Namur Esch – Vu schwaarze Spëtzten a Genoss wéi fréier

Namur Esch – Vu schwaarze Spëtzten a Genoss wéi fréier
Shopping, Gastronomie

Déi Verantwortlech vun der Firma Namur feieren eng laang Traditioun am ganze Land an och 2022 ass „de Namur“, wéi en allgemeng genannt gëtt, nach e Familljebetrib. D’Anne Nickels geréiert d’Firma zesumme mat hirem Brudder, am Numm vun hirem Papp. „Mär deelen eis d’Aufgaben e bëssen op. Mäi Brudder këmmert sech méi em d’Produktioun, an ech méi ëm den administrativen Deel“, seet d‘Anne.

Traditioun, grouss geschriwwen

Beim Namur gëtt vill Wäert op Traditioun geluecht, verschidde Rezepter si bal honnert Joer al. „Vill vun eise Rezepter hunn sech iwwer laang Zäit bewäert a ginn op eng klassesch Aart a Weis preparéiert. Et kënnt alles aus eisem Atelier, gëtt op der Hand gemaach an ëmmer mat de beschten Ingrediente verschafft“, erkläert d’Anne. De Bamkuch zum Beispill gëtt genau wéi fréier um oppene Feier gemaach an huet doduerch nach ëmmer seng klassesch, schwaarz Spëtzten.

Och vill Bestanddeeler wéi Marzipan, Praliné, Bliederdeeg, Gebeess, Nougat, a sou weider, gi beim Namur selwer gemaach.

Mat der Zäit goen

Fir déi Responsabel vum Namur ass et awer och wichteg ëmmer mat der Zäit ze goen. „Traditioun huet net nëmme Virdeeler, mee ka Seegen a Fluch zugläich sinn. D’Iess- a Kaffiskultur huet sech vill verännert a jonk Leit wëssen déi al Rezepter och net ëmmer ze schätzen“, erzielt d’Anne. Deemno ginn et beim Namur och ëmmer erëm nei Schneekereien ze entdecken. Trotzdeem mierkt e Betrib mat esou enger laanger Geschicht natierlech Ënnerscheeder zu fréier.

„Hautdesdaags hunn d’Leit och einfach keng Zäit an der Woch e Kaffi drénken ze goen an e Stéck Kuch z’iessen. D’Leit musse schaffen an all d’Aktivitéit verlagert sech op de Weekend.“

Am Wandel vun der Zäit

D’Kaffiskultur ass och net déi eenzeg déi sech verännert huet, d’Leit ginn och anescht akafen. „Wéi ech e Kand war, sinn ech oft mat menger Mamm op Esch akafe komm. Dat war e richtegen Ausfluch fir eis“, erënnert sech d’Anne. Dofir war et fir d’Firma och wichteg sech an den 1980er zu Esch ze etabléieren. Och haut nach ass Esch déi zweetgréisste Stad am Land, mat engem grousse Zilpublikum.

Als éischt hat de Namur deemools seng Plaz an der aler Pâtisserie Geisen fonnt an ass dunn an den 1990er op seng heiteg Plaz an der Uelzechtstrooss geplënnert.

Eng staark Ekipp

Fir dass d’Leit sech am Namur zu Esch och wuel fillen gi si och meeschtens vun der nämmlechter Ekipp vu fënnef Leit am Namur zu Esch betreit. „D’Personal bleift gréisstendeels iwwer länger Zäit am nämmlechte Geschäft, ausser wann emol ee bei eis fortgeet. Wann d’Leit an de Buttek kommen, solle si déi Verkeefer(innen) erëmgesinn déi se kennen. Dat ass méi perséinlech a flott fir d’Clientèle.“

Sou kënne si da ganz gemittlech e Stéck Mont Blanc mat engem Kaffi, e Schocki fir déi Erwuessen oder eng Bouchée à la Reine genéissen, wéi fréier.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom