Nëmmen e puer Schrëtt vun der Escher Uelzechtstrooss, tëschent Kultur, Geschäftswelt a Multikulti, läit een Hotel, dee Rou, Diskretioun a Qualitéit versprécht: den Hotel Acacia.
De Serge Rihm féiert dëse Betrib mat Häerz a Verstand , am daz schonn zanter 1980. Ufanks zesumme mat sengen Elteren, als Hotel-Restaurant, spéider , nodeem de Restaurant zougaang ass, als puren Hotel, deen sech souwuel u Business-Gäscht wéi och Privatleit riicht, déi de Lëtzebuerger Süden entdecke wëllen.
Vu Paräis op Esch
De Serge huet zu Paräis an zu Stroossbuerg säin Handwierk geléiert, als Kach mat Ambitiounen an engem Gespier fir Qualitéit. Wéi säi Papp, selwer e bekannte Restaurateur, mam Betrib ophale wollt, huet de Serge sech net laang missen iwwerriede loossen. D‘Hotelswiesen an d’Restauratioun si seng Leidenschaft. „Wien eppes gär mécht, mécht et och gutt“, seet de Serge. „An da kënnt de Rescht vun eleng.“
D’Zäit a virun allem d’Covid-Pandemie hunn awer vill Verännerunge mat sech bruecht. Als éischt huet de Serge de Restaurant zougemaach, fir duerno den Hotel grondleeënd ze transforméieren: Studioe mat Kitchenette fir méi laang Openthalter, modern Zëmmere mat Kaffismaschinnen a Mikrowellen – komfortabel, praktesch, diskret. „Eis Gäscht solle sech hei wuel a fräi spieren. Et soll funktionéieren, ouni dass ee vill froe muss.“
Net just eng Plaz fir ze schlofen
D’Clientèle vum Acacia ass bont gemëscht: Leit aus der Geschäftswelt, aus dem Kultursecteur, Journalist*innen, Artist*innen, Vertrieder*innen. Wien zu Esch ze dinn huet, kennt den Acacia. A vill Leit kommen ëmmer erëm. „Mir hu Gäscht déi zanter Jore reegelméisseg kommen. Si wëssen, wat se hei erwaart: Rou, Diskretioun an eng gewëssen Normalitéit.“
Escher am Häerz
Och wann de Serge kee gebiertegen Escher ass, lieft a schafft hie schonn iwwer véier Joerzéngten an der Stad. „Esch huet sech enorm entwéckelt. D’Leit si direkt, oppen, multikulturell. An d’Stad huet eng Dynamik, déi ech ganz spannend fannen.“
Wat kënnt nom Serge?
Obwuel hien eigentlech schonn 2019 an d’Pensioun goe wollt, steet de Serge nach ëmmer hannert dem Comptoir. Mee hie weess, dass iergendwann Zäit ass, de Staf weiderzereechen. „Wann een déi richteg Persoun fënnt, ass et flott. Mee sou e Betrib gëtt een net einfach esou fort – et muss passen.“
Bis dohi bleift den Hotel Acacia, wat en ëmmer war: eng adäquat Adress fir déi, déi net just eng Plaz fir ze schlofe sichen, mee eng heemeleg Ënnerkonft am Zentrum vun der Stad, wou ee sech ongestéiert zréckzéie kann.