5 ans, 480 articles, une aventure collective… et une ville qui vibre !
Il y a cinq ans, à l’initiative de la Ville d’Esch, une idée simple mais ambitieuse voyait le jour : créer un espace pour mettre en valeur les histoires des personnes et des entreprises qui font rayonner son économie locale.
Le Blog d’Esch met en lumière tous les acteurs qui rendent notre économie locale dynamique et diversifiée : du commerce à la restauration, de l’artisanat à l’innovation, et bien plus encore. Ici, nous découvrons des projets et des personnes que l’on croise souvent sans vraiment les connaître.
Depuis la première interview, le blog n’a cessé d’évoluer. Aujourd’hui, c’est bien plus qu’un simple média : c’est une vitrine vivante et un pont solide entre commerçants, artisans, restaurateurs, entrepreneurs et toutes celles et ceux qui portent Esch dans leur cœur.
En 1825 jours, nous avons publié plus de 480 articles, exploré l’artisanat, la gastronomie, le shopping, l’innovation, les événements et les adresses coups de cœur. Avec des formats variés – interviews, audios inclusifs, vidéos, micro-trottoirs, reportages – nous avons tendu le micro aux figures eschoises, capté des instants de vie, partagé des sourires et des réussites. Toujours en français et en luxembourgeois, toujours avec la même envie : que chacune et chacun puisse découvrir et se reconnaître dans ces histoires.
Notre présence multicanale – Blog, Facebook, Instagram – associée à un design sans cesse optimisé, nous permet de mieux refléter l’énergie d’Esch et de la partager avec un public varié. Car ce blog s’adresse à tout le monde : habitant·e·s, visiteur·euse·s, touristes, jeunes, étudiant·e·s, parents, seniors, nouvel·le·s arrivant·e·s… chacun·e peut y trouver un morceau d’Esch qui correspond à son propre style de vie.
Aujourd’hui, nous soufflons nos 5 bougies avec vous.
Cette vidéo-anniversaire est un clin d’œil à tout le chemin parcouru et un immense merci à notre communauté : lecteur·rice·s fidèles et curieux·ses, partenaires engagé·e·s et acteur·rice·s locaux·ales passionné·e·s.
Merci à vous, nos lecteur·rice·s et abonné·e·s, pour votre soutien : pour chaque lecture, partage, commentaire et interaction.
Un merci tout particulier aux commerçants et artisans eschois qui ont participé à cette aventure, pour nous avoir ouvert leurs portes et partagé avec nous leurs histoires uniques.
C’est grâce à vous que ce blog vit et grandit chaque jour.
5 Joer, 480 Artikelen, eng gemeinsam Aventure… an eng Stad voller Energie !
Gebuer aus enger Initiativ vun der Escher Gemeng ass et elo schonn 5 Joer hier, dass eng ambitiéis Iddi Realitéit ginn ass: E Raum ze schafen, wou Esch d‘Geschichten iwwer d’Mënschen an d’Betriber ervirhieft, déi d’Stad lieweg a dynamesch maachen.
Den Escher Blog stellt dobäi all déi Akteuren an de Mëttelpunkt, déi eis lokal Wirtschaft dynamesch a vielfältëg gestalten. Vum Handel iwwer HORECA a Handwierk bis hin zu Innovatioun an nach vill méi. Hei entdecke mer Projeten a Persounen, déi een dacks begéint, mee net wierklech kennt.
Vun den alleréischten Interviewen bis haut huet sech den Blog stänneg weiderentwéckelt. Haut ass en vill méi wéi just e Medium: Et ass eng lieweg Vitrinn an eng staark Bréck tëscht Butteker, Handwierker*innen, Restaurateur*innen, Entrepreneur*sen an all déi, déi dës Stad am Häerz droen.
An 1825 Deeg hunn mer iwwer 480 Artikelen publizéiert a mat Iech zesummen d’Handwierk, d’Gastronomie, de Shopping, d’Innovatioun, d’Evenementer an déi beléifte Plaze vun Esch entdeckt. An eise villfältege Formater – Interviewen, inklusiv Audioen, Videoen, Mikro-Trottoiren, Reportagen – hunn mer vill verschidde Stëmmen agefaangen, Momenter gedeelt, Erfolleger gefeiert – souwuel op Franséisch wéi och op Lëtzebuergesch, an ëmmer mat deem selwechte Wonsch am Hannerkapp: dass jidderee eppes neies entedeckt an sech an dëse Geschichten erëmfënnt.
Eis Präsenz op verschidden Kanäl – Blog, Facebook, Instagram – kombinéiert mat engem Design, deen iwwer d’Joren ëmmer erëm optimiséiert gouf, hëllefen eis, d’Dynamik vun Esch nach besser duerzestellen an engem diverse Publikum nozebréngen. Well de Blog riicht sech u jiddereen: Awunner*innen, Visiteur*sen, Tourist*innen, Jonker, Student*innen, Elteren, Senior*innen, … all Mënsch kann hei ee Stéck vun Esch entdecken, deen a säi ganz perséinleche Liewenstil erapasst.
Haut ass et esou wäit: mer blosen zesumme mat Iech eis 5 Käerzen aus!
Fir dëse speziellen Dag hunn mer e Gebuertsdag-Video zesummegestallt, dee zréckbléckt op de räiche Wee, dee mer bis elo zesumme gaange sinn, an e grousse Merci un eis Gemeinschaft : un all eis léif a virwëtzeg Lieser·innen, engagéiert Partner an déi passionéiert lokal Acteur·innen.
E grousse Merci un Iech, déi liesen, deelen, kommentéieren an eis ënnerstëtzen.
E speziellen Merci un d’Eschër Geschäftsléit an Handwierker, déi bei dëser Aventure dobäi waren, déi eis hir Dieren opgemaach an hir eenzegaarteg Geschichten erzielt hunn.