Old Bell – Schéier wéi fréier

Old Bell – Schéier wéi fréier
Service

Am Old Bell, Barbershop a Coiffersalon an der Rue du Fossé, steet d’Perséinlechkeet vun all Client am absolute Mëttelpunkt.

Hei schafft de Marc Weisen, Coiffer aus Iwwerzeegung, Kënschtler aus Leidenschaft, an eng One-Man-Show mat Schéier an Attitüd. „Hei gëtt näischt gemaach wéi beim Noper“, erkläert de Marc. An dat gëllt fir alles: d’Ambiance, d’Clientèle, seng Philosophie – an net zulescht seng Techniken. Old Bell ass seng Bün, säi Konschtprojet, säi Raum fir déi, déi eng besonnesch Erfarung sichen.

E Buttek wéi keen zweeten

De Salon, deen 2017 gegrënnt gouf, ass vill méi wéi just e Coiffeurssalon . Et ass eng Plaz, wou Stil, Kreativitéit an Ambiance sech begéinen. D’Atmosphär ass elegant a gemittlech : eng Mëschung aus klasseschem Charme an modernen, künstlereschen Elementer, begleet vu suergfälteg ausgewielter Musek.

Hei geet et net nëmmen ëm eng Coupe, mee ëm eng Erfarung, e Moment fir sech selwer ze fannen an ze genéissen. De Salon riicht sech un Leit, déi Wäert op Qualitéit, Stil a Perséinlechkeet leeën, an déi eppes mat Charakter sichen an net einfach eng séier Coupe.

D’Clientèle ass ganz divers: vu Politiker a Buergermeeschteren bis hin zu Studenten oder Kreativer, déi eppes Besonnesches sichen.

Am Trend… mee individuell

D’Markenzeeche vum Marc ass och dat, wat Old Bell esou eenzegaarteg mécht: „Ech benotze keng Tondeuse. Näischt Elektresches. Alles passéiert mat der Schéier.“ Seng Coupen si präzis, individuell an duerchduecht. Kee Schnëtt gëtt am Stress gemaach, kee Stil opgedréckt. „Ech beroden d’Leit, kucken op d’Kappform, d’Wuessrichtung vum Hoer etc.. Wat passt? Wat net?“

Déi meescht Leit wëllen d’Hoer aktuell e bësse méi laang droen, mee si wëssen net wéi. Ma, da si se beim Marc un der richteger Adress. Hien erkennt d’Bedierfnesser vu senge Clienten a verstäerkt mat senge Schnëtter d’Perséinlechkeet vu jidderengem.

Fir Social Media mécht hien och performativ Videoe mat ambidexteren Techniken – mat zwou Schéiere gläichzäiteg. @marc_weisen_scissorhands ass seng Visittekaart op Instagram; op Facebook fënnt ee seng visuell Wierker ënnert Old Bell Haircuts.

Wisou Esch?

Old Bell ass also gläichzäiteg Handwierk, Philosophie a Protest. Eng kreativ a stilvoll Äntwert op Fast-Fashion-Frisuren.

Et ass ee Lokal mat Charakter a Konsequenz – an engem ambitiéise soziale Kontext. D’Stad Esch ass dobäi net just Kuliss, mee bewosst gewielt: „Ech sinn eigentlech Rëmelenger. Mee d’Gemeng Esch huet mech richteg gutt empfaangen. Si ënnerstëtzt d‘Geschäftsleit, déi eppes aneschters wëllen.“

De Micael ass säit ronn dräi Joer Stammclient beim Marc a bréngt et op de Punkt : „De Marc ass einfach de Beschten. Hie mécht alles mat der Schéier, alles mat Stil.“

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom