D’Zechenhaus am Ellergronn

D’Zechenhaus am Ellergronn
Gastronomie

Wann d’Liewen en Zuchgleis ass, dann huet dem Fernand Banz, genannt Fern, säin Zuch vill verschidde Statioune besicht. Eng vun den éischten un déi hien sech erënnert, hat scho mat Zich ze dinn. Säi Papp huet an der Minière geschafft an als klenge Bouf war de Fern faszinéiert vun der Technik déi deemools benotzt gouf.

Besonnesch déi Zich déi an de Minièren zum Asaz koumen, haten him et ugedoen. Wéi hien du bis op sengen eegene Féiss stoung huet hien ugefaange genau déi Zich ze sammelen. Vill vun deene koumen deemools, wéi de Fern op der Bank geschafft huet, aus der DDR, an a kuerzer Zäit hat hien net méi genuch Plaz fir seng Lokomotiven a Waggonen.

Dotëscht ass dem Fern säin Zuch och vill ronderëm komm. Hie war gären ënnert de Leit, a scho wéi hie jonk war hate seng Elteren och nach e Café. D’Liewen, d’Gespréicher, d’Convivialitéit waren ëmmer en Deel vu sengem Liewen. Ufanks de 90er Joren huet hien der Arbed hir fréier Elektreschzentral am Ellergronn ofkaaft, fir seng Zich ënnerzestellen an drun ze schaffen. Spéider huet hien d‘Gebäi ausgebaut an 2005 e Restaurant opgemaach – d’Zechenhaus war gebuer. Bis 2014 huet de Fern de Betrib eleng gefouert, bis hien du schlussendlech mat 76 Joer an d’Pensioun gaangen ass.

Hautdesdaags féiert den Ivan, un deen de Fern d’Lokalitéite verlount, de Restaurant a bitt eng international Kichen mat engem liicht italienesche Flair un. An der Atmosphär vum Zechenhaus, déi mat vill Holz wéi e gemittleche Chalet wierkt, kann een sech aus villen traditionelle Platen eppes eraussichen: vu Porchetta oder Pasta mat gedréchente Champignone bis zu Calamaren a Scampien oder engem beléifte Päerdsbifdeck. Den Ivan ass e Kach mat ville Goûten an de Fern freet sech iwwert déi zolitt, traditionell Kichen.

Vum Restaurant aus kann een och erof an de Schapp kucke wou déi vill Lokomotiven a Waggonen aus der Zäit vun industrieller Revolutioun stinn. Och wann de Fern mat senge mëttlerweil 82 Joer ze al ass fir vill drun ze schaffen, fënnt een hien nach reegelméisseg am Atelier. Zesumme mat zwee jonke Männer vum Fach, restauréiert hien nach ëmmer d’Maschinnen, déi ëmmer méi seele ginn.

Bei engem Glas Wäin aus dem Zechenhaus senger excellenter Selektioun, zielt de Fern dann och emol eng Geschicht vun de ville Statiounen, déi hien am Liewe besicht huet oder senge Pläng fir d’Zukunft. D’Passioun fir seng Zich läit him nämlech nach ëmmer um Häerz an hien huet och nach e Wonsch fir d’Zukunft. „Eng Bunn tëscht dem Zechenhaus an dem Cockerills Gebai. Dat wier nach esou en Dram den ech hunn.“

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom