D’Magie vun der Wanterzäit zu Esch – Krëschtmoart, Kleeschen-Ëmzuch an Sonndes-Shopping
Wann de Wanter ëmmer méi no réckelt, spiert een zu Esch d’Virfreed op d’Feierdeeg. Wärend d’Stroossen an d’Vitrinne festlech gerëscht ginn, réckelen och d‘Feierdagstraditiounen an de Mëttelpunkt.
Den Escher Krëschtmoart: e klengt Wanterduerf am Häerz vun Esch
Vum Freideg, 14. November 2025, bis e Sonnden, 21. Dezember 2025, verwandelt de Krëschtmoart d’Escher Gemengeplaz an e klengt Wanterwonnerland.
D‘Ëffnungszäite si vu sonndes bis donneschdes vun 12 bis 20 Auer, freides a samschdes vun 12 bis 22 Auer. D’Gastronomiestänn bleiwen dacks awer nach e bëssen op, bis och dee leschte Genéisser sech op den Heemwee mécht. Dëst Joer besteet de Moart aus 24 Stänn, déi e richtegt Wanterduerf bilden, voller Handwierkskonscht, leckerem Iessen a séissem Glüwäin.
D’Gastronomiestänn bleiwen dacks awer nach e bëssen op, bis och dee leschte Genéisser sech op den Heemwee mécht. Dëst Joer besteet de Moart aus 24 Stänn, déi e richtegt Wanterduerf bilden, voller Handwierkskonscht, leckerem Iessen a séissem Glüwäin.
De Weekendprogramm: Musek, Spektakelen a Begéinungen
Wéi an de viregte Joren och suerge kleng Büneshows och dëst Joer fir Stëmmung wärend de Weekender um Krëschtmoart, an zwar all freides a samschdes vu 16 bis 21:30 Auer a sonndes vu 16 bis 19:30 Auer. De geneeë Programm fannt dir op der Agenda vun der Stad Esch. Tëscht Concerten, Iwwerraschungen a spontane Momenter verwandelt sech d’Gemengeplaz an eng gemittlech, aluedend Stuff ënner fräiem Himmel.
Kleeschen-Ëmzuch an der Uelzechtstrooss
De Sonnden, den 30. November 2025, fennt de Kleeschen-Ëmzuch duerch d’Escher Uelzechtstrooss staat, fir Grouss a Kleng eng Freed ze maachen.
Um 14:30 mécht sech de Kleesche vun der Place de la Résistance aus op de Wee a Richtung Chrëschtmoart op der Gemengeplaz. Um 16 Auer kënnt dann de grousse Moment, op deen all d’Kanner sou laang gewaart hunn: d’Verdeelung vun de gutt gefëllte Séissegkeetentuten. All Kand kritt, wéi d‘Traditioun et virgesäit, eng vun dëse leckeren Titercher iwwerreecht.
Sonndes-Shopping: spadséieren, shoppen, sech verféiere loossen
Fir d’Feierlechkeeten ze begleeden, hunn d’Geschäfter an der Uelzechtstrooss op dësem Sonndeg vu 14 bis 18 Auer op. A well domadder net duergeet, ginn et nach eng Rei weider verkafsoppe Sonndeger am Dezember: den 30.11., den 13.12. an den 20.12.. Esou huet jidderee genuch Zäit, dee richtege Kaddo ze fannen, ënnerwee e waarme Schocki ze drénken an der Stad hire virchrëschtdagleche Charme ze genéissen.
Esch allume la magie de fin d’année : Marché de Noël, Cortège St. Nicolas et ouvertures dominicales
Quand l’hiver approche, Esch enfile ses habits de fête et remet ses traditions au cœur de la ville.
Marché de Noël : un village d’hiver au cœur d’Esch
Le Marché de Noël s’installe sur la Place de l’Hôtel de Ville du vendredi 14 novembre 2025 au dimanche 21 décembre 2025 inclus. Les horaires dessinent un rythme généreux : du dimanche au jeudi de 12h à 20h, vendredi et samedi de 12h à 22h…
Sauf la gastronomie, qui prolonge souvent la soirée jusqu’à ce que la place se vide. Cette année, 24 stands composent un véritable petit village d’hiver, entre artisanat, épices et tasses de vin chaud.
Animations de week-end : musique, scènes et rencontres
Comme chaque année, des animations de scène rythmeront les fins de semaine au Marché de Noël : le vendredi et le samedi de 16h à 21h30, et le dimanche de 16h à 19h30.
Le programme détaillé de chaque week-end est disponible dans l’agenda de la Ville d’Esch.
Entre concerts, surprises et rencontres improvisées, la place se transforme en véritable salon à ciel ouvert.
Cortège festif de Saint Nicolas
Le dimanche 30 novembre 2025, le Cortège Saint Nicolas traverse la rue de l’Alzette dans un nuage de rires et de bonnets rouges.
À 14h30, le saint barbu quitte la Place de la Résistance pour rejoindre le Marché de Noël sur la Place de l’Hôtel de Ville. À 16h00, moment attendu : la remise des sachets de friandises. Chaque enfant présent reçoit son sachet. Promesse tenue, souvenir sucré.
Ouvertures du dimanche : flâner, choisir, se laisser tenter
Pour accompagner la fête, les commerces de la rue de l’Alzette ouvrent de 14h à 18h. Et parce qu’un seul dimanche ne suffit pas, les ouvertures dominicales en centre-ville rythment aussi décembre : 30/11, 13/12 et 20/12. On prend le temps de dénicher le cadeau juste, de s’arrêter pour un chocolat chaud, de laisser la ville dérouler sa bande-son d’avant-Noël.