ESCHER ADVENTSKALENNER – 24 Dieren, 24 Chancen, 100 % Esch!

ESCHER ADVENTSKALENNER – 24 Dieren, 24 Chancen, 100 % Esch!
Événements

Dezember steet virun der Dier, an domat och déi Zäit, wou déi faarweg Chrëschtdaagsbeliichtungen iwwerall am Land gutt Laun verbreeden.

Zousätzlech dozou well d’Stad Esch nach e bësse méi vum Chrëschtdagsgefill verdeelen dëst Joer, dat mat engem 100% lokalen Adventskalenner!

Zesumme mat Escher Geschäfter, Handwierker, Kulturplazen a Sportsveräiner aus der Stad Esch, gëtt all Dag vum 1. bis den 24. Dezember eng nei Dier opgemaach an domat e flotte Kaddo vun engem lokale Partner verschenkt. All Dag kann sech also eng Gewënnerin oder e Gewënner op e schéine Kaddo freeën.

E Mount voller Iwwerraschungen

Hanner all Dier verstoppt sech eppes Aneres: Akafsbong fir Butteker zu Esch, kulinaresch Genossmomenter, kulturell oder sportlech Erliefnisser, Tickete fir Concerten a Spektakelen, Trikote vun Escher Ekippen, Entréestickete fir d’Schwämm a vill aner Iwwerraschungen,

An natierlech dierf déi lescht Dier den 24. Dezember net feelen: Déi grouss Iwwerraschung, an e ganz gléckleche Gewënner oder Gewënnerin fir Chrëschtdag!

Kaddoen, déi Freed maachen, déi lokal sinn, an déi ee gären selwer behält oder verschenkt.

Wéi kennt dir matmaachen?

Et ass ganz einfach: Eng eemoleg Participatioun an Dir sidd fir all déi 24 Tiragen dobäi!

An aner Wieder : déi, déi sech virum 1. Dezember umellen, huelen automatesch un all 24 Tirage vum Adventskalennter deel. Déi, déi sech eréischt am Laf vum Mount umellen, sinn ab dem Tirage vum nächsten Dag dobäi.

D’Participatioun leeft exklusiv iwwer Instagram op de Säiten vum Den Escher Blog oder vum Explore Esch

Informatiounen a Schrëtt fir matzemaachen fannt Dir direkt do op deenen zwee Säiten.

Ukënnegung vun de Gewënner

All Nomëtteg gëtt eng nei Dier opgemaach: De Kaddo vum Dag gëtt verëffentlecht, an d’Gewënnerin oder de Gewënner gëtt an der Beschreiwung genannt.

Duerno kritt d’Gewënnerin oder de Gewënner eng privat Noriicht op Instagram, fir d’Iwwergab vum Kaddo ze organiséieren. Einfach, kloer, festlech.

E Kalenner, deen d’Liewen an der Stad ënnerstëtzt

Den „Escher Adventskalenner“ ass net nëmmen e Gewënnspill: et setzt d’Leit an d’Plazen an d’Vitrinn, déi Esch iwwer d’ganzt Joer lieweg halen. Vun den Noperschaftsbutteker bis bei d‘Handwierker, vun de Veräiner bis bei d‘Kulturplazen.

Matzemaachen heescht och : entdecken, ënnerstëtzen an zu der lokaler Dynamik bäidroen. An dobäi nach d’Chance hunn, e flotte Kaddo ze gewannen.

Loosst Iech d’Chance net entgoen!

Den éischten Tirage ass den 1. Dezember, mee d’Umeldungen sinn schonn op.

Hanner all 24 Dieren erwaarden Iech Iwwerraschungen, direkt aus Esch.

Fir matzemaachen:

DEN ESCHER BLOG – ADVENTSKALENNER

Konditiounen vum Gewënnspill

Weider Konditioune vum Escher Adventskalenner fannt Dir op der Websäit vun der Stad Esch ënner

CALENDRIER DE L’AVENT D’ESCH – 24 chances de gagner des cadeaux 100 % locaux !

Décembre approche, et avec lui cette atmosphère unique où les illuminations transforment les rues et réveillent l’esprit de fête. Cette année, la Ville d’Esch a décidé d’ajouter encore un peu de magie au quotidien… en glissant 24 cadeaux locaux derrière les fenêtres de son Calendrier de l’Avent !

En collaboration avec les commerçants, artisans, lieux culturels et associations sportives de la Ville d’Esch, une nouvelle petite porte s’ouvre chaque jour du 1er au 24 décembre, révélant un joli cadeau offert par un partenaire local… et d’un·e gagnant·e qui repartira avec un grand sourire.

Un mois de découvertes « made in Esch »

Chaque jour réserve son lot de nouveautés : bons d’achat chez nos commerçants, expériences culturelles, gourmandises, accessoires design, parenthèses bien-être ou activités sportives.

Des cadeaux authentiques, utiles, créatifs. Parfait pour se faire plaisir ou cocher une case de la liste des cadeaux de Noël.

Et comme le veut la tradition, le 24 décembre n’est pas une journée comme les autres. Une fenêtre encore plus généreuse attend d’être ouverte, prête à couronner un·e dernier·ère et très heureux·se gagnant·e.

Comment participer ?

Rien de plus simple : une seule inscription, et vous restez dans le jeu pour l’ensemble des 24 tirages !

La participation se fait exclusivement sur Instagram, via Den Escher Blog ou Explore Esch.

On suit les pages, on se laisse guider par la publication du jour, on commente, on partage… et, au passage, on découvre un commerce, une salle de spectacle, une équipe locale. C’est fluide, convivial, presque aussi réconfortant qu’un chocolat chaud.

Toutes les informations et les étapes pour participer sont indiquées directement sur ces deux pages.

Annonce des gagnants

Chaque après-midi, une nouvelle fenêtre s’ouvre : le cadeau du jour est révélé et le nom du ou de la gagnant·e tiré·e au sort est indiqué en légende. Un message privé sur Instagram suit afin d’organiser la remise du lot. Simple, clair, festif.

Un calendrier qui fait rayonner la vie locale

Derrière le jeu, il y a surtout un bel objectif : mettre en lumière celles et ceux qui animent la ville toute l’année. Commerçants, artisans, associations, lieux culturels, équipes sportives…

Participer, c’est découvrir, soutenir et contribuer à la dynamique locale, tout en ayant la chance de gagner un cadeau.

Prêts à jouer ?

Le premier tirage aura lieu le 1er décembre, mais les inscriptions sont déjà ouvertes.

Derrière ces 24 fenêtres digitales, ce sont des émotions, des rencontres et des surprises locales qui n’attendent que vous.

Pour participer, c’est par ici :

DEN ESCHER BLOG – ADVENTSKALENNER

Conditions du jeu-concours

Toutes les conditions sont disponibles sur le site de la Ville d’Esch

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom