Summer zu Esch – Ausstellungen a Festivals
Culture, L'idée du weekend

Et gi vill Grënn en Dag oder e Weekend zu Esch-Uelzecht ze verbréngen. Den Escher Blog stellt Iech an dëser Rubrik reegelméisseg een dovunner vir. Iwwert de Summer kann een déi verschidden Ausstellungen zu Esch besichen. Nieft den Expoen hunn déi verschidden Haiser och nach eng Réi aner Eventer geplangt.

Konschthal

An der Konschthal kënnt Där direkt e puer Ausstellunge kucke goen. Den Highlight ass “Dis-placed” déi am Kader vun der Biennale 2024 stattfënnt. Eng Dosen international a lëtzebuerger Kënschtler weisen hei hir Wierker zum Theema “Heemverloscht” (perte du chez soi).

All Donneschde vun 17:00 bis 22:00 Auer sinn d’Konschthal Groovy Thursdays. Hei kënnt Där owes verschidden Ausstellunge kucke goen, u Visite Guidées an u speziellen Atelieren deelhuelen. All Woch gëtt et eng nei Playlist vun engem lëtzebuerger Kënschtler fir d’Soirée ze begleeden.

D’Konschthal proposéiert och eng ganz Rei Workshops a Visitten iwwert de Summer. All d’Informatiounen dozou fannt Där op konschthal.lu 

Kulturfabrik

D’Ausstellung “Between passion and pressure” vum Damien Giudice kann een sech nach bis den 21. September am Ratelach ukucken. De lëtzebuerger Kënschtler weist hei seng Drockkonschtwierker, déi seng perséinlech Leidenschaft fir Natur, Musek, Monsteren an Emotiounen erëmspigelen. Si reflektéieren och de steetegen Drock ënnert deem Kënschtler*innen sti, fir sech an der Konschtwelt ze behaapten.

Nieft der Ausstellung kann een an der Kufa Summerbar mat Famill a Frënn eppes drénken an iessen. Ab dem 23. August a bis Enn September suergt all Freiden en DJ fir déi passend Musek zu Summerowender an der Kufa. All D’Infos fannt Där am Facebook-Event.

Bridderhaus

Den Atelier vum Bridderhaus kënnt Där a verschiddene Visitten iwwert de Summer besichen. Bei der Visite Guidée vum Parcous urbain kënnt Där den 10. an 31. August matgoen.

D’Ausstellungen “Passages” an “Datamorphosis” sinn nach bis den 29. September op. A “Passages” weist de Serge Ecker dat grousst Netz vun Tunnellen, déi duerch de Minett gaangen sinn an hei déi verschidde Sitte vun der Stolproduktioun verbonnen hunn. De Kënschtler verbënnt Geschicht, Soziologie, Ökologie a Geologie a senger Aarbecht, déi fir Elektron erstallt ginn ass. “Datamorphosis” entdeckt digital Blackboxen op artistesch Aart a Weis. An enger Welt, déi gedriwwen ass duerch Daten, weist d’Ausstellung de floue Raum an d’Notioune vun Input an Output. D’Ausstellungen sinn ëmmer freides a samschdes vu 14:00 bis 18:00 op.

Bâtiment 4

De Bâtiment 4 huet am August direkt 2 Festivalle parat. De 4. August ass den Hariko Beach Festival, en Dag voll gepak mat Aktivitéite fir Jonker a Famillen. Hei gëtt et en Autotune Booth, Face Painting, Outdoor Spiller, e Flamenco Workshop an esouguer eng kleng Feiershow. Fir Musek suergen Acts wéi Flloof, Trouble in Paradize, Nicool an en Open Mic.

E weidere Festival fënnt vum 16. bis den 18. August statt. Hei kënnt Där an engem grousse Second-Hand Buttek Kleeder spenden. Fir Musek, Foodtrucks a Baren ass natierlech och gesuergt.

Musée National de la Résistance et des Droits Humains

Am Musée National de la Résistance et des Droits Humains kann een sech nach bis den 23. Dezember d’Ausstellung “Victimes oubliées” ukucken. D’Ausstellung weist d’Geschichte vu Leit, déi deemools an och haut nach sozial marginaliséiert sinn, an dat aus ganz verschiddene Grënn.

Den MNR organiséiert am August och verschidde Visites Guidées duerch déi permanent Ausstellung an iwwert de Parcours de la mémoire. D’Datumer an Tickete fannt Där op mnr.lu

Den Escher Blog verëffentlecht reegelméisseg en Tipp fir de Weekend an dëser Rubrik.  War dësen Tipp näischt fir Iech, da kuckt Iech déi aner Tipps an der Rubrik un oder kuckt déi nächst Woch nach eemol eran.

Photos: Konschthal, Kulturfabrik, Bridderhaus, Bâtiment 4, MNR

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom