Bâtiment 4 – Zukunft & Kultur

Bâtiment 4 – Zukunft & Kultur
Culture, Esch2022

Am Mee 2020 huet ArcelorMittal der Associatioun frEsch ugebueden hir de Bâtiment 4 ze léinen. Dëst Gebai, dat mëtten an enger Industriebrooch vun Esch läit, soll domat zur Erweiderung vum kulturelle Liewen an domat och der Ëmsetzung vun der kultureller Strategie vun der Stad Esch bäidroen.

Mat engem Espace vun 3000 m2 bannen an 5000 m2 baussen, wäerten déi zukünfteg „Bewunner“  vill Plaz zur Verfügung hu fir hir Iddien ëmzesetzen. De Bâtiment 4 soll nämlech zu engem „tiers lieux culturel“ ginn, wou Kënschtler an Associatiounen déi nach keen definitiven Atelier oder Sëtz hunn, sech kënnen iwwer kuerz oder laang Zäit kënschtleresch a kulturell ausdrécken. D’Raim am Gebai bleiwen dobäi flexibel, sou dass ongeplangte Projeten do kënne mat maximaler Kreativitéit hir Ëmsetzung fannen.

Interview mam Ralph Waltmans

De Ralph Waltmans, kulturelle Koordinator vun der Gemeng Esch, huet eis weider Explikatiounen iwwer dësen neiaartege Projet am Bâtiment 4 ginn:

Am Zentrum vun der sozialer Innovatioun an enger oppener an ënnerstëtzender Approche, bitt de Bâtiment 4 also d’Méiglechkeet fir e kollektivt Experiment zu aktuelle soziale Sujete, wéi zum Beispill de Klimawandel oder och Sozial-, Gesondheets- oder Wirtschaftskrisen. Et geet also em de kënschtlereschen Ausdrock an e kulturellt Experiment fir all Kulturen an Identitéiten, wou och d’Visiteure kënnen zu all Zäit laanschtkommen a bei diverse Projete souguer kënne matmaachen.

Et gëtt vill ze kucken zu Esch

De Bâtiment 4 ass ganz flexibel, dofir ass et méiglech vill grouss Renovatiounsaarbechten ze vermeiden an de Kënschtler selwer d‘Upassungen ze iwwerloossen an esou och schonn Enn 2020 d’Dieren opzemaachen. Nieft de Kënschtler an den Associatiounen, déi konstant wiesselen, wäerten och e puer Groupementer an Organisatiounen eng fest Plaz am B4 hunn: Hariko, e Projet vum roude Kräiz, Independent Little Lies, Cueva, Transition Minett an de Service National de la Jeunesse. Am Hibléck op Esch2022 an zesumme mat villen anere Projeten, wéi zum Beispill dem Bridderhaus, eng nei Kënschtlerresidenz an der Rue Léon Metz, oder dem Espace Lavandier um Boulevard Prince Henri, wäert et also demnächst zu Esch vill ze kucke ginn.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom