Jos & Jean-Marie – Handwierk, Qualitéit a Fairness

Jos & Jean-Marie – Handwierk, Qualitéit a FairnessJos & Jean-Marie – Handwierk, Qualitéit a Fairness
Gastronomie

Gutt Brout, frësch Pâtisserie a fäinste Schockela – Jos & Jean-Marie ass iwwerall am Land bekannt fir säi passionéiert Handwierk an seng Authentizitéit. Zënter der Grënnung am Joer 2002 huet d‘Maison Jos & Jean-Marie sech ëmmer weider entwéckelt a symboliséiert haut Qualitéit, Regionalitéit a Fairness.

Eng Geschicht voller Leidenschaft

D’Geschicht vu Jos & Jean-Marie huet säin Ufank mat zwee Bridder – dem Jos an dem Jean-Marie –, déi d’Handwierk schonn an de Geenen haten. „Eis Monnie ware Bäcker“ – an esou koum et, datt si hir Leidenschaft zum Beruff gemaach hunn.

Haut ass aus där klenger Familljebäckerei e landeswäit bekannte Betrib mat 21 Filiale ginn. „E Betrib, dee sou séier wiisst, verléiert dacks seng Séil“, erzielt de Grënner – mee net bei Jos & Jean-Marie. De Matgrënner Jean-Marie Neuberg ass sech bewosst, datt de Betrib trotz sengem Wuesstem seng Identitéit behale muss. „Mir wëllen, datt all eis Butteker dee selwechte Charme hunn, egal ob zu Ettelbréck oder zu Esch. D’Leit solle sech direkt wuel fillen.“ An dat säit 2014 och zu Esch!

Esch als Standuert – e wichtegt Puzzelstéck

„Mir ware gespaant, wéi Esch eis ophëlt,“ erënnert sech de Jean-Marie. „Mir waren hei am Süde komplett onbekannt. Et war en Challenge, mee mir goufe richteg gutt opgeholl. Haut kënne mir soen: Esch ass ee vun eise beschte Butteker! Et ass eng oppen, dynamesch Stad mat vill Charme.“ Tëscht 300 an 380 Cliente ginn all Dag an an aus, vun de Lycéesschüler bis bei d’Leit, déi an d’Spidol ginn.

De Jean-Marie Neuberg kennt d’Géigend nach aus senge Léierjoren, a schätzt d’Direktheet an d’Oppenheet vun den Escher. „Zu Esch seet een Iech éierlech, wann eppes gutt ass – a genee sou éierlech, wann eppes net klappt. Dat ass immens wäertvoll.“

 

Regionalitéit a Fairness als Prinzip

Dat, wat Jos & Jean-Marie ausmécht, geet awer wäit iwwert dat frëscht Brout a fäi Pâtisserie eraus. „Mir hunn eis geschwuer, dass mir regional a fair schaffen,“ erkläert de Jean-Marie. „Eis Käre komme vu Baueren aus dem Naturpark Uewersauer, d’Mëllech vu Luxlait – mir probéieren esou vill wéi méiglech nohalteg ze produzéieren.“

Och d’Schockelatrie ass e wichtegt Element vun hirem Konzept. „Mir waren déi éischt Bäckerei am Land, déi de Fairtrade-Label fir Schockela krut. Fir eis war dat eng Selbstverständlechkeet. Ech wëll net e gudde Schockela verkafen, deen awer ënner onfaire Konditioune produzéiert gouf.“

An hiren Engagement geet nach méi wäit: „Eise Betrib muss eppes zeréckginn. Mir ënnerstëtzen all Joer sozial Projete mat Spenden, well mir gleewen, datt et wichteg ass, der Gesellschaft eppes zréckzeginn.“

E richtege Meilesteen steet zu Heischent un: „Do baue mir eng Schockelatrie op, déi mat enger grousser Glasscheif vun der Bäckerei getrennt ass, sou datt d’Leit kënnen nokucken, wéi de Schockela entsteet.“

D’Aachtchen – eng Ikon !

Wann een d’Leit freet, wat fir ee Produit vu Jos & Jean-Marie besonnesch beléift ass, da kritt een dacks déi nämmlecht Äntwert: „D’Aachtchen!“.

Jean-Marie Neuberg

Dës klassesch Lëtzebuerger Spezialitéit ass quasi zum Symbol vun der Bäckerei ginn, an dat net ouni Grond: „D’Aachtche gëtt nach ëmmer op traditionell Aart a Weis gemaach, mat richteger Mëllech an ouni Kompromësser bei der Qualitéit.“

Nieft den traditionelle Bäckereiproduiten investéiert Jos & Jean-Marie ëmmer méi an hir Schockelatrie. „Mir bauen de Beräich staark aus, an d’Leit wäerte geschwënn d’Méiglechkeet hunn, a Workshoppen ze kommen, wou si léiere kënnen, wéi een artisanale Schockela mécht“, erzielt de Jean-Marie.

Jos & Jean-Marie beweist, datt Handwierk, Qualitéit a Fairness de Schlëssel fir e laangfristegen Erfolleg sinn. An dat mécht si haut zu enger vun de beléiftste Bäckereien am Land.

Menu d'accessibilité

Taille de police
100 %
Zoom
100%