De Capot vun engem ale VW Käfer un der Mauer, eng al Bensinnspompel nieft der Dier, Neonsluuchten, Plakater, Stickeren a geckeg Deko-Elementer iwwerall, wou een hikuckt: Wëllkomm am Pitcher, dem legendäre Café-Bar zu Esch-Uelzecht, wou d’Ambiance esou dekontraktéiert ass wéi d’Escher Leit selwer.
Aussergewéinlech Ambiance
Hei ass näischt perfekt poléiert. Et ass faarweg, lieweg, voller Erënnerungen a Geschichten. De Besëtzer, de Jean-Claude Seiter, ass quasi all Dag sur place an hie kennt seng Stammgäscht zanter mëttlerweil dräi Generatiounen: „Verschiddener vun hinne si scho virun drësseg Joer no der Schoul bei mir laanschtkomm. Déi sinn haut Elteren – an hir Kanner sinn och scho reegelméisseg ënnert de Stammgäscht.“
Eng lieweg Geschicht
De Jean-Claude féiert de Pitcher elo schonn zanter 33 Joer. Iert hien de Café iwwerholl huet, wousst hie guer net, wat Esch iwwerhaapt ass. „Ech hat just héieren, datt e Café ze verkafe wier, also sinn ech mol kucke gaangen – an ech hunn en direkt iwwerholl. Vill Leit hunn deemools wéinst där spontaner Entscheedung de Geck mat mir gemaach, mee de Café ass vun Ufank u gutt gelaf.“
Eng onverkennbar Identitéit
Déi besonnesch Identitéit vum Pitcher huet sech am Laf vun de Joren zesumme mam Jean-Claude a mat senge Gäscht entwéckelt. 1992 huet ee Kolleeg vun him, deen Dekorateur ass, déi éischt Iddie fir den Innendesign entworf, an zanterhier koumen ëmmer erëm nei Elementer dobäi: Vakanzesouveniren, Kaddoe vun de Gäscht – wéi zum Beispill deen ale VW-Capot voller Fotoen, deen de Jean-Claude fir den 30. Gebuertsdag vum Café geschenkt krut.
De Pitcher ass e gemittlechen a virun allem éierlechen an authentesche Quartiers-Café, wou jidderee sech e bësse wéi doheem fillt. Student*innen, Enseignant*en, Kënschtler*innen, Stammgäscht an all méiglech Escher Leit treffen hei openeen. An d’Musek passt sech ëmmer der Stëmmung un: heiansdo Rock, heiansdo Reggae, a wann d‘Sonn schéngt, och mol e puer kubanesch Sounds.
Et geet ëm Gemeinschaft
„Mee wat wierklech zielt, ass de mënschleche Kontakt.“ De Jean-Claude kennt seng Leit a steet hinnen zur Säit, wou e kann: „Wann een e Probleem mat sengem Auto huet, sichen ech him eng kompetent Garage, a wann een eng Aarbecht sicht, hëllefen ech esou gutt ech kann.“ Well de Pitcher ass virun allem ee sozialen Treffpunkt. Och lokal Bands kënnen uewenop an de Proufraim üben – an de Jean-Claude organiséiert reegelméisseg Live-Concerten am Café.
Ee Signature-Cocktail an eng gemittlech Terrass
E richtege Klassiker beim Jean-Claude ass den hauseegene Cocktail „Bloen Néckel“ – mat Wodka, Blue Curaçao, Rouerzocker an Zitroun – zerwéiert an engem grousse Krou fir mat de Kolleegen ze deelen. An de Pitcher passe ronn véierzeg Leit eran, mee bei grousse Soiréeë wéi Silvester ginn et der och mol achtzeg oder méi. A wann d‘Sonn erauskënnt, ass déi grouss Terrass virun der Dier den Treffpunkt.
Lokal verwuerzelt
De Jean-Claude, deen eng Zäit am Süde vu Frankräich geschafft huet, iert e säi Wee an de Lëtzebuerger Süde fonnt huet, schwäermt vun Esch: „D’Leit hei sinn einfach an éierlech. Keen ass fake.“ An de Pitcher spigelt genee dës Mentalitéit: onkomplizéiert, authentesch, mat vill Häerz a Charakter.