Pizza Enzo – 41 Joer Léift fir Pizza

Pizza Enzo – 41 Joer Léift fir Pizza
Gastronomie

Wann een d’Dier vum Pizza Enzo an der Uelzechtstrooss opmécht, trëtt een net einfach an eng Pizzeria eran. Et betrëtt een eng Geschicht, déi viru méi wéi véier Joerzéngten ugefaangen huet. Eng Geschicht iwwert Handaarbecht, Famill a Leidenschaft.

De Start vum Pizza Enzo

Am November 1984 huet d’Gabriella Biagioni déi éischt Pizza hei am Land gebak, dat an engem klenge Buttek bei der Gare. Zu där Zäit war et nach keng Selbstverständlechkeet zu Lëtzebuerg, Pizza ënnerwee z‘iessen. „D’Leit hunn et guer net kannt, Pizza mat der Hand z’iessen. Mee dunn hu mir ugefaangen se a méi kleng Quadrater ze schneiden, virun allem fir d’Schüler, déi aus der Schoul koumen, dass se sech net knaschteg maachen.“

Aus dem klenge Buttek gouf eng ëmmer méi grouss Pizzeria. Si ass vum Garer Quartier an d’Avenue geplënnert, wou se zéng Joer bliwwen ass, an zënter iwwer engem Joerzéngt sinn d’Gabriella a seng Duechter Roberta Puddu erëm zeréck am Häerz vun Esch, matten an der Uelzechtstrooss.

Haut ass d’Gabriella offiziell an der Pensioun, mee hatt kënnt nach ëmmer all Dag laanscht, fir seng Duechter z’ënnerstëtzen.

Alles gëtt selwer gemaach

An der Kichen zielt vun Ufank un Handaarbecht a Qualitéit. Et gëtt näischt fäerdeg kaaft, näischt vu grousse Ketten. All Pizza, all Panini, all Portioun Nuddelen ass hausgemaach, no italieenesche Rezepter aus der Géigend vun Umbrien. „Ech verkafe just dat, wat ech och selwer gären iessen“, beschreift d‘Gabriella d’Philosophie vu Pizza Enzo.

Fir hatt ass dat eng Fro vu Respekt virun de Cliente, an och viru senger eegener Geschicht an Traditioun. An dat gëllt och fir d‘Glacen: vu Mäerz bis Oktober gëtt se komplett selwer hiergestallt, genau sou wéi de Frozen Joghurt, deen et d’ganzt Joer iwwer gëtt.

D’Pizza bleift de Star um Menü

Dee beléiftste Plat? Ganz kloer: d‘Pizza. A virun allem déi klassesch Varianten: Ham a Champignonen a Margherita. „Heiansdo froen d’Leit no Pizza Hawaii, mee mir bleiwen leiwer traditionell.“

Dëst Verständnis vu Konsistenz an Authentizitéit dréit d’Pizzeria zënter 41 Joer, an d’Rezept dofir kënnt net just aus Italien, mee direkt aus der Famill.

Eng Famill vu Gastronomen*innen

D’Kachkonscht läit bei de Biagioni-Fraen am Blutt: D’Gabriella huet als klengt Meedche vu fënnef Joer bei hirer Mamm geléiert, wéi een Nuddele mécht. Déi hat an den 1960er Joren en eegene Restaurant an der Brillstrooss zu Esch.

„Ech sinn an der Kichen opgewuess. Meng Mamm, meng Boma – si hunn all gekacht. Ech hunn et hinne just nogemaach.“

Firwat Esch?

Esch ass fir d’Gabriella net nëmmen eng Adress, mee e Stéck Heemecht. „Ech sinn hei an d’Schoul gaangen, ech sinn hei grouss ginn. Fir mech gouf et ni eppes anescht. Ech sinn Escher.“

D’Stad Esch bedeit fir hatt Famill, Zesummenhalt, Vertrautheet. Wäerter, déi ee spiert, soubal een an d’Pizzeria erageet.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom