Hotel Acacia – Leidenschaft, Erfarung an Diskretioun

Hotel Acacia – Leidenschaft, Erfarung an Diskretioun
Découvrir

Eng Plaz am Wandel

Jorelaang war den Acacia zu Esch net nëmmen als Hotel bekannt, mee hire Restaurant war och eng beléiften Adress fir d’Frënn vum kulinaresche Genoss. De Serge Rihm, dee sech säit 1980 als Proprietär a Restaurateur ëm den Acacia këmmert, ass awer am November 2020 a seng wuelverdéngte Pensioun gaangen. Domadder ass dunn de Restaurant ee fir allemol zougaangen, och wann se nach heiansdo e puer Plats-à-emporter ubidden.

Säitdeem ass den Acacia e rengen Hotel, ouni Restaurant wou just d’Gäscht sech nach kënne moies op engem klénge Buffet stäerken ier den Dag lass geet. „Béides, de Restaurant an den Hotel an der Pensioun weiderzeféiere wier e bësse vill gewiescht, deemno këmmeren ech mech elo just nach ëm den Hotel“, erkläert de Serge. Dass hien sech schwéier gedoen huet de Restaurant no sou ville Joren zouzemaachen, dat verschweigt hien awer och net. „Liicht war et net, trotz der Pandemie déi zoufälleg dat nämmlecht Joer ugefaangen huet. Mee et war de richtege Schrëtt.“

Op Besuch am Süden

Fokusséiert op eng Business Clientèle, schafft jidderee mat vill Passioun hannert de Kulissen, fir dass all Gaascht sech wuel fillt. „Et war mir ëmmer eng Freed mech em eis Gäscht ze këmmeren, fir si do ze sinn an hinnen e Pleséier ze maachen. Dat war deemools an der Kiche genau sou wéi elo an der Organisatioun vum Hotel.“ D’Satisfaktioun déi en zefriddene Client oder Gaascht mat sech bréngt huet de Serge dann och iwwer méi wéi 40 Joer motivéiert.

Hautdesdaags ass de gréissten Deel vun de Gäscht aus beruffleche Grënn zu Besuch. „Déi eng schaffe fir grouss Firmen am Süde, déi aner sinn op Besuch bei Institutioune wéi der Rockhal oder der Kufa oder der Uni Lëtzebuerg zum Beispill. Et gi vill Plazen hei am Süde vum Land déi eng Business Clientèle unzéien. Eis Lag, d’Proximitéit zum Stadkär ass dobäi e Bonus.“ Sou kënnen d’Gäscht no der Aarbecht ze Fouss zu Esch op Entdeckungstour goen.

Zu Esch doheem

Iwwer déi vill Joren, huet de Serge vill mat de kulturellen Institutiounen zu Esch zesummegeschafft an och deen een oder anere Filmstar kennegeléiert. Wie genau dat war, hält hien awer fir sech. „Diskretioun ass an eisem Beruff immens wichteg“, schmunzelt hien. Wéi laang de Serge nach weider am Hotel schafft, weess hien net. Him gefält et op allefalls als „adoptéierten Escher“ hei ganz gutt. „D’Escher si sympathesch an direkt Leit. Ech hunn all déi Joren ëmmer gutt mat hinnen zesummegeschafft, och wann sech am Laf vun der Zäit, net nëmmen Esch, mee och den Hoteliersberuff vill verännert huet.“

Bei all senger Erfarung, kuckt de Serge awer net nëmmen an d’Vergaangenheet: „Et spiert een dass sech zu Esch eppes deet an de leschte Joren, an Esch2022 ass eng fantastesch Geleeënheet déi kulturell Offer auszebauen an den Tourismus zu Esch unzedreiwen.“ Am Acacia fannen déi zukünfteg Touristen dann och e gemittlecht Bett fir sech auszerouen an en Hotelier dee si mat vill Leidenschaft, Erfarung an Diskretioun empfänkt.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom