Les favoris de … Patricia Greisch
Den Escher Blog: Kënnt Där Äech kuerz virstellen, w.g.l.?
Ech sinn d’Patricia Greisch, ech wunnen a schaffen zu Esch, wou ech zanter 2019 eise Familljebetrib GR Immotrust iwwerholl hunn – no 21 Joer Zesummenaarbecht mat mengen Elteren, déi mär och meng Passioun fir d’Immobiliëwelt verierft hunn. Haut féieren ech d’Agence mat vill Häerzblutt a mat engem staarken, engagéierten Team weider.
Den Escher Blog: Kënnt Där eis eppes iwwert Är Societéit GR Immotrust erzielen?
GR Immotrust besteet zanter iwwer 30 Joer am Häerz vun Esch, direkt nieft der Gare. Mär si spezialiséiert op de Verkaf an d’Locatioun vu Wunn- a Geschäftsimmobilien – souwuel am Neibau wéi och am Bestand. Mär begleeden eis Clientë mat engem perséinlechen a professionelle Service vum éischte Kontakt bis zur finaler Ënnerschrëft. Eis Ekipp besteet aktuell aus 5 Leit – dorënner och elo mäi Jong, déi zesumme funktionéiere wéi eng kleng Famill. Meng Visioun ass et, d’Agence mat Transparenz, Qualitéit an engem staarke Mënscheverstand an d’Zukunft ze féieren.
Den Escher Blog: Wat mécht d’Patricia Greisch, wa si net grad schafft?
Ech verbrénge vill a gär Zäit mat menger Famill, mat där ech ganz enk verbonne sinn. Fir ofzeschalten, ginn ech boulderen – eng nei Passioun déi mäi Mann mär nobruecht huet, déi mär net nëmme kierperlech mee och mental gutt deet. Zesumme mat eiser Duechter si Spadséiergäng am Ellergronn oder um Gaalgebierg fir eis ëmmer eng flott Auszäit.
Den Escher Blog: Wat sinn Är Liblingsplaze fir hei zu Esch gutt iessen ze goen?
Do gëtt et vill flott Adressen, mee als Vegetarierin hunn ech e puer Favoritten: Maison Lefèvre, wou ech och gär meng Geschäftsiessen organiséieren.
De Boho um Gaalgebierg huet eng exzellent Kichen an eng ganz gemittlecher Atmosphär.
An och de K116, direkt bei mär an der Noperschaft, ass ëmmer eng gutt Adress.
Den Escher Blog: Wou loosst Där Äech den Afterwork-Patt schmaachen?
Dat kënnt éier seele vir 😊, well ech als Working Mom owes léiwer Zäit mat menger Famill verbréngen. Mee wann et mol passt, da wéi fréier schonn: de Pitcher! 😉
Den Escher Blog: Wou gitt Där gäre moies Kaffi drénken?
Ech drénke mäi Kaffi meeschtens doheem. Mee wann ech mol Zäit hunn, da ganz gär an der Librairie Diderich. No engem gemeinsame Bléck duerch d’Bicherregaler mat menger Duechter, ass e Stéck Kuch an eng Taass Kaffi do ëmmer e Genoss.
Shopping zu Esch: Wou gitt Där reegelméisseg akafen?
Esch huet eng ganz Rei schéi lokal Butteker. Ech ënnerstëtze gären d’Lola Valerius mat hire wonnerbare Knippercher, déi kommen och gutt bei eise Clienten un.
Beim Déco d’Ailleurs fënnt een ëmmer eppes Besonnesches – d’Sofia féiert de Buttek mat vill Flair a Geschmaack. Et ass wichteg, dass mär als Escher och bei eise Commercen akafen.
Den Wou kann een hei gutt entspanen oder Sport maachen?
Fir ze entspanen, ginn ech gären an den Ellergronn, an dono kann een sech gutt an der Schmëdd mat engem gudde Plat belounen. Sportlech gesinn ass de BlocX eis zweet Doheem – mir boulderen do mat der ganzer Famill 4 bis 5 mol d’Woch.
Esch ass meng Heemecht. Hei wunnen ech, hei schaffen ech, hei liewen ech. Et ass eng Stad am Wandel, mat engem staarke Charakter, enger grousser Diversitéit an engem häerzleche Mënschebild.
Den Escher Blog: Wat bedeit Esch fir Iech?
Esch ass meng Heemecht. Hei wunnen ech, hei schaffen ech, hei liewen ech. Et ass eng Stad am Wandel, mat engem staarke Charakter, enger grousser Diversitéit an engem häerzleche Mënschebild.
Merci fir d’Gespréich!