Pizza Enzo – E Stéck Umbrien fir mat op de Wee
D‘Gabriella Biagoni huet 1984 am Alter vun nëmmen 21 Joer de Pizza Enzo gegrënnt. Säin Zil war et, richteg traditionell italienesch Pizza op Lëtzebuerg ze bréngen, sou wéi se op ville Plazen an Italien selwer gemaach a giess gëtt – a quadratesche Stécker, net deier a fir mat op de Wee ze huelen. D’Gabriella war domadder déi éischt hei am Land an d’Qualitéit vun de Wueren huet him séier eng trei Clientèle bruecht. Hautdesdaags leed hatt d’Geschäft mat senger Duechter am Zentrum vun Esch, an der Uelzechtstrooss a bitt net nëmme Pizza un.
Dem Gabriella seng Rezepter kommen aus Umbrien, do wou och seng Elteren hierkommen. Him ass et wichteg déi traditionell, italienesch Kiche bäizehalen, an dofir gëtt bei Pizza Enzo alles selwer gemaach. „Mir maachen alles selwer op der Hand, vum frëschen Deeg iwwer d’Zooss bis bei d’Glacen.“ Iwwer d’Joren huet d’Gabriella nämlech d’Offer ausgebaut, sou kritt ee bei him elo nieft der klassescher italienescher Pizza, och Focacce, Nuddelen, Paninis a säit neistem och Glace a Frozen Yoghurt.
D’Gabriella scheit sech net mat der Zäit ze goen, a gläichzäiteg un der Traditioun festzehalen. E Balanceakt deen de Pizza Enzo duerch vill Aarbecht a wéineg Fräizäit meeschtert. „Mir hu säit 30 Joer déi nämmlecht Rezepter an nämmlecht Zoutaten. Dat ass net ëmmer einfach, mee nëmme sou kann ee garantéieren dass d’Qualitéit déi nämmlecht bleift.“
Seng Clientë ginn dem Gabriella och Recht a komme mëttlerweil an der 3. Generatioun bei hatt. Verschiddener déi mëttlerweil net méi an der Géigend wunne komme souguer Pizza op Reserve kafe fir doheem.
Ech wollt vun Ufank un iergendwann an d’Uelzechtstrooss kommen, an hu mir dunn domat en Dram erfëllt.
Déi meescht Clientë kennt d’Gabriella well si ëmmer erëm kommen. Anerer kommen era wann se an der Uelzechtstrooss akafe ginn an e klengen (oder groussen) Honger kréien. 2016 ass de Pizza Enzo nämlech vun der Gare an d’Uelzechtstrooss geplënnert, eng Zäit un déi d’Gabriella sech gären erënnert. „Dat war ee vun de schéinsten Deeg am Pizza Enzo. Ech wollt vun Ufank un iergendwann an d’Uelzechtstrooss kommen, an hu mir dunn domat en Dram erfëllt.“
Am Summer ass d’Terrasse vum Pizza Enzo och e beléiften Treffpunkt vun den Escher. Do kënne si dann zesummen e klenge Snack oder en Aperitif genéissen. Dëse sozialen Aspekt ass dat, wat dem Gabriella am meeschte gefält un senger Aarbecht. „D’Verhältnis zu de Leit, den Austausch mat hinnen ass dat schéinst um Beruff,“ erzielt hatt. Hatt kéint sech als gebueren Escherin och net virstellen anzwousch anescht ze schaffen.
„Esch ass a bleift meng Stad. Hei ass et u sech net anescht wéi op anere Plazen, mee d’Leit an d’Stad leie mir eben am meeschten um Häerz.“