Aylla’s Kitchen – Häerz, Handaarbecht a Kaiserschmarrn
Op der Nummer 17 an der Rue du Brill zu Esch waart ee richtege gastronomesche Geheimtipp fir all Feinschmecker. Bei Aylla’s Kitchen verwinnen d’Aylla a seng Famill hir Clientë mat engem villfältege Menü aus virun allem bosneschen an éisträichesche Plate, déi mat vill Häerz a Savoir-faire zoubereet ginn.
„Meng Mamm ass gebierteg aus Bosnien, mee mir hu laang an Éisträich gelieft. Vill vun de Rezepter hunn do hir Wuerzelen: traditionell Gromperenzalot, Wiener Schnitzel mat Kéisspätzle an natierlech de berüümte Kaiserschmarrn. Dat fënns de hei bal néirens anescht am Land“, seet erzielt d’Armansa, d’Duechter vun der Chefkächin Aylla. All Dag proposéiert d’Aylla ausserdeem ee besonnesche Menu du Jour, mee de grousse Stolz vum Haus bleift d’Pâtisserie.
Eng Kiche mat Charakter
Déi ganz Iddi vum Restaurant ass aus engem einfache Wonsch entstan: „Meng Mamm wollt ëmmer eng Pâtisserie opmaachen. Si huet hir Meeschterprüfung an Éisträich gemaach an hire Savoir-faire iwwert d’Jore perfektionéiert“, erzielt d’Armansa houfreg.
Am Restaurant schaffe si haut zu dräi: D‘Aylla selwer als Kächin a Pâtissière, hire Brudder Asko an d’Armansa, dat als Dekoratrice an am Service täteg ass. Et ass e richtege Familljebetrib, mat vill Léift fir den Detail an ëmmer nees kreativ Iwwerraschungen.
Heemeleg a modern
Och d’Ariichtung ass bis an de klengsten Detail duerchduecht: D’Armansa wollt eng waarm Ambiance schafen, déi gemittlech, modern an trotzdeem allgemengfrëndlech ass. Vill wäiss an hellrosa Pastelltéin, Velours-Still, Blummen, Holzelementer an déi passend Deko verleien dem Restaurant eng friddlech Ambiance, wou een direkt Loscht kritt, Zäit ze verbréngen.
An dat ass souguer erwënscht. „Mir wëlle keng Distanz tëscht eise Gäscht an eis. Wie Loscht huet, ka sech mat eis ënnerhalen. Mir si ganz oppen!“
D’Clientèle ass ganz divers, vun Aarbechter iwwer Studenten a Familljen. Et ginn vill Stammclienten, mee och ëmmer méi nei, virwëtzeg Gesiichter.
Ee Bléck an d’Zukunft
Fir d‘Zukunft huet d’Famill grouss Pläng: „Mir wëlle geschwënn eng kleng Pâtisserie mat Bäckerei hei zu Esch opmaachen“, esou d’Armansa.
D’Aylla huet sech schonn ëmmer fir Pâtisserie begeeschtert an d’Iddie kommen hir oft ganz spontan. Si kreéiert alles aus dem Kapp eraus, inspiréiert vun hirem Liewenswee. „An dobäi ginn et keng ongesond Puddingfëllungen: Alles ass mat richteger Ganache preparéiert an d’Ingrediente sinn all propper an originell.“
Wat op den Teller kënnt, ass hausgemaacht, frësch a lokal, bis op e puer Ingredienten, déi aus Bosnien importéiert ginn, well een déi einfach net zu Lëtzebuerg fënnt.
„Esch ass eist Doheem“
Dem Aylla seng Famill ass zënter Jore fest zu Esch verwuerzelt. „Meng Elteren hu sech hei zu Esch kennegeléiert, an et war kloer: Mir maachen eppes op, genau hei, wou mer liewen.“
Datt Esch vill ze bidden huet, spillt natierlech och eng Roll: „Et gëtt ëmmer eppes ze erliewen : Mäert, kleng Fester, e liewegen Zentrum. Dat gëtt et net iwwerall.“