Zanter méi wéi dräi Joerzéngte steet de Betrib Doppler fir Zouverléissegkeet, techneschen Know-How a virun allem: d’Wuel vun de Mënschen. Ob Orthopädietechnik, Rehabilitatioun oder Sanitéitshaus, hei geet et net just ëm Produkter – mee ëm Vertrauen, Empathie an individuell Begleedung.
E Familljebetrib mat Häerz
Hannert dem Numm Doppler stécht e Familljebetrib, deen an der drëtter Generatioun gefouert gëtt an zanter 1986 zu Lëtzebuerg aktiv ass. Nieft dem Sëtz zu Contern gëtt et och eng Filial an der Escher Foussgängerzon, wou Familljewäerter mat Expertise kombinéiert ginn.
Wann een hei an de Buttek kënnt, erlieft ee professionell fachlech Berodung an en oppent Ouer. Déi meescht Cliente komme mat perséinlechen oder kierperleche Schwieregkeeten, an déi ginn hei mat Respekt a Rou ugeholl. „Nëmme wann ee sech wuelfillt, kann een sech och wierklech opmaachen. A genau dat ass eis Prioritéit“, seet d‘Janine Jerol, Responsabel vun der Filial zu Esch.
E breede Spektrum u Servicer
Doppler ass a ville Beräicher aktiv: an der Orthopädietechnik gi Bandagen, Ortheesen oder Protheesen ugebueden. Am Beräich vun den Einlagen an dem Foussscan ass d’Ekipp mat modernster Technik ënnerwee a schneidert Léisungen op d’Besoine vun de Clienten zou. Am Sanitéitshaus fënnt een alles vu Kompressiounsstrëmp bis zu Hëllefsmëttel fir den Alldag, wéi Duschstill, Toilettenliften oder Kleeder fir no enger OP. Am Reha-Beräich gi Rollstill, Sëtzschuelen, Bettlifter oder Therapiestill ugebueden, och hei mat engem ganz individuellen Usaz.
Besonnesch ass och d’Fachkompetenz am Beräich Rettung a Brandschutz. D’Filial beréit a versuergt mat Feierläscher, Defibrillatoren oder Equipementer fir Pompjeeën. All d’Produite ginn no héchste Qualitéitsnormen ausgewielt a ginn nëmme verkaf, wann d’Ekipp voll dohannert steet. Dofir gi reegelméisseg Foire besicht, fir ëmmer um neiste Stand ze bleiwen.
Mënschlech, perséinlech, zouverléisseg
D’Filial schafft mat dräi bis véier Mataarbechter, déi op Däitsch, Franséisch, Lëtzebuergesch an Englesch mat de Clientë kommunizéiere kënnen.
Och wann d’Offer grouss ass – de Betrib bleift familiär. De Client ass net einfach eng Nummer, mee en Deel vum Haus. Esou entsteet eng Relatioun, déi dacks iwwer de Kaf erausgeet. E Client gëtt och op der Strooss erëmerkannt a gegréisst.
Dat mécht Esch fir d’Janine Jerol och esou speziell: et ass kleng, mee lieweg, an et ass Plaz fir Mënschlechkeet. „Heibannen an dobausse kennt ee sech, an dat ass schéin.“ Net nëmmen d’Clientë fillen sech wuel – och d’Mataarbechter schätzen déi multikulturell, oppen an dynamesch Stad, déi ëmmer erëm nei Impulser setzt.