Restez informé(e)

Drupi’s: Frësche Wand fir eng beléiften Adress

Drupi’s: Frësche Wand fir eng beléiften Adress
Gastronomie

En neit Kapitel fir den Drupi’s

Bei Drupi’s huet sech d’Gerance geännert, mee d’Stëmmung bleift déi selwecht. Zënter kuerzem huet d’Lynn Heiderscheid dës bekannt Adress am Zentrum vun Esch iwwerholl. Si wëll dat behalen, wat Drupi’s iwwer d’Jore geprägt huet, a gläichzäiteg lues a lues der Plaz neie Schwong ginn.

Wäinbar, kleng Platen an eng Epicerie mat gudde Spezialitéiten: Drupi’s ass virun allem eng Plaz, wou ee gemittlech sëtzt, e Patt drénkt, eppes klenges ësst an de Moment genéisst. D’Lynn wëll d’Offer no an no weiderentwéckelen, jee no de Joreszäiten, de Produiten an de Réckmeldunge vun de Clienten.

Eppes änneren, ouni alles nei ze maachen

Wéi d’Lynn héieren huet, datt fir Drupi’s eng nei Gérance gesicht gëtt, war hiren Interessi séier erwächt. Zesumme mat hirem Mann an hire Partneren ass Si schonn zënter e puer Joren am Import a Verkaf vu Wäin aktiv. Si waren deemno op der Sich no enger Plaz, wou Si hir Wäiner presentéieren, de Leit nei Entdeckunge méi no bréngen an Degustatiounen organiséiere kéinten.

Den Drupi’s huet dofir direkt gutt gepasst. D’Lokal war schon eng bekannt Adress a konnt op eng trei Clientèle zeréckblécken. Fir d’Lynn war et flott ze gesinn, datt bei der Ouverure direkt vill vertraut Gesiichter erëm do waren.

„Ech fannen et flott, eng Plaz ze iwwerhuelen, déi d’Leit scho gär hunn, dee Geescht bäizebehalen an d’Plaz gläichzäiteg lues a lues weiderzeentwéckelen“, erzielt d’Lynn.

Wäin entdecke, genéissen, an och mathuelen

De Wäin bleift natierlech am Mëttelpunkt vum Drupi’s. D’Auswiel gëtt no an no mat neie Wäiner aus Lëtzebuerg, Frankräich, Spuenien an Italien erweidert. Gläichzäiteg bleiwen och e puer Wäiner am Sortiment, déi bei de Stammclientë besonnesch beléift sinn.

D’Iddi ass, Wäiner fir verschidde Goûten an a verschiddene Präisklassen unzebidden, dobäi steet d’Qualitéit awer ëmmer am Mëttelpunkt.

Fir déi verschidde Wäiner ze entdecken, kann een zu all Moment dräi oder fënnef Wäiner schmaachen. D’Degustatioun gëtt jee no Wonsch zesummegestallt: Crémant, Rosé, roude Wäin oder eng Mëschung aus verschiddene Wäiner. Wann engem e Wäin besonnesch gutt gefält, kann een d’Fläsch natierlech och direkt op der Plaz kafen a mathuelen.

Fir Gruppe besteet d’Méiglechkeet, méi grouss Degustatioune mat Iessen ze reservéieren. Op Wonsch kënnen dës souguer doheem organiséiert ginn – mat de Wäiner, dem Service an den néidegen Erklärungen.

D’Kaart bitt och Alternativen, wéi zum Beispill Prosecco ouni Alkohol oder ouni Zocker.

Och an der Kiche gëtt et Neies

An der Kiche bleiwen e puer vun de beléifte Klassiker op der Kaart: Platen, déi ee kann deelen, Charcuterie, Kéis, kleng Häppercher, Bruschetta a Pinsa. Och fir de séissen Honger gëtt et e puer Desserten.

D’Kaart soll sech awer mat der Zäit weiderentwéckelen. D’Lynn wëll no an no méi Platen ubidden, déi sech un de Joreszäiten an un de Produiten orientéieren, déi grad disponibel sinn. Och fir d’Mëttesiesse sollen an Zukunft méi liicht Platen ugebuede ginn.

Dobäi wëll Si och verschidden Ernärungsgewunnechte berücksichtegen an d’Méiglechkeet bidden, verschidde Platen unzepassen, zum Beispill mat planzlechen Alternativen.

Fein Spezialitéiten aus der Epicerie

D’Epicerie am viischten Deel bitt eng Auswiel u besonnesche Spezialitéiten: italienesch Produiten, speziell Nuddelen a vill aner Leckereien, fir selwer ze genéissen oder engem aneren eng Freed ze maachen.

An engem klenge Beräich fënnt een och déi lescht Fläsche vu verschiddene Serien. Hei lount et sech, e bëssen ze stöberen an dobäi vläicht déi eng oder aner flott Entdeckung ze maachen.

Eng Plaz mat hirem eegene Charakter

Wat d’Lynn am Drupi’s virun allem wëll bäibehalen, ass déi gemittlech Stëmmung, an där sech Stammclienten an nei Gäscht begéinen.

„Ech hunn et gär, wann d’Leit erakommen, een un engem aneren Dësch erkennen, bei déi aner eriwwerginn, sech ënnerhalen an um Enn den Owend zesumme verbréngen.”

Geplangt sinn ënner anerem Afterworks, Brunchen oder „Sip & Paint“ Owender, bei deenen een zesumme moolt an dobäi e Patt drénkt. Drupi’s kann och weiderhi Gruppen empfänken a privat Eventer organiséieren.

Verbonne mat Esch

Esch ass fir d’Lynn keng onbekannt Stad. Si huet hei studéiert, gelieft a fillt sech der Stad bis haut verbonnen. Mam Drupi’s ass si elo nees méi no um Escher Alldag a léieert och d’Geschäfter an d’Leit aus der Noperschaft besser kennen.

Verschidde Saache wäerte sech mat der Zäit änneren, mee de Charakter vum Drupi’s soll erhalen bleiwe. Mat neien Iddien an der Ënnerstëtzung vun enger treier Clientèle geet elo an en neit Kapitel.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom