ESCHcapade … an d’Schwemm!
Egal ob Dir op der Sich no enger flotter Aktivitéit, engem Moment ënner Frënn oder enger neier Erfarung sidd, den Escher Stadzentrum huet villes ze bidden. Den Escher Blog hëlt Iech mat op eng Entdeckungsrees duerch d’ESCHcapades, déi Dir matzen am Häerz vun der Stad erliewe kënnt.
Fir dës nei ESCHcapade geet et an de Laval’s Parc a bei eng Adress, déi vill Escher·innen gutt kennen: Les Bains du Parc, oder och einfach d’Eschwer Schwemm. Nëmmen e puer Minutten ze Fouss vum Zentrum ewech fënnt een hei Schwammen, Waasseraktivitéiten, Sport a Wellness ënnert engem Daach.
Zesumme mam Jean Wagner, Gérant vun der Escher Schwemm, hu mir eis op d’Entdeckung vun de verschiddene Méiglechkeete gemaach, wéi een dës bekannt Plaz an der Stad genéisse kann.
Fir jiddereen dee richtege Baseng
Loscht, e puer Längten ze schwammen, sech z’entspanen oder einfach eng flott Zäit mat der Famill am Waasser ze verbréngen? D’Escher Schwemm bidd verschidde Beräicher un, wou fir all Wonsch eppes dobäi ass.
De grousse 25-Meter-Baseng mat fënnef Bunnen ass ideal fir Schwëmmer a fir ze trainéieren. Dobäi kënnt den Outdoor-Erliefnesbaseng, deen d’ganzt Joer iwwer gehëtzt gëtt a mat senge Waasserjets a Massagebänken zum Entspanen aluet.
Fir déi Kleng steet e gehëtzte Kannerbaseng mat enger klenger Rutsch a verschiddene Waasserspiller zur Verfügung. A wien e bësse méi Action sicht, bitt déi grouss Rutsch eng 40 Meter laang Faart.
Esou kann een hei genee dat maachen, op wat ee Loscht huet: sportlech schwammen oder einfach e puer entspaant Momenter am Waasser verbréngen.
Aktivitéite fir a Beweegung ze bleiwen
D’Escher Schwemm bidd och eng ganz Rei Aktivitéiten un, déi vun Trainer·innen ugeleet ginn. Schwammcoursë fir Kanner an Erwuessener, individuell Coursen, Aquagym oder Aquabike erméiglechen et jidderengem, eng Aktivitéit ze fannen, déi zu sengem Niveau passt.
Och déi ganz Kleng ginn net vergiess: Samschdes ginn Bëbeeschwammcoursen an der Schwemm um Brill organiséiert, mat verschiddene Gruppen, déi no Alter agedeelt sinn. Donieft bitt d’Schwemm och Formatiounen un, fir de Lifesaver-Brevet ze maachen. Dëse riicht sech ënner anerem un Enseignanten, déi Schwammaktivitéite betreien.
D’Aktivitéite beschränke sech awer net nëmmen op de Beräich ronderëm d’Waasser. Um éischte Stack fannt dir och e ganze Fitnessberäich, deen ee mat der Entrée fir d’Schwemm oder de Wellnessberäich kombinéiere kann. E nei equipéierte Sall steet ausserdeem Professionellen zur Verfügung, déi e Raum fir hir eege Yoga-, Pilates- oder aner Sport- a Wellnesscourse sichen. Am Gebai ass och eng onofhängeg Kiné-Praxis, déi allgemeng a sportlech Kiné ubitt.
Zäit fir sech z’entspanen
Nom Sport oder einfach, fir sech eng Paus ze gënnen, kann een am Wellnessberäich ofschalten. D’Escher Schwemm bidd hei eng ganz Rei Méiglechkeete fir z’entspanen, an de Wellnessberäich kann och onofhängeg vun der Schwemm besicht ginn.
Finnesch Sauna, Bio-Sauna, Hammam, Infrarout-Kabinnen, waarm a kal Waasserbasengen, Solarium oder Rouberäicher: Et gëtt genuch Auswiel fir seng Zäit esou ze gestalten, wéi ee se am Léiwste genéisst. An der Sauna ginn och reegelméisseg Aufguss-Sessioune mat verschiddenen äthereschen Ueleger organiséiert, déi ëmmer nees fir eng aner Erfahrung suergen. Ausserdeem gëtt et en zweete Solarium, deen een och ouni Entrée fir d’Schwämm oder de Wellness ka benotzen.
Sou kann een hei eng Sportsessioun gemittlech ausklénge loossen oder einfach e puer Stonnen ofschalten, ouni mussen an d’Schwammbasengen ze goen.
Fir den Dag gemittlech ofzeronnen, empfänkt Iech de Restaurant-Bistro Club5. Hei si souwuel d’Visiteure vun der Schwemm wëllkomm, wéi och Leit déi einfach nëmmen e Patt huelen oder eppes iesse wëllen.
Wann de Baseng zum Kino gëtt
Heiansdo stinn och méi aussergewéinlech Evenementer um Programm. Bei House of Horrors zum Beispill verwandelt sech de Baseng fir een Owend an e ganz besonnesche Kino: D’Participante kucken am gehëtzte Waasser en Horrorfilm – mat där enger oder anerer Iwwerraschung, déi fir déi passend Atmosphär suergt.
Eng originell Manéier, d’Raimlechkeete vun der Schwemm ze notzen an de Leit eng aner Erfarung ze bidden, déi wäit iwwer eng klassesch Schwammsessioun erausgeet.
Eng Escher Geschicht zënter 1950
Och wann d’Escher Schwemm hir Installatiounen an hir Offer haut ëmmer nach weiderentwéckelt, geet hir Geschicht wäit zeréck. D’Schwemm huet den 13. August 1950 offiziell hir Dieren opgemaach a gehéiert zënterhier fest zum Escher Stadbild.
Deemools hat se souguer eng Funktioun, déi et haut net méi gëtt: déi vun engem ëffentleche Bad. Vill Stéit haten zu där Zäit nach kee Buedzëmmer. D’Awunner·innen konnten dofir déi ëffentlech Duschen a Bidden notzen, fir sech ze wäschen. Nieft dëse Raimlechkeete gouf et schonn deemools de grousse 25-Meter-Baseng fir d’Schwëmmer – seng Dimensioune sinn iwwregens bis haut onverännert bliwwen.
Ufanks vun den 2000er Jore gouf d’Escher Schwemm renovéiert an ausgebaut. Zënterhier huet sech d’Offer mat neie Beräicher an Aktivitéite weiderentwéckelt, ouni déi besonnesch Verbindung mat der Stad ze verléieren.
A wann Är nächst ESCHcapade am Waasser wier?
E puer Längte virum Start an den Dag, en Aquabike-Cours, en Nomëtteg mat der Famill, eng Wellness-Sessioun oder einfach Loscht d’Plaz z’entdecken: D’Escher Schwemm bitt vill Méiglechkeete, fir seng Fräizäit direkt am Häerz vun Esch ze genéissen.
Mat verschiddenen Entréespräisser, 10er-Kaarten an Abonnementer ka jidderee déi Formel wielen, déi am beschten zu senge Gewunnechte passt.
Esou kann aus engem einfache Besuch eng sportlech, entspaant oder einfach erfrëschend ESCHcapade ginn – ganz no den eegene Wënsch.