Zu Esch ass den Drupi’s scho laang méi wéi eng klassesch Wäibar. Et ass eng Plaz, wou Leit zesummekommen, e gutt Glas Wäin deelen an eng entspaanten Zäit verbréngen. Zanter dem leschten Artikel am „Den Escher Blog“ am Joer 2021, huet sech d’Konzept weiderentwéckelt, ouni dobäi säi Kär ze verléieren.
De Wäin am Mëttelpunkt
Enn 2025 huet d’Ekipp eng bewosst Decisioun geholl: dat an de Mëttelpunk ze setzen, wat Drupi’s ausmécht. Déi waarm Kichen ass soumat verschwonnen, fir erëm Plaz ze maachen fir eng authentesch Bar mat Vinothéik.
De neie Menü bleift och dobäi: Häppecher fir den Apéro, Pinsa an italieenesch Spezilitéite, déi een am beschten zesummen deelt. Eng entspaant Atmosphär, ideal fir no der Aarbecht ofzeschalten.
Freides bleift dofir och nach ëmmer dee beléiftsten Dag: vill Leit kommen no der Aarbecht fir en Apéro a verbréngen hiren Owend och hei.
Eng Passioun fir italieenesche Wäin
De Kär vum Konzept bleift d’Vinothéik. Hei geet et net nëmmen drëms Wäin ze schmaache, mee och nei Goûten ze entdecken.
De Besëtzer, de Salvatore Pica, reest e puer Mol am Joer an Italien. Do sicht hien no neie Wäiner, besicht Wënzer a mécht seng Selektioun direkt op der Plaz.
„D’Iddi ass kleng Pépiten ze fanne – Wäiner, déi een net iwwerall zu Lëtzebuerg kritt.”
Eng Approche, déi et erméiglecht, onbekannt Produzenten an originell Goûten hei zu Esch ze proposéieren.
Wäin entdecken… a mat heem huelen
D’Konzept ass einfach: ee Glas Wäi genéissen, eppes Neies schmachen, a wann et engem gefällt, kann een d’Fläsch och direkt mathuelen.
D’Ekipp vum Salvatore hëllt sech Zäit fir d’Clienten ze beroden an ze guidéieren. Net seelen entstinn dobäi spontan Degustatiounen, déi de Besuch nach méi perséinlech maachen.
E Stéck Italien fir matzehuelen
Nieft de Wäiner bitt Drupi’s och eng kleng Auswiel un italieenesche Spezialitéiten: Pasta, Tomatenzooss, Olivenueleg an aner Produiten, déi d’Erfarung verlängeren.
Besonnesch an der Chrëschtzäit ginn och Kaddoskierf zesummegestallt. Eng Kombinatioun aus ausgewielte Produiten a Wäin, déi sech gutt verschenke léisst.
Eng Plaz fir Eventer
Iwwer d’Joren gouf och den Event-Beräich ëmmer méi wichteg. Privat Soiréeën, Gebuertsdeeg oder Afterworks – Drupi’s kann fir ganz verschidde Geleeënheete privatiséiert ginn.
D’Konzept ass flexibel: d’Cliente kënnen hir eege Iddien abréngen, vun der Musek bis zur Dekoratioun.Dacks gëtt eng Kombinatioun aus Wäi-Selektioun an italieeneschem Fingerfood ugebueden, mat Charcuterie, Kéis an anere Spezialitéiten aus Italien. Je no Event suergen och DJ’e fir déi passend Stëmmung.
Eng Ambiance wéi doheem
Wat Drupi’s besonnesch mécht, ass seng Atmosphär: waarm, familiär a gemittlech. „Et ass wichteg, datt d’Clienten hei roueg kënne sëtzen a sech wuel fillen.“
D’Clientèle ass gemëscht: Stammclienten, déi sech am Nomëtteg a Rou treffen, an och jonk Leit, déi owes gären nach eppes zesummen drénken – jidderee fënnt hei seng Plaz.
Eng staark Verbindung mat Esch
D’Wiel fir Esch war fir de Salvatore Pica eng Selbstverständlechkeet. Hien ass hei opgewuess, hei an d’Schoul gaangen, a seng Wuerzelen leien an der Stad. Fir hien war et also kloer, säi Projet hei opzebauen – an enger Stad, déi hien gutt kennt a wou hien sech doheem fillt.
No bal 10 Joer huet sech eng trei Clientèle entwéckelt. Vill Gäscht kommen ëmmer erëm – net nëmme fir de Wäin, mee och fir déi eenzegaarteg Atmosphär.