Escher Adventskalenner : 24 jours, 24 cadeaux locaux
La magie de Noël s’invite à Esch-sur-Alzette ! Du 1er au 24 décembre, la Ville d’Esch, en collaboration avec les commerces locaux, lance la deuxième édition de l’Escher Adventskalenner, le Calendrier de l’Avent de la ville. Au programme : 24 jours, 24 surprises et autant d’occasions de tenter votre chance.
Une nouvelle surprise chaque jour
Cette année, le calendrier de l’Avent se découvre sur un tout nouveau site : advent.esch.lu.
Le principe est simple : chaque jour, une nouvelle case s’ouvre et dévoile un cadeau offert par un commerce ou un partenaire local. Pour participer au tirage au sort, il suffit de cliquer sur la case du jour et de remplir un court formulaire. Le tirage au sort a lieu dès le lendemain pour désigner la personne gagnante.
Attention : chaque cadeau nécessite une nouvelle inscription. Pensez donc à revenir chaque jour pour multiplier vos chances ! Vous pouvez également vous abonner au rappel quotidien par e-mail pour ne manquer aucune surprise.
La participation est réservée aux personnes âgées de 18 ans et plus.
Les commerces eschois à l’honneur
Derrière ces 24 surprises se cachent de nombreux commerces, entreprises et acteur·rices locaux qui ont généreusement contribué à cette deuxième édition. Une belle occasion de découvrir la diversité des commerces d’Esch tout en partageant l’esprit des fêtes.
Prêt·e à tenter votre chance ? Rendez-vous dès le 1er décembre sur advent.esch.lu et découvrez chaque jour ce qui se cache derrière la prochaine case.
Escher Adventskalenner: 24 Deeg, 24 Kaddoe
D’Chrëschtzäit kënnt op Esch-Uelzecht! Vum 1. bis de 24. Dezember organiséiert d’Stad Esch, zesumme mat de lokale Geschäfter, déi zweet Editioun vum Escher Adventskalenner. Dat heescht: 24 Deeg, 24 Iwwerraschungen a vill Geleeënheeten, fir eppes ze gewannen!
All Dag eng nei Iwwerraschung
Dëst Joer fannt dir den Escher Adventskalenner op enger neier Websäit: advent.esch.lu.
D’Iddi ass ganz einfach: All Dag geet eng nei Dier op, hannert där e Kaddo vun engem lokale Geschäft oder Partner op iech waart. Fir matzemaache, musst dir einfach op d’Dier vum Dag klicken an e klenge Formulaire ausfëllen. Den Dag drop gëtt ausgeloust, wien de Kaddo gewënnt.
Opgepasst: Fir all Kaddo musst dir Iech nei umellen. Gitt also all Dag eng Kéier luusen fir ze entdecken, wat fir e Kaddo op Iech waart, a verpasst keng Chance! Dir kënnt Iech och fir eng deeglech E-Mail-Erënnerung umellen, fir all Dag iwwer déi nei Iwwerraschung informéiert ze ginn.
Matmaache kënnen all Persounen ab 18 Joer.
D’Escher Geschäfter am Mëttelpunkt
Hannert dëse 24 Iwwerraschunge stinn eng ganz Rei lokal Geschäfter, Betriber an Acteuren, déi dës zweet Editioun mat hire Kaddoe méiglech maachen.
Eng flott Geleeënheet, fir déi vill verschidde Geschäfter zu Esch z’entdecken an dobäi d’Chrëschtdagsstëmmung ze genéissen.
Loscht matzemaachen? Da kuckt vum 1. Dezember un op advent.esch.lu an entdeckt all Dag eng nei Iwwerraschung hannert enger Dierchen.